
Koppelen, déi brutal zesummen agespaart sinn a sech zanter Wochen net méi aus de Féiss kommen, Singelen déi aarmséileg a ganz eleng doheem setzen... Egal zu wéi enger Kategorie der gehéiert, hei sinn eng Rei Serien, déi ee ka kucken, fir erëm e bësse Romantik a säi Liewen ze bréngen.
„Coisa Mais Linda“ spillt 1958 an weist Malu, eng jonk Fra vu São Paolo, déi hire klénge Bouf bei de räichen Elteren léist, fir op Rio de Janeiro ze goen, wou se mat hirem Mann soll e Restaurant opmaachen. Wéi se ukënnt, fënnt se eraus, datt hire Mann se verlooss huet, an d’Suen, déi fir de Restaurant geduecht waren, matgeholl huet.
Well et sech schummt, heem ze goen, decidéiert d’Malu de Restaurant eleng op d’Been ze stellen. Obwuel et am Ufank Schwieregkeeten huet, kritt et séier Kontakter an de bessere Kreesser vun Rio a léiert do den Chico kennen, e jonke Museker, deen am Begrëff ass, eng international Karriär ze maachen mat engem neien Museksstil, dem Bossa Nova.
An “Most Beautiful Thing” geet et nieft der Libesgeschicht mam Chico haaptsächlech em d’Malu an d’Schwieregkeeten, déi si muss iwwerwannen, f vir hiren Dram z’erfëllen. Dobäi gëtt d’Musek vum Bossa Nova deem ganzen eng onbeschwéiert Atmosphär, bei där ee seng eegen romantesch Problemer vergiesse léist.
Most Beautiful Thing kann een op Netflix kucken.
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op NetflixDeel 5: The Americans (Netflix an Amazon)
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix