
Naturkatastrophen am Ausland
Am Maroc koum et zu engem schwéieren Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,8. Bis ewell goufe ronn 3.000 Doudesaffer confirméiert. A Libyen goufen et iwwerdeems schwéier Onwiederen. Duerch de ville Reen ass en Damm gebrach. D’Zuel vun den Doudesaffer läit dem aktuellste Stand no bei méi wéi 11.000.
Cargolux streikt
Um Donneschdeg sinn déi meescht Flich vun der Cargolux zu Lëtzebuerg annuléiert ginn. Ronn 700 Leit hunn nämlech um Sëtzt vun der Cargolux zu Sandweiler gestreikt. Grond dofir si Verhandlunge vum Kollektivvertrag a Mataarbechter déi sech vun der Direktioun net eescht geholl fillen. Um Freideg ass de Streik du weidergaangen.
D’Schoul geet rëm lass
Opgepasst op eise Stroossen. Et ass Schoulrentrée. Um Freideg hu sech vill Kanner op de Wee gemaach, fir hiren éischte Schouldag an der Grondschoul. D’nächst Woch ass dann och d’Rentrée an de Lycéeën. Vun dësem Schouljoer u ginn hei 4 nei Sektiounen ugebueden.
https://www.rtl.lu/news/national/a/2113730.html
Schwéier Nidderlag
Déif astieche misst d’Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp d’lescht Woch. Beim Match am Kader vun der EM-Qualifikatiounen a Portugal huet Lëtzebuerg mat 0 zu 9 verluer. Et ass dee gréisste Réckschlag fir d’Ekipp zënter 1982.
Wéi ee Gesondheetssystem brauch Lëtzebuerg?
Am Kloertext op der Tëlee goung et en Donneschdeg ëm de Lëtzebuerger Gesondheetssystem a wéi dee sech entwéckele muss. Wéi e Gesondheetssystem brauch d’Land? Wéi gutt ass ons Gesondheetsversuergung? 2 Klasse Medezin Gefor oder scho Realitéit? Wéi eng Medezin am Intressi vum Patient? Dat alles war Thema am Kloertext.
Themewoch Santé
Laang ugekënnegt, geschwë soll et méiglech sinn, datt de Patient beim Dokter just nach säin Deel vun der Rechnung bezilt. An an den nächsten 10 Joer solle ronn zwee Drëttel vun den Dokteren zu Lëtzebuerg an d’Pensioun goen. Mir hu mat enger Kannerdoktesch geschwat, déi zënter 60 Joer schafft.
Gedenken un 9/11
Den 11. September gouf rëm un d’Affer vun der Attack op d’World Trade Center geduecht. Virun 22 Joer waren hei ronn 3.000 Leit ëmkomm.
Séieren Tram Lëtzebuerg
Zanter 2017 fiert den Tram an der Stad a wäert an deenen nächste Jore weider ausgebaut ginn. Lëtzebuerg kritt ee séieren Tram.
Mir ware mat der Kamera mat dobäi.
E Floss aus WäinAlien, Mumien oder Alien-Mumien?
Am mexikanesche Parlament huet e selwer ernannten Ufo-Expert Mumien vun Alien presentéiert. Dovu kann een hale wat ee wëll. Ma eleng d’Kommentaren an de soziale Reseauen zu dësem Sujet waren den Opwand der Wäert.