Wann een iwwer d'Lëtzebuerger DJ-Kultur schwätzt, féiert praktesch kee Wee méi laanscht de Sami Dilla.

Schonn als klengt Kand war de Sami déi ganzen Zäit vu Musek ëmginn, vue dass seng Elteren immens vill Musek gelauschtert hunn. Zu där Zäit huet hien och geléiert Piano spillen, huet sech allgemeng awer méi fir d'Hip Hop-Zeen interesséiert.

"Ech wollt ëmmer rappen, mä schlussendlech hunn ech House an Techno gemaach, well e Kolleeg vu mir deemools, wou mir 14 waren, ugefaangen huet mat DJen an hien huet mech praktesch forcéiert, mat him ze DJen an ech si frou, dass hien dat gemaach huet", laacht de Sami.

Dee Kolleeg DJd an der Tëschenzäit zwar net méi, mä de Sami ass zanterhier net méi vum Mëschpult fortkomm. Mat 18 ass hien op London geplënnert an ass do richteg an déi ganz "Underground"-Zeen agedaucht. Wärend senger Zäit zu New York ass seng Passioun fir d'Evenementiellt dunn nach bäikomm.

RTL

© Sami Dilla

"Ech si vill zu Brooklyn erausgaangen, wéi ech op New York geplënnert sinn a si hu vill Eventer an esou Lageren an der Industriezon organiséiert, wat mech faszinéiert huet."

Dës Experienz huet dem Sami dunn d'Iddi ginn, fir och hei zu Lëtzebuerg änlech Eventer z'organiséieren. Ugefaangen huet et mat de sougenannte "Secret Roots"-Partien 2014. Organiséiert huet hie se op ongewéinleche Plazen, ewéi am Bësch, ënner Autobunnen oder verloosse Gebaier.

DJ Serie - Sami Dilla

"Déi éischt Party hu mir bannent enger Woch organiséiert", erënnert de Sami sech. "Dat war net sou einfach, well vill Clubben hei zu Lëtzebuerg net vill Support fir eise Genre vu Musek weisen, well et immens 'underground' ass, mä dat ass awer um changéieren. Ëmmer méi Leit, virun allem Jonker, interesséiere sech fir eis Musek an dat hëlleft immens."

RTL

© Sami Dilla

2017 ass hie Resident-DJ beim sougenannte "Point Collective" zu London ginn an e knappt Joer drop huet hien de Kollektiv ganz iwwerholl. Zanterhier organiséiert hien och do reegelméisseg Partien, déi an déi nämmlecht Richtung ginn, wéi d'"Secret Roots" hei zu Lëtzebuerg. Den Ament schaffe si och dorunner, e Musek-Label ze lancéieren, deen am Laf vum nächste Joer soll ulafen an Deel vum Kollektiv sinn.

Des Weidere wëll de Sami sech a Zukunft och méi hannert d'Produzéiere vun eegenen Tracks setzen, well, obschonns hien zanter gutt 7 Joer reegelméisseg Beats mécht, huet hien nach kee Lidd offiziell erausbruecht. Dat soll sech iwwer déi nächst zwee Joer änneren.

Wéini et genau sou wäit ass a méi aktuell Informatiounen zum Sami Dilla fënnt een op senge sozialen Netzwierker.