
Fir op d’mannst zwee wichteg Modeller an der VW-Gamm stoung eng Ofléisung um Programm.
Bestseller
Fir säi 50. Gebuertsdag gouf de Golf opgefrëscht. Déi 8. Generatioun vum kompakten Evergreen kritt e moderniséierten Design, optiméiert Commanden bannenan a verbesserte Confort. Antëscht huet den Tiguan de Golf iwwerholl, wann et em d’Popularitéit geet. Deementspriechend héich war den Drock, fir bei der drëtter Generatioun nees e Volltreffer ze landen. Den neie Kompakt-SUV ass mat villen neie Features ze kréien, wéi d’Matrix-LED-Luuchten oder den Infotainment, deen elo och ChatGPT kann. Mee virum SUV war eigentlech ëmmer de grousse Kombi gefrot, wann ee Plaz a Confort gebraucht huet. An dovunner huet een am neie Passat immens vill: Beefräiheet wéi an der Luxusklass a 690 LiterMall, dat ganzt nach mat engem besseren cW-Wäert vun 0,25.
Elektro-Kombi
Goufen et der nach virun enger Zäit net esou vill, lancéieren d’Marken an der Lescht ëmmer méi Kombi-Modeller mat Elektro-Undriw. Esou och den ID.7 Tourer. Maximal 1714 Liter passen eran, d’Mall aleng packt mat 605 Liter knapp 90 manner wéi ee Passat. Awer net nëmmen d’Gepäck, och d’Passagéier, zemools an der zweeter Rei, kënne sech iwwer extreem vill Plaz freeën. A propos Plaz, déi bitt och deen neien ID.Buzz mat laangem Radstand. 7 Persounen a vill Gepäck kommen esou am E-Van ënner Daach.
De leschte “Rengrassegen”
Antëscht ass et bekannt; VW schafft bei den Utilitaire méi enk mat Ford zesummen. Wärend déi nächst Generatioun am Fong kee “wäschechte” VW méi wärt sinn, start den aktuellen New California nach emol op der bewäerter Plattform mat elo serieméisseg 2 Schibedieren, Klappdaach an optionalem Hybrid-Undriw.
De Volkswagen California am RTL Autotest
De Volkswagen ID.7 am RTL Autotest
De Volkswagen Passat am RTL Autotest
De Volkswagen Touareg R am RTL Autotest