D'Affär ëm d'Mobbingreprochen an der Gemeng Conter schéngt elo eng politesch Dimensioun kritt ze hunn.

Am Kader vun enger Sëtzung vum Gemengerot huet d'Stéphanie Ansay vun der LSAP en Dënschdeg vun hirem Posten als éischt Schäffin demissionéiert. Doriwwer eraus huet d'LSAP mat der Oppositioun géint weider juristesch Suitte géint zwee Gemengemataarbechter gestëmmt.

Dës haten d'Reproche vu Mobbing a vun engem toxeschen Aarbechtsklima an der Gemeng gemaach.

Natierlech wier et net Usus, am Gemengerot géint de Koalitiounspartner ze stëmmen, sot den LSAP-Conseiller Pol Thomé vis-à-vis vun RTL an d'Demissioun vun der Schäffin Stéphanie Ansay wier e staarke Message. 
 
De Vott vun en Dënschdeg de Mëtteg wier awer kee "Seitenhieb" géint d'CSV, mä d'LSAP wéilt, datt hei e Jugement respektéiert gëtt. 
 
Si ass, genee wéi d'DP an déi Gréng, dogéint, fir a Cassatioun ze goen, well den Ausgank ongewëss wier an een net wéisst, wat dat d'Gemeng nach géif kaschten. D'Personalsituatioun huet d'Gemeng Conter bis elo 430.000 Euro kascht, dorënner 130.000 Euro Affekotekäschten. 
 
"Mat der CSV muss elo eng Grondsazdiskussioun gefouert ginn, fir ze kucken, ob een an der Koalitioun um selwechte Strang zitt", heescht et vum Pol Thomé. Hie wëll awer net driwwer spekuléieren, wéi et elo virugeet.
 
Hie gëtt an der aktueller Constellatioun warscheinlech Schäffen an d'Stéphanie Ansay Conseillère, esou datt déi zwee LSAP-Vertrieder just géifen hir Mandater wiesselen. Bis elo hätt ee gutt am Team funktionéiert, mä sécher wier nach Näischt.
 
Reng rechneresch huet d'LSAP d'Méiglechkeet, d'CSV an d'Oppositioun ze schécken, an an enger Dräierkoalitioun mat der DP an deene Grénge virunzefueren. Esou eng Koalitioun gouf et schonn tëschent 2011 an 2017. 
 
Dat hätt gutt geklappt seet de gréngen Conseiller Jean-Jacques Arrensdorff, deen Näischt géint eng Dräierkoalitioun hätt, wéi hien am Gespréich mat RTL sot. Hie ka sech op alle Fall net virstellen, wéi d'CSV an d'LSAP déi do Schierbelen zesummegekiert kréien.

Liest hei d'Chronologie vun der Affär ëm d'Mobbingreprochen an der Gemeng Conter: