Recherchë vu Reporter.lu a SpiegelSpuere vum Frank Schneider zu Dubai an op Bali

RTL Lëtzebuerg
Ee Joer nodeems de Frank Schneider verschwonnen ass, schreiwe Reporter.lu an de Spiegel e Mëttwoch iwwert Spueren, déi hien am Ausland hannerlooss huet.

An zwar zu Dubai an op Bali. De fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht, dem Service de Renseignement, war virun e bësse méi ewéi engem Joer a Frankräich aus sengem Hausarrest geflücht.

Firwat war de Frank Schneider am Hausarrest?

Wéinst senger Roll an der Bedruchsaffär mat der Kryptowärung Onecoin war de Frank Schneider am Hausarrest. Eng Affär, déi den Affer 4 Milliarden Dollar kascht huet. De Frank Schneider a seng Firma Sandstone sollen op d’mannst e puer Joer fir Onecoin a fir d’Grënnerin vu Onecoin, d’Kryptoqueen Ruja Ignatova, geschafft hunn. Si steet op der “Most Wanted"-Lëscht vum US-amerikanesche FBI. De Frank Schneider kritt vun der US-Justiz Blanchiment fir Onecoin virgeworf. Woufir d’USA seng Ausliwwerung ugefrot hunn.

D’franséisch Police hat hien dunn och virun 3 Joer zu Audun-le-tiche festgeholl. Net wäit vun engem Haus ewech, an deem hie gewunnt huet. No e puer Méint am Prisong zu Nanzeg krut hien Hausarrest accordéiert.

Firwat ass hie geflücht?

De Frank Schneider, deen duerch d’politesch-juristesch Srel-Affär 2012 hei am Land bekannt gouf, huet an der Onecoin-Affär seng Schold schonn deels zouginn: Andeems hie probéiert huet, sech bei der franséischer a Lëtzebuerger Justiz selwer ze denoncéieren, wollt hie seng Ausliwwerung un d’USA, wou hie bis zu 30 Joer Prisong riskéiert, verhënneren.

Hien huet och probéiert, Lëtzebuerg ze menacéiere mat engem Dokument vun der US-Justiz, déi Lëtzebuerg als “Plaz vum Blanchiment” bezeechent an an deem Perséinlechkeeten, Gesellschaften, mee och d’Spuerkeess an d’SNCI opgelëscht ginn. De verstoppte Message: Wann hien ausgeliwwert gëtt, kéint hie gezwonge ginn, den USA Insider-Wëssen ze ginn.

Ewéi d’Cour de Cassation vu Paräis seng Demande verworf huet an d’Lëtzebuerger Regierung sot, se géing näischt géint d’Ausliwwerung vum Frank Schneider maachen, huet hien decidéiert, ze flüchten.

Reporter.lu a Spiegel op de Spuere vum Frank Schneider

Reporter.lu a Spiegel hu probéiert, iwwert seng geschäftlech Aktivitéiten erauszefannen, wou de Frank Schneider am Moment drun ass. Ëmmerhin hat hien duerch seng Zesummenaarbecht mat Onecoin op d’mannst 4 Milliounen Euro verdéngt, wéi de Frank Schneider selwer sot. Hie sot awer och, hien hätt 2017 opgehalen, fir Onecoin aktiv ze sinn. Deemools hat hien en éischte Visa zu Dubai kritt. Wéi dacks hien do war oder nach do ass, ass net gewosst.

Ewéi Donnéeën aus der “Dubai Unlocked"-Recherche awer weisen, un där Reporter.lu bedeelegt war, huet hien 2022 fir ronn 2 Milliounen Euro eng Wunneng zu Dubai verkaf, also wärend sengem Hausarrest. Den Online-Magazin schreift dann awer och, datt de Frank Schneider schonn am Joer 2020 eng Gesellschaft op der indonesescher Insel Bali gegrënnt huet, fir eng Immobilie op der Insel ze kafen. Interessant wier, datt nach am September d’lescht Joer d’Participatioun vum Schneider u seng Fra Sophie Norman gaangen ass. Ma de Frank Schneider war net just op Bali an zu Dubai aktiv. D’Autoritéiten an Neiséiland hunn Ufanks des Joers en Haus zu Wellington a Sue vum Frank Schneider saiséiert.

All Versich vu Reporter.lu an anere Medien, fir hien zanter senger Flucht ze erreechen, si gescheitert.

Wéi ass et mat der Kryptoqueen?

Spiegel zitéiert ee fréiere Onecoiner, de Finn Kari W., dee verséchert, datt d’Rumeur, datt si op engem Boot ermort an an d’Mier geheit gi wier, “Bullshit” wier. Si géing nach liewen an hien hätt hir Nummer. Déi gëtt hien awer net eraus: hie wier nämlech keng “verdammte Rat”.

Link: Reporter.lu: Vom Spion zum Gejagten: Auf den Spuren des Frank Schneider
Link: Spiegel: Fiktive Digitalwährung OneCoin: Wie die »Kryptoqueen« das Geld ihrer Opfer verprasste
RTL-News: RTL-Presseclub vum 13. November 2022: Frank Schneider a Qualitéit vum politeschen Debat

Back to Top
CIM LOGO