D'Mobbing-Affär zu Conter kritt politesch Suitten.

Suite Gemeng Conter / Reportage: Annick Goerens

Wei geet et elo virun an der Gemeng Conter? Nodeems en Dënschdeg den Owend déi éischt LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay demissionéiert huet, komme ganz ënnerschiddlech Reaktiounen,

De Schäfferot besteet haut de facto just nach aus zwee CSV-Schäffen, der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an dem 2. Schäffen Yves Loose.

Iwwerrascht ass ee bei der DP der gréisster Oppositiounspartei am Gemengerot, mat dräi Sëtz net, erkläert de Conseiller Robert Axmann.

"Dat do koum jo net aus heiterem Himmel. Mir hu jo drop gewaart, dass do op eemol den Deckel an d'Luucht geet. Mä dass et elo déi Envergure kritt, wat gëschter an dem Gemengesëtzungssall do lass war, esou eppes hunn ech nach net erlieft. D'Leit stounge bis an d'Trap eran. Also d'Leit sinn betraff. Net nëmmen d'Personal, ma och d'Bierger vun der Gemeng. Jo. Mir hoffen elo just, dass nees Rou erakënnt, an dass nees ka geschafft ginn. De Schäfferot ass jo elo quasi inexistent. Do ass just nach d'Buergermeeschtesch an ee Schäffen am Moment méi do. Wéi et iwwerhaapt virugeet an ob si d'Joer op een Enn kréien. Do zweiwelen mir drun."

Egal ënnert wéi enger Konstellatioun, d'Gemeng misst endlech nees kënne fonctionéieren, fënnt den DP-Conseiller. Si wieren natierlech och oppe fir Gespréicher. Dat nämmlecht wéi déi Gréng, déi mam Jean-Jacques Arrensdorff just ee Conseiller zu Conter an der Gemeng hunn.

"Ech hat matkritt, dass d'LSAP ëmmer méi Bauchwéi kritt huet mat deene Geriichtssaachen do. Mä dat do huet mech awer schonn iwwerrascht. Ech fannen et extrem schued, dass et sou wäit kënnt, dass dann d'Madame Ansay schliisslech demissionéiert huet. Mir musse selwer elo kucken, wéi et virugeet. Ech mengen, de Ball läit schonn e bësse bei der LSAP. Ech ka mer alles virstellen de Moment. Op fir Gespréicher? Jo, ech menge mir hate jo scho vun 2011-2017 eng Dräierkoalitioun, LSAP, DP an déi Gréng. Et ass villes méiglech. Et muss een elo kucken. Ech weess just net, wéi elo déi Schierbelen tëscht LSAP an CSV erëm sollen opgekiert ginn."

En Dënschdeg den Owend am Gemengerot gouf dunn decidéiert, dass een net weider wéilt viru Geriicht goen. D'LSAP hat do géint de Koalitiounspartner CSV gestëmmt. Natierlech wier dat ongewéinlech, sot den LSAP-Conseiller Pol Thomé e Mëttwoch de Moien nach eemol op Nofro. Dat wier awer kee Coup géint d'CSV. Mä, d'LSAP wéilt keng weider juristesch Suitten, well een éischtens d'Urteel vum Appellsgeriicht wéilt respektéieren an zweetens wéisst een net, wéi et géif ausgoen a wat et d'Gemeng nach géif kaschten. 
 
Och den OGBL huet sech an der Affär vun der Gemeng Conter zu Wuert gemellt. Si begréissen, datt keng weider juristesch Suitte géint d'Mataarbechter entaméiert ginn. Béid sollen nees schaffe gelooss ginn. Donieft fuerdere si en onofhängeg Mediatioun, fir d'Vertraue bannent der Administratioun nees hierzestellen.

Conter-Buergermeeschtesch reagéiert: "Zanter dem leschten 29. August geet et just ëm mäi Kapp"

Mobbing-Affär zu Conter / Reportage Annick Goerens

Am Gemengerot huet en Dënschdeg déi éischt Schäffin Stéphanie Ansay vun der LSAP demissionéiert. Et ass eng weider Eskalatioun an engem Dossier, deen zanter September 2024 an der Gemeng Conter fir Onrou suergt.

Effektiv et ass den 3. Akt an engem gemengepoliteschen Drama, deen am September mat Mobbing-Reprochë vun zwee Mataarbechter ugefaangen huet. Elo huet also d'LSAP-Schäffin demissionéiert. D'Stéphanie Ansay kéint hiren Déngscht um Bierger net méi leeschten, well hir Batterien eidel wieren. D'Schäffe wiere géinteneen ausgespillt ginn an dofir hätt si um Inneministère hire Récktrëtt agereecht, esou gëtt déi éischt Schäffin e Mëttwoch am Tageblatt zitéiert.

Mir hunn d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet e Mëttwoch de Moien am Interview gefrot, wéi et esouwäit konnt kommen.

"Fir eis oder fir mech op alle Fall koum et ganz iwwerraschend. Mir hunn elo zwee Joer zesummegeschafft. D'Madamm Ansay war ganz nei. Ech muss soen, mir hu ganz gutt zesummegeschafft. Mir haten ee kollegiaalt Verhältnis an et waren u sech ni Spannungen. Dofir war dat do wierklech iwwerraschend gëschter. Net méi spéit wéi um 12.25 Auer huet si och gëschter dem Schäfferot confirméiert iwwer e Message, dass si déi zwee "ester en justice" [juristesch Prozeduren, ndlr.] géing matstëmmen a gëscht Owend [an der Sëtzung vum Gemengerot, ndlr.] war et dunn op eemol ganz anescht."

