Mir si Buch, méi streng an INPA!
Mat 20 flotte Beispiller wëll d'INPA eng Inspiratioun ginn, wéi ee klasséiert Haiser renovéieren oder bäibaue kann.
D'INPA, bis viru Kuerzem nach Sites et Monuments, presentéiert hiert neit Buch mat 20 flotte Beispiller vu klasséierte Gebaier, déi renovéiert oder wou bäigebaut goufen. Dat verhënnert awer net, datt vill Haiser nach ëmmer zerstéiert ginn.
Fir d'Haiser an der Rue Jean-Aveugle koum d'Hëllef op de leschte Stëppel. Si bleiwen elo awer stoen. Dat, well d'Bierger sech a leschter Minutt gewiert hunn. Den Entrepreneur hat bis dohin awer scho vill Schued gemaach. D'Hasteng si futti, d'Fassaden op ville Plaze freckt.
Den Institut National pour le Patrimoine Architectural wëll méi op Proprietären duergoen, fir esou Fäll an Zukunft z'evitéieren. Dobäi soll och dat neit Buch hëllefen. 20 flott Beispiller, wéi ee klasséiert Haiser ka renovéieren oder bäibauen, sollen als Inspiratioun déngen.
Al Schräinerei zu Iechternach

© INPA
Et ass scho laang hier, datt hei geseet a gehuwwelt gouf. Hanne ware soss d'Atelieren. Uewe gouf gewunnt. Am Buttek um ënneschte Stack goufe soss d'Miwwele verkaf. D'Christiane Meyer ass hei opgewuess. Hire Grousspapp hat d'Schräinerei opgebaut. Hire Papp huet se zesumme mat hirem Monni iwwer d'Jore weider gefouert. Op eemol war awer keen Ierwe méi do. De Betrib gëtt et haut zwar net méi, mä d'Christiane Meyer huet d'Gebai renovéiert a wunnt haut do.

© INPA
Zesumme mam INPA huet si den Daach an d'Fassad ganz frësch gemaach. Fir den Terrazzo ënnen un der Mauer huet si missen e Stuckateur froen. Bannen am Haus huet sech net vill geännert. D'Zëmmere bliwwe wéi se waren, just de Späicher gouf amenagéiert.
"A Gerens" zu Eschduerf

© INPA
Den Ernie Hammes a seng Famill hunn d'Haus ganz an d'Rei gemaach. Dat huet nom Krich séier nees missen opgebaut ginn. Iwwer d'Jore goufe vill flott Elementer vum Haus einfach zougegipst. Op d' Parquet- an al Plätterchersbiedem goufen deemools einfach modern Plättercher drop geluecht. D'Famill huet elo alles nees fräigeluecht. Den Enrie Hammes wunnt elo zesumme mat der Fra, de Kanner an de Schwéierelteren um Haff.
"A Schenger" zu Wëntreng
D'Haus gouf iergenswann an der Hallschent vum 19. Joerhonnert gebaut. D'Marianne Majerus hat sech direkt dra verléift. D'Gebai war zwar an engem schlechten Zoustand, ma si huet et trotzdeem wichteg fonnt, fir et schützen ze loossen.
Et goufe vill Renovatiounsaarbechte gemaach. Ënnert anerem d'Fënsteren an d'Klapplueden hu missen ersat ginn. Do huet ee sech awer um historesche Beispill inspiréiert. D'Fassad gouf och frësch beworf. D'Resultat léisst sech elo weisen. Markant ass awer virun allem de Gaart.

© INPA
Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck
Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch
Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!
Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen
Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun
Deel 5: Viichten: Scientia potentia est
Deel 6: Hôtel des Postes: D'Kathedral vun der Kommunikatioun
Deel 7: Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer