Weltwäit hu sech d’Konspiratiounstheorie ronderëm de Coronavirus an de leschte Méint verbreet. “Infodemie” nennt d’Weltgesondheetsorganisatioun mëttlerweil dee beonrouegende Phenomen, dee parallel zu der Pandemie entstanen ass. Wëssenschaftlech Fakte ginn deels bewosst ignoréiert an hirersäits vu Konspiratiounstheoretiker als “Falschinformatiounen” oder “fake news” ofgestempelt. Besonnesch a Moud ass deen Trend an der Kaukasus-Natioun Armenien, wou ëmmer méi Leit der systematescher “intox” kaum nach kënne widderstoen.
D’Marina Khatchatryan ass iwwerzeegt, dass de Coronavirus e Komplott ass vum Staat, a si ass bei wäitem net déi eenzeg. Den Ament huet si keen Aarbechtskontrakt, mä déi Madamm ass vu Formatioun Chirurgin. Si deelt hir perséinlech sanitär-wëssenschaftlech Iwwerzeegungen op hirer Facebook-Säit an huet der 5.000 hannendrun, déi hir gleewen, well si et net besser wëssen.
Marina KHATCHATRYAN – Chirurgin am Chômage: Ech gleewe net un d’Existenz vun där Coronavirus-Pandemie, well et zirkuléieren, international an och an Armenien, vill falsch Informatiounen. Ech ginn och dovun aus, dass d’Zuel vu Kranken an Doudegen a Wierklechkeet guer net esou héich ass.
Déi wierklech Krankheet an Armenien ass net COVID-19, mä d’Mësstraue vun engem schlecht oder falsch informéierte Vollek.
An där klenger Kaukasus-Natioun vu ronn 3 Milliounen Awunner lafen iwwer 10.000 nogewisen aktiv Infizéierter ronderëm an et kommen der am Schnëtt 500 all Dag dobäi. An der Ëffentlechkeet gëtt et awer einfach net gegleeft.
Nikol PASHINYAN – armenesche Premier: Wa mir deene Rumeuren en Enn setze wëllen, gi se nawell weider. Mir géife falsch Chiffre verëffentlechen, heescht et, fir international Hëllef ze kréien a fir d’Schold nogelooss ze kréien. Déi absurd Commentaire verbreede sech einfach weider.
Samvel MARTIROSYAN – Informatiker: Déi Behaaptunge ginn iwwert d’sozial Medie verbreet: een erzielt e Märchen an da si Leit, déi wëlle bekannt ginn, déi et kopéieren an ëmmer weider deelen.
De 4. Mee schonn huet d’Regierung an Armenien missen de Confinement ophiewen. Et hat een deemools 39 Doudesaffer an et huet keen d’Virschrëfte méi eescht geholl. Duerno ass d’Pandemie explodéiert: keng zwou Wochen drop war een op bal 300 Doudesaffer.
Marina KHATCHATRYAN: Ech menge mam Confinement an de Maske wollt een de Leit just Angscht maachen. An da géife se och fräiwëlleg e Vaccin acceptéieren, wéi onse Gesondheetssystem et gären hätt.
Samvel MARTIROSYAN: Dir gesitt och elo Leit, déi si géint déi PCR-Tester a si soen do, kritt een en elektroneschen Chip agesat, fir duerno kontrolléiert oder iwwerwaacht kënnen ze ginn. D’Leit si mat Märercher beschäftegt. Grad wéi mam 5G. Dat gëtt et guer net an Armenien, mä jidderee kämpft dogéint.

Serie Verschwörung (5): Wat wësse mir iwwert de Virus? Serie Verschwörung (4): Verschwörungstheorië suerge fir Attacken op 5G-Masten Serie Verschwörung (3): Wëll Theorien a Fakten iwwer Impfstoff-Entwécklung fir Sars-CoV-2 Serie Verschwörung (2): Mëssverstoen, Fake News oder geziilt Ierféieren?Serie Verschwörung (1): Coronavirus scho bei Militär-WM 2019 zu Wuhan ausgebrach?