Si wéisst net, op wat d'Madamm Ansay géing uspillen, mä op alle Fäll hätt weder d'Buergermeeschtesch nach den CSV-Schäffen Yves Loose Drock op d'LSAP-Schäffen gemaach.

"Wou den Drock hierkënnt, weess ech net. Si huet jo och nach e Familljeliewen a schafft en plus nach. Dat ass ganz vill, fir dat dann ze geréieren an direkt an de Schäfferot ze kommen, ouni virdrun an engem Gemengerot gewiescht ze sinn. Dat ass net evident. Mä wéi gesot, dass elo vu mir aus soll Drock gemaach ginn sinn, also dat wat d'Madamm Ansay do gëschter virgelies huet, dat kann ech guer net novollzéien, well soss hätten mer jo iergendwa schonn eng Kéier eng Diskussioun an déi doten Richtung doriwwer hunn. Mä dat ass ni geschitt."

Hannergrond vun dem ganzen Zodi si Reprochë vu Mobbing a vun engem toxeschen Aarbechtsklima an der Gemeng. D'Gemeng hat doropshin zwee Mataarbechter entlooss, déi ware géint hir Entloossung viru Geriicht gaangen a krute Recht. En Dënschdeg den Owend am Gemengerot gouf dunn decidéiert, dass een net weider wéilt viru Geriicht goen. D'LSAP hat do géint de Koalitiounspartner CSV gestëmmt. Natierlech wier dat net Usus, sot den LSAP-Conseiller Pol Thomé géintiwwer RTL. Et wier kee Coup géint d'CSV. Mä, d'LSAP wéilt keng weider juristesch Suitten, well een net wéisst, wéi et géif ausgoen a wat et d'Gemeng nach géif kaschten. D'Affär huet d'Gemeng Conter bis elo 430.000 Euro kascht, dorënner 130.000 Euro Affekote-Käschten. Mat der CSV misst elo gekuckt ginn, ob een an der Koalitioun nach um selwechte Strang zitt, sou de Pol Thomé. Deen net wollt driwwer spekuléieren, wéi et elo viru geet.

Fir d'Buergermeeschtesch ass kloer, dass et zanter dem 29. August eigentlech ëm hiren Kapp géing goen.

"Ech fannen dat eng Katastroph, dass hei politique politicienne gemaach gëtt op Käschte vun eise Mataarbechter. Ech fäerte guer näischt. Ech hunn näischt ze verléieren."

Si hätt aktuell och net Wëlles, ze demissionéieren. Hir géing et elo prioritär drëm goen, Rou an d'Gemeng ze bréngen, sou d'Marion Zovilé-Braquet.

Wat ass genee geschitt? 

Et ass e laangen Hin- an Hier an der Gemeng Conter. Ugefaangen huet et mat Reprochë vun toxeschem Aarbechtsklima a Mobbing. De ganzen Oflaf kënnt der am Detail an de Links noliesen, déi mer Iech hei drënner zesummegestallt hunn.

Am Resumé hat d'Gemeng d'Decisioun geholl, zwee Mataarbechter z'entloossen. Béid hu mat Succès géint hir Entloossung geklot. Concernéiert war e Mann, deen zanter 1996 op der Gemeng zu Conter geschafft huet. Hie war am Dezember zejoert entlooss ginn. Hien huet nom Urteel musse réckwierkend seng Pai bezuelt kréien an d’Gemeng muss ëm nees eng Plaz ginn. D'Gemeng hat doropshin decidéiert, fir de Mann an ee "Congé extraordinaire" ze schécken, fir de Rescht vum Personal ze schützen. D'Personal aus deem Atelier hat sech am Februar, wéi de ganze Kaméidi nees en Thema an der Press war, an engem Schreiwes hannert de Schäfferot vun der Gemeng Conter gestallt. D'Aarbechtsklima hätt sech däitlech verbessert zanter deen Aarbechter net méi do wär. Eng zweet Persoun, déi an der Personaldelegatioun ass, hat och hir Aarbecht verluer, si war suspendéiert ginn. Well si Personaldelegéiert ass, ass d’Prozedur eng aner. Hei hat d’Geriicht am Mee scho festgehalen, datt déi Persoun weiderhin hir Pai muss kréien.

Aarbechter, dee Recht krut, krut säi Recht nach net

"Mäi Mandant gouf nach ëmmer net reintegréiert, dat heescht en ass nach ëmmer net beim Centre commun reaffiliéiert an huet keng Krankenkeess", beklot sech säin Affekot, de Maître Alex Penning. Zanter Dezember hätt hien och nach kee Cent Salaire krut an dat obschonns d'Ordonnance vun Enn Juni rechtskräfteg wär. D'Gemeng wollt de Mann jo net nees astellen, sou wéi d’Geriicht et festgehalen hat, mä huet ëm "Congé extraordinaire" zougesprach.

Liest hei d'Chronologie vun der Affär ëm d'Mobbingreprochen an der Gemeng Conter: