Hôtel des Postes: D'Kathedral vun der Kommunikatioun
Den Hôtel des Postes oder einfach gesot d'Stater Post gëtt an den nächste Joren nei affektéiert.
An zwar kënnt e richtegen Hotel an d’Gebailechkeeten. Matzen an d’Häerz, also de Bannenhaff vun deem ee bis ewell nach net vill wosst, kënnt e Restaurant. Do kann een da gemittlech tëscht ale Stater Maueren eppes iessen.
De Bannenhaff hu bis ewell nach net vill Leit gesinn. Dee war soss ëmmer ganz zou. D’Gebai gouf iwwer d’Joren ëmmer nees weider ausgebaut, well et der Post u Plaz gefeelt huet. Den Haff gouf dobäi all Kéier méi kleng.
Mir waren zesumme mam Generaldirekter vun der Post Claude Strasser a mam John Voncken vun der INPA, deen dee ganze Projet begleet, kucken.
Elo gëtt d'Gebai mam Haff nei affektéiert. D'Post bleift och weider Proprietär. Bei esou engem wichtege Patrimoine wollt een eben dat lescht Wuert behalen. Bei groussen Entreprisë kënnt de Patrimoine dacks ze kuerz, dat wier bei der Post awer anescht, mengt de Generaldirekter Claude Strasser. Well dat hei wier e Bijou. D'Kathedral vun der Kommunikatioun. Villes géif weider bestoe bleiwen a mat an den neie Projet integréiert ginn. Dorënner zum Beispill och déi al Dieren. Déi géifen elo all restauréiert an nees genotzt ginn.
"Mir hunn hei scho mat Patrimoine, mat Valeur a mat Memoire ze dinn, déi an de Steen gebaut an och an de Käpp vun de Leit ass", mengt iwwerdeems de John Voncken. Et wier een immens frou, datt alleguerten d'Finitiounen, déi present sinn, wéi d'Trapen an de Plaffong, am neie Projet integréiert ginn. "Den Hotel ass eng immens gutt Reaffektatioun fir d'Gebai."
Bei den Aarbechten ass een och op e puer al Fënstere gestouss, déi warscheinlech nach vun 1907 sinn. Un deene wëll ee sech am neie Projet inspiréieren an déi nei upassen. D'Gebai mécht iwwregens vu baussen zwar e klasseschen Androck, ma war an der Zäit a Saachen Technik, Materialien an Handwierk awer top modern. Hei wier vill Lëtzebuerger Konschthandwierk vertrueden, erkläert de John Voncken. Dorënner och déi zwee speziell Trapenhaiser.
Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck
Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch
Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!
Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen
Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun
Deel 5: Viichten: Scientia potentia est
Deel 6: Hôtel des Postes: D'Kathedral vun der Kommunikatioun
Deel 7: Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer