
Arméiert zu Peppeng, verhaft zu Paräis
No enger grujeleger Noriicht e leschte Freideg zu Peppeng, wou eng arméiert Persoun vun der Police gesicht gouf, konnt de presuméierten Täter dës Woch zu Paräis verhaft ginn.
Lëtzebuerg an der internationaler Press
Direkt zwee Mol huet et de Grand-Duché an d’Press am Ausland gepackt, dat awer net am positiven. Eng Kéier an Holland, nodeem hei e presuméierte Mäerder mat enger Lëtzebuerger Öko-Tut ënnerwee war an eng weider Kéier an Albanien, wéi e Lëtzebuerger Resident mat 26 Kilo Cannabis gepëtzt gouf.
US-Regierung hëlt form un
Mol keng Woch no senger Walvictoire huet den Donald Trump déi éischt Nimm fir wichteg Posten a senger Regierung ëffentlech gemaach, dorënner de Milliardär Elon Musk an den Impfskeptiker Robert Kennedy Jr.
Wichteg Partië fir d’Rout Léiwen
Fir en Ofstig an d’Divisioun D an der Nations League ze verhënneren, ass d’Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp dëse Weekend am Asaz. Dat eng Kéier e Freideg géint Bulgarien an e Méindeg géint Nordirland.
Trauer bei RTL
E Méindeg war en däischteren Dag fir d’Famill an d’Frënn vum Steve Schmit esou wéi och all d’Ekippe vun RTL. De Programmdirekter huet e Méindeg am Alter vu 56 Joer de laange Kampf géint eng onbaarmhäerzeg Krankheet verluer.
Wat denkt Dir iwwert d’Meenungsfräiheet?
Dierf een net méi soen, wat ee wëll, ouni direkt en den Eck gedréckt ze ginn? Ënner anerem dat wollten d’Leit vum Jean-Philippe Boever wëssen. An de Jurist a Member vum RTL-Ethikcomité war an eisem “Dir hutt d’Wuert” dora ganz kloer: Iwwer Meenunge kann een diskutéieren, ma Extremisme wiere keng Meenung a loossen keen Debat zou.
LSAP-Kandidat packt et net an de Staatsrot
D’Sozialistesch Partei haten de Max Leners op de fräie Posten am Staatsrot proposéiert. Ma d’Membere vun dëser héijer Kierperschaft hunn awer en anere Choix getraff. Mam parteilose Georges Kohn hate de Staatsrot wuel e Kandidat, deen der Meenung vun de Membere besser op de Poste gepasst huet. Hie gouf mat 11 zu 6 Stëmmen an zwou Enthalunge gewielt.
MeteoLux mellt Schnéi fir déi nächst Woch
Wann d’Temperaturen déi nächst Woch ënner 0 Grad falen, wäert och de Schnéi de Wee op Lëtzebuerg fannen, esou MeteoLux.
Piratepartei kënnt net zu Rou
Net nëmmen, datt scho vill Memberen, d’Piratepartei verlooss hunn an nach ëmmer verloossen, mä wéi de Sven Clement confirméiert huet, gouf et och Perquisitioune bei verschiddene Membere vun der Partei, ordonéiert vum europäesche Parquet. Weider huet de Sven Clement als Invité um Radio och confirméiert, datt hie keng Pläng hätt, fir d’Partei ze verloossen.
E Selfie op enger Onglécksplaz
Well e SAMUsdokter op der Plaz vun engem Accident e Selfie vu sech gemaach huet, gouf dëse provisoresch vum CGDIS wéinst net appropriéiertem Verhale suspendéiert.
Pensioun fir eng vun de bekanntste Stëmmen aus dem Land
De Jean-Marc Sturm huet d’Leit déi leschte bal 40 Joer begleet. Sief dat laang Zäit bei RTL oder och kuerz beim DNR. E Mëttwoch den Owend ass de leschte Reportage vum “Hugo”, wéi hien an de Redaktioune genannt gouf, iwwert d’Antenn gaangen an déi bekannte Radiostëmm krut live um Radio “Äddi” gesot.