D'Majoritéit vun de Sozialisten zesumme mat der CSV dierft wuel nach dëst Joer op een Enn kommen.

De 15. Juli ass et am Gemengerot Conter zum Eclat komm, wéi d'LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay matgedeelt huet, datt si vun hirem Posten zerécktriede géing. Dat hat si an der Sëtzung an och an engem Communiqué domadder begrënnt, datt si net méi mat der CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet zesummeschaffe kéint. Si kéint net mat Kritik ëmgoen a géing sech selwer als Affer duerstellen, sou d'Stéphanie Ansay.

Zanterhier ass net gewosst, wéi et politesch zu Conter weidergoe wäert, ma hannert de Kulissen ass awer eng Tendenz ze erkennen.

Zu Conter deit Munches op eng Dräierkoalitioun hin (Reportage Marc Hoscheid)

Am léifsten eng Dräierkoalitioun?

Ob se bei der LSAP vu Conter ee Faibel fir d'Theaterstéck "Waarden op de Godot" hunn, ass net gewosst, ma d'Sozialiste loossen op alle Fall souwuel den Nach-Koalitiounspartner CSV wéi och d'Oppositiounsparteien DP an déi Gréng scho länger Zäit am Ongewëssen. Den 21. Juli gouf et nach en Treffen tëscht CSV an LSAP, zanterhier waart ee bei der CSV drop, datt d'LSAP seet, ob een de Schäffeposten nei besetzt oder d'Koalitioun platze léisst.

Bei der LSAP verweist een op d'Vakanz an dorobber, datt aktuell vill Leit net am Land wieren. Tëscht den Zeilen ass awer erauszehéieren, datt een am léifsten a Richtung vun enger Dräierkoalitioun goe wéilt. Et gouf och schonn eng Entrevue tëscht LSAP, DP an deene Gréngen, bei där awer nach net iwwert Inhalter geschwat, mee éischter den Ist-Zoustand beschriwwe gouf. Et wäert ee sech wuel awer spéitstens Ufank September nees gesinn, fir weider mateneen ze schwätzen.

Esouwuel déi Gréng wéi och d'DP weise sech prinzipiell oppe fir eng Zesummenaarbecht, woubäi déi Liberal sech awer nach e bëssi méi zeréckhalen.

Ma och wann dat den éischten Ament net sou gutt fir d'CSV kléngt, huet si awer nach e bëssi Spillraum. Wärend eng Koalitioun mat deene Gréngen net realistesch ass, well d'CSV déi virun zwee Joer mat Verweis op déi knapp Majoritéit (Sechs vun 11 Sëtz) refuséiert hat, schéngt ee bei der DP nach eng Chance ze hunn, wann och éischter eng kleng.

D'CSV huet als gréisste Partei fënnef Sëtz, dono kënnt d'DP mat dräi, dann d'LSAP mat zwee an déi Gréng mat engem. Bei de Gemengewalen 2023 hat d'DP ee Sëtz op Käschte vun deene Gréngen dobäi gewonnen. CSV an DP haten och matenee geschwat, ma déi Gespréicher hunn awer net laang gedauert an d'CSV huet et virgezunn, d'Koalitioun mat der LSAP weiderzeféieren, well een inhaltlech méi no beienee leie géing.

Dat dierften déi Liberal net vergiess hunn, nach méi wichteg dierft awer sinn, datt d'DP an enger Dräierkoalitioun de Buergermeeschter stelle géing, wärend dat an enger Koalitioun mat der CSV ausgeschloss wier.

Ongewëssheet bleift

Bei all deenen Unzeechen, wéi et theoretesch weidergoe kéint, bleift d'Fro no deenen nächste ganz konkrete Schrëtt.

Ganz konkret steet deen nächste Gemengerot de 17. September um Programm. D'CSV wëllt awer virdru Kloerheet doriwwer hunn, wéi et weidergeet. Egal wéi wäert et awer wuel nach e bëssi daueren, bis eng nei Koalitioun steet.

Et gëtt nämlech just zwou Méiglechkeeten, eng Koalitioun opzekënnegen: Entweder demissionéiere genuch Leit aus dem Gemengerot, fir datt et zu Neiwale kënnt – wat awer zu Conter aktuell kee wëllt – oder d'LSAP stëmmt Enn des Joers géint de Budget. Et bleift also spannend zu Conter, bleift just ze hoffen, datt se, anescht wéi am Samuel Beckett sengem Stéck, net éiweg musse waarden.

Conter wäert also wuel nach net sou séier zur Rou kommen. Nieft der politescher Ongewëssheet kënnt jo nach dobäi, datt et eng grouss Onzefriddenheet bei Deeler vum Gemengepersonal gëtt – de Reproche vum Mobbing steet am Raum.