Op Nofro vu Medien hin huet de Logementsministère eng Lëscht vum Observatoire de l’Habitat publizéiere gelooss.

Un der Spëtzt si Proprietären, déi méi ewéi 50 Hektar Bauland hunn. Op éischter Plaz ass et Arend a Fischbach vum Nico Arend a vum verstuerwene Carlo Fischbach. Op de Plazen 2 bis 5 kommen d'Stad Lëtzebuerg, de Fonds du Logement, de Staat an dann de Groupe Giorgetti vun der Famill mam selwechte Numm.

© Ministère du Logement / Screenshot

Hannendru komme mat 25 bis 50 Hektar de Fonds Kirchberg, d'SNHBM, Tracol Immobilier vun de Cousine Marco Sgreccia a Fabio Marochi, Stugalux vum Jos Bourg a Promobe vun der Famill Becca.

© Ministère du Logement / Screenshot

Aus enger Rei Publikatioune vum Observatoire de l'habitat an dem Liser an deene leschte Jore geet eng staark Konzentratioun vum Bauland ervir. De Staat, ëffentlech Gesellschaften a Gemengen hätten eng 13,5% vun den Zonen, wou Logement ka gebaut ginn, iwwerdeems 55% an den Hänn vu private Persounen ass an 21% an den Hänn vu private Gesellschaften.

Iwwerdeems d'Land wéinst dem Manktem u Wunnengen zanter Joren, wann net Joerzéngten, an enger Logementskris ass, ginn d'Acteuren een deem aneren d'Schold. D'privat Groussbesëtzer a Promoteure wiere sech géint d'Virwërf, se géingen Terraine bewosst zeréckhalen, fir datt se méi Wäert kréien a maache Prozedure verantwortlech fir déi laang Zäit, déi ee brauch, fir eppes ze bauen. De Logementsminister Henri Kox huet am Kloertext hei op RTL awer schonn drop higewisen, datt vill Terraine séier kéinte bebaut ginn, mä datt d'Besëtzer dat net maachen.

An der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land gëtt an engem Artikel e Freideg ënnert anerem awer och zu Recht un d'Roll vun de Gemengen erënnert. Vill Gemengeresponsabel stinn engem Wuesstem kritesch géigeniwwer. E Wuesstem, deen d'Gemengen-Zerwisser iwwerlaascht an e Wuesstem, deen d'lokal Wieler net wëllen. D'Wochenzeitung gräift e Passage aus dem Rapport vum Wirtschafts- a Sozialrot vu Januar op, an deem et ëm d'"urgence nationale" am Logement geet. Hei steet notamment, d'Meenung vun eenzelen Awunner dierf net méi iwwert dem Interessi vun all den Awunner vum ganze Land stoen. D'Land schreift als Konklusioun: de Problem ass manner deen, datt privat Promoteure keng Strategie fir hiert Bauland hätten, ewéi datt d'Gemenge keng Strategie hunn. Zur Erënnerung: d'Stad Lëtzebuerg kënnt mat 87,5 Hektar Bauland op Plaz 2 vum Klassement vun de gréisste Besëtzer vu Bauland.

Zum ganzen Thema ass iwweregens nächste Mëttwoch op Demande vun déi Lénk eng Aktualitéitsstonn an der Chamber.