D'Partei huet sech dobausse bloussgestallt

Iwwert eng programmatesch Neiausriichtung vun der Partei, déi duerch d'Coronakris néideg géif ginn, misst emol fir d'éischt intern diskutéiert ginn.
"Verréckte Welt. Am Lëtzebuerger Wort gëtt meng Demissioun gefuerdert, well ech mech un d'Kathoulesch Sozialléier halen. An un de Grondsazprogramm vu menger Partei." Mat deene Wierder reagéiert den CSV President Frank Engel op déi massiv Kriticken u senger Persoun, no sengem Cavalier seul vun e Freiden.
Frank Engel op Facebook
De Frank Engel hat sech jo op RTL fir eng Verméigenssteier respektiv fir eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ausgeschwat. Eppes wat an der Partei net gutt ukoum. Zum engen, well d'CSV sech an hirem Walprogramm vun 2018 kloer géint d'Verméigenssteier fir Privatpersounen an d'Ierfschaftssteier an direkter Linn positionéiert hat, zum aneren awer och, well de Frank Engel, seng Ausso, zu kengem Ament mat der Partei ofgeschwat hat. E Rappel à l'ordre kënnt dofir, ënnert anerem, vun der CSJ. D'Chrëschtlech sozial Jugend huet en internt Schreiwes erausginn, dat RTL awer och virläit.
D'Schreiwes ass un de Parteipresident adresséiert an un d'CSV Deputéiert. Den Nationalcomité vun der CSJ hält dodra fest, datt d'Partei sech an de leschten Deeg dobausse bloussgestallt hätt an hirer Reputatioun geschuet hätt.
Et wéilt een net a Fro stellen, datt een als President vun der gréisster Partei am Land en Debat ka lancéieren, mä et kéint net sinn, datt de Parteipresident vun der CSV, deen am Numm vun der Partei géif schwätzen, dat mécht ouni datt et virdrun eng Consultatioun mat de relevanten internen Parteiorganer gouf. Déi chrëschtlech sozial Jugend ënnersträicht, datt et hei ëm eng kloer, sensibel a wichteg CSV-Positioun geet, déi de President Frank Engel an Eegeregie iwwert de Koup gehäit an nei deklinéiert hätt.
Iwwert eng programmatesch Neiausriichtung vun der Partei, déi duerch d'Coronakris néideg géif ginn, misst emol fir d'éischt intern diskutéiert ginn, éier een an d'Press geet.
Et kéint net sinn, datt de Parteipresident an der Presse eppes géif soen an déi gewielte Vertrieder de Contraire géingen argumentéieren. Dat zerstéiert d'Credibilitéit vun der Partei, schäerft kee Profil a gewënnt keng Wal, esou d'CSJ an hirem interne Schreiwes an deem si och eng besser intern Kommunikatioun an Zesummenaarbecht fuerdert.
Den Nationalcomité vun der Jugendorganisatioun hofft donieft op e Leadership, dee loscht géif maachen zesummen un engem Strang ze zéien.
Op Nofro vun RTL sot den Alex Donnersbach, de President vun der CSJ hie géif dat Schreiwes net an der Ëffentlechkeet kommentéieren, schliisslech géif een doranner eng Parteiintern Diskussioun fuerderen.
Objet:Message vum CSJ Nationalcomité
Un eise Parteipresident,
Un eis Deputéiert,
Mat Erstaunen a mat Onverständnes hunn mir déi läscht Deeg missen an der Press verfollegen, wéi eis Partei sech dobausse bloussgestalt huet an d’Reputatioun vun eiser Partei geschiedegt gouf.
Mir stellen net a Fro, datt een als President vun der gréisster Partei hei am Land en Debat lancéieren kann, besonnesch um wichtegen Theema, wéi mer eng méi gerecht Gesellschaft kënnen hirstellen, a Räichtum fair besteieren kënnen.
Mee et kann awer net sinn, datt de Parteipresident vun der CSV, deen usech am Numm vun der Partei schwätzt, ouni iegendeng Konsultatioun mat de relevanten internen Organer eng kloer, sensibel a wichteg CSV Positioun an Eegeregie op Reporter.lu an RTL iwwer de Koup geheit a nei deklinéiert.
Eng noutwendeg programmtesch Neiausriichtung vun der Partei bedengt duerch Konsequenzen vun der Corona-Kris gehéiert fir d’éischt eemol diskutéiert - mat eise Memberen an eise Gremien - éier datt se der Press virgestalt gëtt.
Et kann nämlech net sinn, datt mir Presseartikelen hunn, an deenen den Parteipresident eppes seet, an eis gewielte Vertrieder de Contraire argumentéieren. Dëst zerstéiert eis Kredibilitéit als Partei, schäerft kee Profil a gewënnt keng Wal.
Fir eis kann an däerf esou eppes net virkommen. Et ass fir eis och kloer, datt dës Situatioun d’Resultat vun enger schlechter interner Kommunikatioun a Collaboratioun ass, déi dréngend verbessert musse ginn.
Mir erhoffen eis endlech e Leadership ze gesinn, dee Loscht mécht, zesummen un engem Strang ze zéien. Mir wëllen eis als Jugendorganisatioun vun der CSVvoll abrénge kënnen an hëllefen, d'Zukunft vum Land positiv ze gestalten.
Mat de beschte Gréiss,
Alex Donnersbach, CSJ Nationalpresident a Gemengerot Walfer
Basile Dell, CSJ Generelsekretär
Martine Kemp, CSJ Schüler a Studenten Presidentin a CSJ Vizepresidentin
Luc Theisen, CSJ Generalsekretär-ajdoint a Gemengerot Esch
Françoise Kemp, CSJ Trésorière