
Net clever ugeluecht
Zu Wincheringen heivir an Däitschland haten dräi Verdächteger nees e Bankomat gesprengt. Bei hirer Flucht, bei där si geklaute Lëtzebuerger Placken op den Auto gemaach haten, hate si awer verpasst, e Fest am Duerf mat anzeplangen. Wéi si hir Route dunn hu misste upassen, si si an eng Strooss geroden, déi ëmmer méi enk gouf, wat dann zu engem Accident gefouert huet. Mat Hëllef vun der Populatioun ass et de Poliziste gelongen, déi dräi Männer ze verhaften.
Grav Uschëllegungen an e formellen Dementi
Den DJ Se7en gëtt beschëllegt, datt hie mat jonke Frae sexuell Handlunge géint hire Wëlle virgeholl huet. An de soziale Medien huet de bekannte Lëtzebuerger Disc Jockey dës Virwërf awer all ofgestridden. Verschidde Fraen hu sech awer schonn op verschiddene Plaze gemellt, respektiv et goufen scho Plainten deposéiert. Bis zu enger méiglecher Verurteelung gëllt d’Présemption d’innoncence.
Net just liicht ze séier
Ganzer 217 Kilometer an der Stonn hat e Chauffer op der A7 dropkritt, éier hie vun de Poliziste gestoppt gouf. Weiderfuere konnt de Mann awer net, well hie säi Permis huet misste bei de Beamte loossen.
Iranesche President ënnert den Affer
Bei engem Helikopteraccident am Iran sinn 9 Leit ëm d’Liewe komm. Nieft dem Ebrahim Raisi sinn och den Ausseminister wéi nach verschidde Membere vum Kabinett a Sécherheetspersonal ëmkomm.
E Stecker war Schold
D’Retarden an d’Ausfäll den 10. Mee um LuxAirport gi wuel op e Stecker vun engem Metalldetekter zeréck, deen net richteg agestach war. Esou op alle Fall heescht et vun offizieller Säit.
28 Jonker evakuéiert
E Feier um Marjaashaff zu Léifreg huet zu enger Evakuatioun vum Foyer vun der Caritas gefouert. Op dëser Plaz ware “Mineurs non accompagnés” ënnerbruecht. De CGDIS huet vun engem Feier an engem Zëmmer geschwat, vun offizieller Säit heescht et dann, datt et beim Materialschued bliwwen ass.
Beach Club an de Koup gefall
E Freideg koum et op Mallorca zu engem uergen Tëschefall, wéi de Beach Club Medusa zu Al Arenal an de Koup gefall ass. Eng Iwwerlaaschtung vum Gebai, also well ze vill Leit dobanne waren, soll dozou gefouert hunn, datt den éischte Stack bis an de Keller gestierzt ass. Dobäi hunn op d’mannst véier Leit hiert Liewe gelooss.
FLF gëtt Kader bekannt
Virum start vun der Europameeschterschaft an Däitschland spillen d’Rout Léiwe géint eis aner zwee Noperen, also d’Belsch an d’Fransousen. En Donneschdeg huet den Nationaltrainer Luc Holtz de Kader matgedeelt. Dobäi feelt awer den zukünftege Profi vu Benfica Lissabon. De Leandro Barreiro hat ugefrot, fir no der laanger Saison mat Mainz eng Paus ze kréien.