Serie Patrimoine - Deel 4Privat-Kollektioun aus Passioun

Monique Kater
Zerfall, verblatzt, et rabbelt oder funktionéiert ganz einfach net méi wéi et soll. Genee dat ass de Charme vun allem, wat al ass.
Privat-Kollektioun aus Passioun
Zerfall, verblatzt, et rabbelt oder funktionéiert ganz einfach net méi wéi et soll. Genee dat ass de Charme vun Allem, wat al ass

Mat e bëssen Interessi a Passioun kënne séier flott Sammlungen entstoen. Esou och d’privat Archive vum Anicet Schmit.

Serie Patrimoine - Deel 4 - Reportage Danielle Goergen

Mir sinn an eiser Serie ronderëm de Patrimoine. De Geschichtsfrënn sammelt doheem alles, wat mat Lëtzebuerg ze dinn huet. Vu Bicher an Dokumenter, eriwwer bis kuriéis Spillercher.

Esou munch ee geet eleng beim Geklimpers schonn d’Häerz op. Al, kuriéis Stécker, Spiller an Apparater vun deemools. Eng kleng Fënster, déi eis en Abléck an d’Liewe vu fréier erlaabt. Den Anicet Schmit sammelt schonn éiweg alles dat, wat mat Lëtzebuerg ze dinn huet. Wou fänkt een do un? Mir huet besonnesch d’Fixfeierkëscht mat engem klenge Réng gefall. Uewen drop eng Zort Zaang. E Lëtzebuerger Patent kréie mir gesot.

Dat meescht huet den Anicet aus anere privat Archiven. D’Communautéit tauscht dacks Dokumenter aus. Doheem gëtt alles propper archivéiert an um Computer agedroen. Mir bliedere weider duerch Zeitunge vun 1925, d’Revue an och de Feierkrop. Al Kaartematerial vun der Eisebunn a Pläng vun de Stater Rotonden. Alles Saachen, fir déi et keng richteg Plaz gëtt.

Al Zeitungen
D’Communautéit tauscht dacks Dokumenter aus. Doheem gëtt alles propper archivéiert an um Computer agedroen.

Een Dag geet mat Sécherheet net duer, fir dem Anicet Schmit säi ganzt Archiv ze duerchwullen. All Medail, Konschtwierk a mechaneschen Apparat hei hätt eng Plaz am Musée verdéngt, iergendwou, wou d’Leit et gesinn. Esou en alen Danz-Automat stéing jo gutt nees an engem Café oder net?

Et si vill flott a kuriéis Stécker dobäi. Spiller an Apparater vun deemools, déi eis e klengen Abléck an d’Liewe vu fréier erlaben. Mee wou fänkt een un? Mir hunn Iech e puer Saachen erausgesicht:

Rank fir d’Zigaretten

Rank fir d'Zigaretten
Anicet Schmit: Zigarettenhalter

Spill, dat fréier an de Bistroe stoung

Bistro Spill
Spill dat fréier an de Bistroe stoung

Tanz-Automat

Tanz-Automat
Anicet Schmit: Tanz-Automat

Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck

Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch

Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!

Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen

Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun

Deel 5: Viichten: Scientia potentia est

Deel 6: Hôtel des Postes: D’Kathedral vun der Kommunikatioun

Deel 7: Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer


Back to Top
CIM LOGO