E Sonndeg sinn d'Lëtzebuerger bei der Cyclocrossweltmeeschterschaft zu Tabor an Tschechien am Asaz.

E Samschdeg hat d'Delegatioun nach eemol Zäit, fir alles virzebereeden a sech op e Sonndeg ze konzentréieren.

Nodeems een e Freideg nach d'Reconnaissance vum Parcours gemaach hat, war et e Samschdeg e bësse méi e rouegen Dag fir d'Sportler an hire Staf. Lassgaangen ass et um 10.30 Auer mat engem liichten Training op der Strooss. Den Nationaltrainer Jempy Drucker an den Directeur Technique vun der Federatioun Christian Helmig hu sech et net huele gelooss, fir hir Sportler um Vëlo ze begleeden. Ronn 35 Kilometer iwwer verkéiersfräi Stroosse stoungen um Programm.

Géint Mëtteg ware se erëm beim Hotel ukomm an no engem gudde Mëttegiesse stoung raschten um Programm. Dat léisst sech am Beschte maache mat enger gudder Massage. Beim Hervé dem Masseur waren d'Sportler gutt opgehuewen a konnte sou nach eemol entspanen. Donieft war awer och Zäit, fir sech d'Coursse vum Dag vun e Samschdeg unzekucken a sech nach eemol en Androck vum Parcours ze maachen an dee schéngt nach eemol e gutt Stéck méi lues a schwéier ginn ze sinn. D'Temperaturen sinn nämlech an d'Luucht gaangen an de Buedem entdeet lues a lues, wat mat sech bréngt, datt den Terrain méi déif ginn ass.

Zu Tabor wäert och e Sonndeg fir déi néideg Ënnerstëtzung fir d'Lëtzebuerger gesuergt sinn. Eng ganz Rei Supporter hu sech op de Wee gemaach an um Samschdeg ware scho Fändele mam Roude Léif laanscht d‘Streck ze gesinn.

E Sonndeg de Moien um 11.05 Auer sinn d'Juniore gefuerdert. Fir Lëtzebuerg ginn de Lëtzebuerger Champion Rick Meylender, de Yannis Lang an de Jonah Flammang un den Depart. Um 12.35 Auer ass et dann un den U23-Damme mam Marie Schreiber, déi Chancen op eng Medail huet, a Liv Wenzel. Dës Course kënnt Dir live op RTL kucken. An zum Schluss ginn um 14.35 Auer d'Elite-Hären op de Circuit geschéckt.