Serie Patrimoine - Deel 5Viichten: Scientia potentia est

Monique Kater
Et ass eng vun de spektakuläersten archeologeschen Decouverten, déi hei am Land gemaach goufen.
Viichten: Scientia potentia est
D’Serie Patrimoine geet an hire 5. Deel.

E Bauer war 1994 op sengem Haff zu Viichten, op e réimesche Mosaik gestouss, deen haut am Staatsmusée ausgestallt ass. De Rescht vun der Réimer-Villa läit awer nach ëmmer ënnert dem Buedem. Elo gehéiert den Terrain dem Staat. Dat no bal 30 Joer.

Serie Patrimoine - Deel 5: Viichten: Scientia potentia est

De Bauer wollt deemools e Lach fir d’Gülle ausbaggeren a stéisst op eppes. Ugangs huet hien et nees zougeschott. Zum Gléck mat gielem Muselsand, éiert hien de Bëtong drop gemaach huet, well soss hätt een dee prestigiéise Steenteppech kënnen niewendrun op d’Mëscht geheien.

Eng Persoun, déi net genannt wëll ginn, hat d’Gemauschels ronderëm déi archeologesch Decouverte deemools matkritt an déi zoustänneg Autoritéiten informéiert. De Rainer Fischer, zoustänneg fir d’Restauratioun vum Mosaik, war deemools direkt op d’ Plaz kucken.

De Rainer Fischer war deemools direkt op d'Plaz kucken
Eng Persoun, déi net genannt wëll ginn, hat d’ Gemauschels ronderëm déi archeologesch Decouverte deemools matkritt an déi zoustänneg Autoritéiten informéiert.

“De Bauer hat gemengt, wann de Stall bis fäerdeg do steet, da kéint hien de Mosaik eraushuelen, fir a seng Stuff ze leeën”, erënnert de Rainer sech. “Hie wousst jo net, datt do 60 m² leien. E Steenteppech vun enger ausseruerdentlecher Qualitéit.”

De Bëtongsdall huet 6 Wochen drop nees misse wechgeholl ginn.

Mam Bagger gouf de Bëtongsdall 6 Wochen drop wechgeholl
“De Bauer hat gemengt, wann de Stall bis fäerdeg do steet, dann kéint hien de Mosaik eraus huelen fir a seng Stuff ze leeën”, erënnert de Rainer sech.

Iwwer 20 verschidden Zorte Marber goufen hei verschafft. Do, wou d’Kéi driwwer gelaf sinn, huet e sech awer Plazeweis verännert. Dat well d’Nitrater am Piff mat sech bruecht hunn, datt d’Steng quasi gerascht sinn. “Dat hat dee Virdeel, datt mir noweise konnten, wéi d’Réimer de Mosaik dohinner bruecht hunn.” Op der Foto ass ze gesinn, wou de Proprietär de Mosaik mam Bagger futti gemaach huet. Déi verfierfte Plaze si vum Piff.

Vun am Ganze 650.000 Steng hunn um Enn just 10% missen ersat ginn. 2 Joer huet dat gedauert. Elo gesäit de Mosaik nees aus wéi virun bal 2000 Joer. Wéi d’Leit nach zesummen d’Konschtwierk an der Entrée vun der Villa bewonnert hunn. Si souzen an der Zäit um hënneschten Deel vum Mosaik, hunn do giess, gedronk an iwwert d’Musen am Mosaik diskutéiert. Déi si jo an der griichescher Mythologie d’Beschützer vun der Konscht a vum Wëssen.

Dat neit Denkmalschutzgesetz soll spontan Decouverten an Zukunft virewech huelen a katastrophal Situatiounen, wéi déi mam Bauer zu Viichten verhënneren, erkläert eis iwwerdeems d’Archeologin Lynn Stoffel. Do, wou gewosst ass, datt eppes ënnert dem Buedem läit, géif een am Viraus scho Sondagen oder Gruewunge maachen. “Virausgesat mir wéissten, datt op där Plaz eng, wéi an dësem Fall, Sensatioun géing leien.” Och am Kader vu groussen Amenagementer géife si direkt op d’Plaz kommen. Professioneller géifen dann d’Decouverte maachen a kéinten och besser aschätzen, ëm wat et genee geet.

Wéi géif een haut mat esou enger Decouverte ëmgoen? Do géif et 3 Méiglechkeete ginn. Ausgruewen, dokumentéieren, éier datt et ganz verschwënnt, oder mol nach leie loossen. D’Lynn Stoffel ass der Meenung, datt d’Iwwerreschter vun der Villa zu Viichten, fir elo mol, nach besser ënnert dem Buedem leien. Et géif kee Sënn maachen, fir alles auszegruewen, "...ausser et hätt ee ganz konkret Froen, fir eng Auswäertung ze komplimentéieren”. De Virwëtz ass zwar do, ma d’Archeologin fënnt an deem heite Fall, datt een d’Villa fir déi nächst Generatioune soll loossen. An e puer Joer géif et villäicht nei Technike ginn, déi mir haut nach net kennen. Well wann e Site bis ausgegruewen ass, da misst en och all puer Joer restauréiert ginn. Ouni konkrete Plang wier et dofir besser d’Villa rouen ze loossen.

Hei am Land wier et iwwregens och net sënnvoll fir esou Sitten opzeloossen an Touristen driwwer trëppelen ze loossen, erkläert d’Lynn Stoffel. D’Klima an d’Wieder géifen dat hei net erlaben. Wann all Dag dausende Leit iwwer d’Mosaike lafe géifen, da wier deen no kuerzer Zäit ofgenotzt oder futti.

Den Terrain zu Viichten läit zanter leschtem Joer an der Hand vum Staat. De fréiere Besëtzer bleift nach bis 2026 Piechter. Duerno kéim et natierlech och op de Budget un. Virun allem awer d’Zesummenaarbecht muss klappen. Well ouni e Kulturministère, Buergermeeschter oder Proprietär leeft näischt.

Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck

Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch

Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!

Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen

Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun

Deel 5: Viichten: Scientia potentia est

Deel 6: Hôtel des Postes: D’Kathedral vun der Kommunikatioun

Deel 7: Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer


RTL-News: Mosaik vu Viichten - En Tosch am Sënn vum Patrimoine

Back to Top
CIM LOGO