"Ech denken, dass et eng Basis gëtt fir zesummenzeschaffen"

Am Interview: Den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger ass zanter Mäerz och President vum Verwaltungsrot vum Mudam.
De Jean-Paul Olinger wëll d'Rolle vun de Leit definéieren an d'Strukturen am Musée klären an hofft, d'Situatioun duerch Aarbechtsgruppen ze verbesseren.
"Mir hunn direkt reagéiert. Et komme lo Aarbechtsgruppen an ech sinn zouversiichtlech, datt mer dat hikréien." Esou reagéiert de President vum Mudam-Verwaltungsrot Jean-Paul Olinger op d’Problemer am Konschtmusée.
Dës Woch hat RTL aus engem Audit zitéiert, dee gréisser intern Problemer am Mudam confirméiert. Ënnert anerem bei der Gouvernance géif et Schwieregkeete ginn an déi misst dréngend "fundamental" iwwerschafft ginn.
De Jean-Paul Olinger huet eréischt de 14. Mäerz als neie President vum Verwaltungsrot ugefaangen, nodeems de Patrick Majerus den 21. Januar mat "effet immédiat" op deem Posten demissionéiert hat. Am Juli 2024 hat de Patrick Majerus an engem laange Schreiwes un de Ministère op intern Problemer am Musée opmierksam gemaach. Den Audit, deen doropshi vun der externer Beroderfirma Qualia duerchgefouert gouf, huet dës confirméiert.
"E kontinuéierleche Prozess"
De Jean-Paul Olinger nennt den Audit eng "Bestandsopnam", déi kee finaalt Dokument ass a wou nach dru geschafft gëtt. Dat Ganzt wier "e kontinuéierleche Prozess". Et wär och keng Bestandsopnam vun haut, mee vum leschten Hierscht, betount hien. Am Januar wier mat Delegatioune vum Mudam-Personal driwwer geschwat ginn.
An zanterdeem wär reagéiert ginn. Hien hätt versicht, sech en eegent Bild ze maachen. Hien hätt d’Ekippen an de Management gesinn a Gespréicher gefouert. Et hätt een eng ganz gutt Ekipp, 55 Leit schaffen am Mudam. D’Mataarbechter wären all motivéiert, fir do ze schaffen. An do, wou de Schong dréckt, wéilt ee reagéieren. "Ech denken, dass et eng Basis gëtt fir zesummenzeschaffen, an ech sinn zouversiichtlech, dass mer dat hikréien", seet de Mudam-Verwaltungsrotspresident.
Seng Zouversiicht erkläert den neie President mat deem Gefill, dat en no Gespréicher am Verwaltungsrot, awer och mat den Ekippen an der Personaldelegatioun hat. D'Leit wieren an den Diskussiounen emotional involvéiert, "well d'Mataarbechter si ganz engagéiert fir de Mudam a wëllen och eng Léisung fannen. An dowéinst sinn ech zouversiichtlech, dass mer dat hikréien."
Am spéiden Hierscht wëll een nees an déi zoustänneg Chamberkommissioun goen, fir do Rapport ze maachen, wou de Mudam steet.
Aarbechtsgruppe solle Pisten opweisen
Zanter der Bestandsopnam wier de Verwaltungsrot e puer Mol beieneekomm, seet de Jean-Paul Olinger: "Mir hunn do zesummen decidéiert, dass mer Aarbechtsgruppen en place setzen, wou mer verschidden Thematiken uschwätzen, wou dann zwëschent dem Verwaltungsrot, der Direktioun a Membere vun den Ekippen, déi fir déi jeeweileg Ressorten zoustänneg sinn, kënne Pisten ausgeschafft ginn, datt mer duerno da kënne besser weiderfueren." Déi Aarbechtsgruppe géifen elo ufänken, den 1. Aarbechtsgrupp wier den 19. Mee geplangt.

De Mudam: Aktuell suergt de Konschtmusée méi mat Ausernanersetzunge wéi mat Ausstellunge fir Opmierksamkeet.
Op d'Gouvernance-Problemer ugeschwat, gesäit den neie President kloer de Verwaltungsrot an der Verantwortung: "Do wäerte mer dann och ganz zäitno zesummen déi Rollen a Strukture clarifiéieren an duerno op enger méi roueger, gesonder Basis weiderfueren."
Eng Suerg ass och, datt wéinst den interne Problemer de Musée selwer drënner leit. "Eis Zuele si gutt, d’Ausstellunge gutt besicht a pünktlech. D’Artiste sinn zefridden an d’Mäzeenen, déi dem Mudam Konscht zur Verfügung stellen oder schenken, maachen dat weider gär", ënnersträicht de Jean-Paul Olinger.
De Mudam hätt nach ëmmer seng gutt Renommée no baussen an déi wéilt een natierlech och erhalen.
RTL hat iwweregens op en Neits en Interview mat der Mudam-Direktesch Bettina Steinbrügge ugefrot, dat wier den Ament awer net méiglech, housch et vun der Attachée de presse.

Trotz den Erausfuerderunge weider zouversiichtlech: de Jean-Paul Olinger am RTL-Interview beim Carine Lemmer.