Medezinesch Feeler mat enger strofrechtlecher Relevanz
 
                    © RTL-Grafik
Froe vu medezinesche Feeler kënnen um Zivilgeriicht oder um Penal tranchéiert ginn.
An eiser Serie iwwer medezinesch Feeler an Accidenter komme mer e Samschdeg am leschten Deel op déi Fäll ze schwätzen, an deenen et och eng strofrechtlech Relevanz gëtt. Dofir kucke mer nach ee emol zréck op eng Affär, déi mer am Abrëll dëst Joer thematiséiert haten.
En Dokter, deen eng Patientin a Frankräich bei enger Ënnersichung vun der Gebärmutter mat enger Kamera esou schro blesséiert huet, datt si fir de Rescht vun hirem Liewe behënnert ass, an duerno zu Lëtzebuerg geschafft hat: mir haten deemools vun engem grave medezinesche Feeler a gynekologescher Gewalt beriicht. De Begrëff vun der Gewalt fënnt de Collège médical awer net ubruecht, sou de President Pit Buchler.
"Gewalt ass jo awer eppes, dat heescht Gewalt üübt Dir meeschtens bewosst aus. Gewalt kënnt Dir hunn am Stot, dat ass jo bekannt. Dir schlot Äre Partner oder iergendwéi, vläicht aus enger Reaktioun eraus, mee... Coups et blessures ass u sech Gewalt."
De Gynekolog war deemools a Frankräich wéinst onfräiwëlleger Kierperverletzung, Blessures involontaires, verurteelt ginn.
Der Affekotin Trixi Lanners no ass dat éischter seelen: "De Coups et blessures, also déi Verwonnungen a Blessuren, déi een zoufüügt, déi kënnen, laut Code pénal, kann dat fräiwëlleg sinn oder onfräiwëlleg an do komme mer rëm op dee Punkt, dass et bei engem onfräiwëllege Coups et blessures um Strofgeriicht dacks ganz schwéier ass ze beweisen, dass dat net just e medezinesche Feeler ass, mee eng Infraction pénalë."
Dowéinst wier et bei medezinesche Feeler dacks méi sënnvoll, op d'Zivilgeriicht ze goen. Et ginn awer Ausnamen.
"Dat kann och eng Abstention coupable sinn, dat heescht, en Dokter huet net gehollef an doduerch ass e Patient vläicht gestuerwen oder méi schlëmm krank bliwwen, mee dat ka souguer Coups et blessures volontaires sinn oder involontaires an am schlëmmste Fall kann dat souguer en Homicide sinn, wou en Dokter da verantwortlech ass fir den Doud vun engem Patient."
Wann dat net sou kloer ass, wier ee Virdeel, fir op d'Zivilgeriicht ze goen och, datt d'Affekote selwer méi Afloss op den Dossier hätten, wärend um Strofgeriicht de Parquet zoustänneg ass, esou d'Trixi Lanners.
Kontroll vun den Antecedanten
Beim Fall vun der Véronique Scheins hirem Gynekolog hate sech och Froen iwwert d'Kontroll vun den Antecedantë gestallt. Den Dokter hat seng Demande gemaach, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, iert dat a Frankräich geschitt ass, hat d'Gesondheetsministesch deemools erkläert. Et wier awer net deen eenzege Fall, an deem en Dokter, deen am Ausland eng komme gelooss huet, zu Lëtzebuerg geschafft huet, seet de President vum Collège médical Pit Buchler.
"Dat ass nëmmen ee Fall, et ginn och nach Fäll zu Lëtzebuerg, wou et sou ass. Dat heescht, eigentlech kritt der eng Autorisation d'excercer an engem aneren europäesche Land nëmmen, wann Dir keng Antecedanten an deem Land, wou der hierkommt, hutt. Antecedants disciplinaires. Awer sou laang een net condamnéiert ass, ass ee présumé innocent. Wann ech elo zum Beispill hei zu Lëtzebuerg mierken, elo gëtt géint mech enquêtéiert, well ech eng komme gelooss hunn, an da froen ech schnell an Däitschland eng Autorisation d'excercer, dann hunn ech e Casier vierge."
Dowéinst géingen et awer Kontrollmechanisme beim Collège médical ginn.
"Mir verloossen eis net nëmme méi op d'Situation professionnelle, eng Honorabilitéit, déi zertifiéiert ass vum Ordre, wou deen eenzelen Dokter hierkënnt, an op säi Casier, mee mir loossen en heihinner kommen a soen: 'Schwiert ons op Är Éier hin, datt der net au courant sidd vun iergendenger Enquête, déi géint Iech leeft, iergende Verfaren, dat géint Iech leeft, wou der riskéiert, datt d'Autorisation d'exercer ewechgeholl kritt an deem Land.'"
De Collège médical hätt och d'Méiglechkeet, iwwert de Bannemaart-Informatiounssystem vun der EU ze préiwen, ob en Dokter an engem anere Land zum Deel oder ganz gespaart gouf an dat dann d'selwecht maachen. All Woch géing ee bis zu 10 Demandë vun Dokteren aus anere Länner kréien a wann déi d’Konditiounen erfëllen, misste se eng Autorisatioun kréien, déi de Ministère op Recommandatioun vum Collège médical ausstellt.
D'Affekotin vun der Véronique Scheins hat am Abrëll am RTL-Interview gesot, datt a sou engem Fall, wéi bei hirer Cliente, hätt missen de Precautiounsprinzip uwenden, wéi d’Faite bekannt goufen an den Dokter an éischter Instanz verurteelt gouf. De Collège médical verweist awer op d'Presomption d'innocence.
"Hei d'Affär Dr Ochs zum Beispill. Dee war jo an éischter Instanz condamnéiert ginn, e Joer net méi dierften ze schaffen. En ass an Appell gaangen. An dee war 6 Méint duerno, an esou laang huet hien nach dierfte schaffen, dat ass iwwerall esou. Dir sidd soulaang en Déngen net coulé en force en Urteel ass, sidd Dir nach ëmmer présumé innocent. Den Appell, deen Dir maacht, deen ass suspensif fir deen Déngen, deen an éischter Instanz geholl gëtt, fir déi Sanktioun, déi an éischter Instanz geholl gouf."
D'Serie am Iwwerbléck
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (1): "War Dir wierklech bei engem Zänndokter?"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (2): "Et gëtt ni méi gutt"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (3): "Et ass 5 vir 12"
Serie Medezinesch Feeler an Accidenter (4): Keen Indemnisatiounsfong fir "Aléas thérapeutiques"
INFOKËSCHT
Hutt Dir d'Gefill, datt Dir selwer Affer vun engem medezinesche Feeler gi sidd? Da ginn et verschidden Ulafplazen. Et gëtt de Mediateur Santé, deen a Konflikter tëschent Patient a Gesondheetsprofessionelle schlichte kann, awer och als Informatiounszenter fonctionéiert. Hei fënnt een deemno och d'Kontakter fir all déi aner relevant Instanzen, zum Beispill d'Plaintëkommissiounen an de Spideeler.
Et kann een och eng Plainte maache beim Collège médical oder beim Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé.
D’Patientevertriedung bitt Consultatiounen an Informatiounen un.
Wann ee sech net iwwert eng Mediatioun eens gëtt, huet een och d'Méiglechkeet, d'Persoun unzesichen, jee nodeem wat geschitt ass um Zivilgeriicht oder um Penal.
An et ginn och Recours-Méiglechkeete bei der Gesondheetskeess.
 
                     
                     
                     
                    