Eng Stad setzt op de Client an op Innovatiounsgeescht
An eiser Serie iwwer d'Commercë gi mer dës Kéier op d'Erausfuerderunge vum Eenzelhandel zu Dikrech an.
Zu Dikrech sinn d’Erausfuerderunge fir de Commerce déi selwecht, wéi an anere Lëtzebuerger Stied: D'Clienten änneren an d’Parkplaze feelen, grad ewéi den Innovatiounsgeescht. Dat soll sech änneren, ënnert anerem duerch eng Planung, déi d’Bierger an d’Geschäftsleit mat abënnt.
Dikrech setzt op dat Participatiivt
Deemnächst sollen Infrastrukturaarbechten ulafen, déi virun allem d’Groussgaass impaktéieren. Anengems géif dovunner profitéiert ginn, fir der Geschäftsstrooss méi e modernen Touch ze ginn, erkläert den Éischte Schäffen José Lopes, wëssend dass d’Butteker deen Ament d’Liewe schwéier gemaach kréichen.
De José Lopes schwätzt vun engem "monumentale Chantier". Ma duerno wier awer alles méi schéin, sou de Politiker, deen der Meenung ass, dass eng Nordstad ouni de Bierger net kéint funktionéieren. D’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen géif et par contre haut scho ginn.
Genuch Parkplazen an en uerdentleche Service
De Marc Faber ass President vum Geschäftsverband. Säi Geschäft ass eent vun den eelsten zu Dikrech a funktionéiert. Et misst een der Clientèle, déi hinnen trei wier, en uerdentleche Service bidden, och wat d’Mobilitéit ugeet.
Nieft de Clientë vun ëmmer, kommen awer och Touristen op Dikrech. Do hëlleft et, wann ee sech op méi Sproochen ënnerhale kann, fënnt de Fränk Mergen, dee schonn 30 Joer zu Dikrech Apdikter ass.
Wéi deenen anere Stied feelt et och Dikrech nach u Parkplazen - e Problem, deen en neie Bau bei der Gare soll kompenséieren. De Commerce setzt dann och op de Loui-Express, deen de Client an de Stadkär soll bréngen.
De Maart als Attraktioun
De Maart, Dënschdes moies, zitt d'Dikrecher an hir Stad. Fir d’Maartleit e Rendez-vous, dee funktionéiert. Am Verglach mat der Stad Lëtzebuerg wier hei manner Stress, d’Leit géife sech Zäit huelen, fir akafen ze goen, an dobäi ze schnëssen.
Wat d’Geschäftssurface baussent dem Dikrecher Stadkär ugeet, wieren dës net grouss genuch, fir Investisseuren unzezéien, bedauert de Marc Faber. Et feelt u grousse Surfacen op der Grénger Wiss.
Wann Dikrech am Horesca-Beräich net weider mat Problemer ze kämpfen huet, ass d’Geschäftswelt sech de Schwieregkeete vum Secteur bewosst. Geschäftsverband a Politik versichen hir Stad fit ze maache fir d’Zukunft.