An eiser Serie iwwert d'CNS stelle mir eis dës Kéier d'Fro, wat ee mécht, wann een am Ausland krank gëtt.

Wann et noutwenneg ass, soll ee sech jiddefalls op der Plaz traitéiere loossen, heiansdo geet et jo och guer net anescht. Ma Demarchë fir de Remboursement an d'Difficultéit sinn hei ganz verschidden.

AUDIO: Serie CNS (23. Deel) - Krank am Ausland

Wann een duerch den Espace économique européen oder der Schwäiz reest, muss een einfach just seng Matricule-Kaart mat dobäi hunn. Wann een dann esou eng Käertchen huet, dann kann ee sech am Fall vun enger Urgence Zougang zu de medezinesche Leeschtungen an deem jeeweilegen Land verschafen, sou de Gaston Fischer, Assistant Projet bei der CNS. Wann een zum Beispill an engem Land ass wou d'Medezin gratis ass, dann ass déi och gratis fir den Assuré vun Lëtzebuerg.

Wann een d'Rechnungen awer muss bezuelen, da kann een déi néideg Demarchë schonn op der Plaz maachen, andeems ee sech do rembourséiere léisst. Oder et hëlt een d'Rechnungen nees mat op Lëtzebuerg fir se hei nom auslänneschen Tarif zeréck bezuelt ze kréien.

Lëtzebuerg huet e bilateraalt Ofkommes mat verschidde Länner fir de Fall, datt et eng Kéier méi wäit sollt an d'Vakanz goen. Hei mat dobäi sinn de Cap Vert, Bosnien-Herzegowina, Mazedonien, Marokko, Montenegro, Serbien, Tunesien an d'Tierkei. Hei gëllt entweder e spezifescht Dokument, wat een op der Lëtzebuerger Keess muss ufroen, oder awer och d'Versécherungskäertchen. Wat een elo an ewéi engem Land muss hunn - do huet ee besser et freet ee selwer op senger Keess no. Oder et kuckt een um Site vun der CNS no.

Ma och hei gëllt, datt een no de Konditioune vun dem jeeweilege Land finanziell ënnerstëtzt gëtt. Et muss ee sech awer direkt op der Plaz rembourséiere loossen, well d'CNS dës Demarchen hei net kann iwwerhuelen.

Wann ee sech muss urgent an engem Land behandele loosse mat deem Lëtzebuerg keen Ofkommes huet, da kann ee sech nëmmen zu Lëtzebuerg mat Lëtzebuergescher Gesetzgebung rembourséiere loossen. An dofir musst een d'Rechnunge bezuelen an et muss een dofir suergen, datt déi Rechnungen entweder op Däitsch, Franséisch oder Englesch libelléiert sinn. Wa méiglech soll op dësen och e Kloertext dropstoen, mam Detail wat gemaach ginn ass, a keng codéiert Tariffer déi nëmmen an deem Land gülteg sinn.

Grondsätzlech recommandéiert d'Gesondheetskeess ëmmer, fir all Vakanz, egal a wéi engem Land, eng Zousazversécherung. Zemools awer bei net-konventionéierte Länner ass et ganz intressant sou eng Versécherung ze hunn, well d'Ënnerscheeder an den Tariffer ganz grouss kënne sinn.