Nei KontrakterChaoteschen Iwwergang bei HUT - zwee Caritas-Mataarbechter temoignéieren anonym

Tim Morizet
Verschidde Mataarbechter an och d'Gewerkschaft hu scho Kritik um Virgoe vun der neier Organisatioun geäussert.
Nei Kontrakter fir Caritas-Mataarbechter
Verschidde Mataarbechter an och d’Gewerkschaft hu scho Kritik um Virgoe vun der neier Organisatioun geäussert.

Iwwer 300 Mataarbechter vun der Caritas sinn e Méindeg geruff, fir bis owes 18 Auer Aarbechtskontrakter mat der neier ASBL “HUT Hëllef um Terrain” z’ënnerschreiwen. De leschte Freideg waren der schonn eng gutt Dosen dofir invitéiert ginn. Vun en Dënschdeg u scho solle se bei der neier Entitéit schaffen, déi déi national Aktivitéite vun der Caritas wéinst der Verontreiungsaffär vun 61 Milliounen Euro iwwerhuele soll.

340 al Kontrakter resiléieren, 340 neier ënnerschreiwen: an der Caritas-Zentral op der Stater Gare war e Méindeg vill lass. An dräi Büroe verdeelt geet et Schlag op Schlag. Den Drock op d‘Personal ass enorm. Rieds geet vu “Chaos”.

Wéi et heescht, hätten d’Leit verbuede kritt, Fotoe vun de Kontrakter ze maachen, wa se am Büro sëtzen oder de Raum mam Kontrakt ze verloossen.

“De Problem ass, d‘Personal huet guer keng Zäit, fir et sech ze iwwerleeën. Si dierfen de Kontrakt net mat Heem huelen. Si dierfe sech net richteg berode loossen. Si dierfe mol keng Foto vum Kontrakt maache fir dësen un e Jurist oder der Gewerkschaft ze schécken. Et ass enormen Drock. Mir verstinn net déi Häert an déi Keelt déi hei vis-à-vis vun deene Salariéen ausgeüübt gëtt”, huet d’OGBL-Presidentin Nora Back den Oflaf kommentéiert.

An deem Kontrakt, deen RTL virläit, ënnerschreift den zukünftege Mataarbechter awer, déi néideg Bedenkzäit an d‘Méiglechkeet, sech beroden ze loossen, kritt ze hunn. Et ass den Employeur deen eesäiteg d‘Plaz an d‘Zäit decidéiert, wéi den Employé schafft. Den Employé verflicht sech ausserdeem zur absolutter Confidentialitéit, dat par rapport vun der Press, ma och op de Soziale Medien. Souguer ënnert den eegenen Aarbechtskolleegen dierf ee seng Pai net diskutéieren.

Wéi vill vun de ronn 340 concernéierte Caritas-Mataarbechter den neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwen hunn, ass nach net definitiv bekannt. Op Nofro hin heescht et vun HUT, déi Responsabel géifen en Dënschdeg kommunizéieren. Den OGBL confirméiert, datt déi meescht de Kontrakt ënnerschriwwen hätten.

Zwee Mataarbechter temoignéieren anonym

Eenzel Mataarbechter vun der Caritas hunn RTL géintiwwer gesot, si géinge refuséieren, mat HUT z’ënnerschreiwen, an der Hoffnung, datt d’Caritas se awer nach kéint weider bezuelen. Eng Rei Mataarbechter hunn anonym temoignéiert.

“Mir hu bei der Caritas ënnerschriwwen, fir de sozial Schwaachen ze hëllefen. Fir ganz no bei de Leit ze sinn. Mee haut hu mer d‘Gefill, Deel vun enger Entreprise mussen ze ginn. Eng Entreprise, déi eis blockéiert, eis wëll roueg halen, an eis dovunner ofhält, dat ze maachen, wat mer gäre maachen.”

Déi grouss Onsécherheet hätt och Auswierkungen op déi mental Gesondheet vun den Employéeën.

“Mir si gefillt d‘Affer vum Management. An dat war déi lescht zwee Joer schonn deels traumatesch. Sëlleg Mataarbechter sinn am Burnout. D‘Situatioun ass just schlëmmer ginn, mee wéi ee Choix léisst een de Leit hei.“

Et wier frustrant ze wëssen, datt een als Employé express déi lescht Méint komplett am däischtere gelooss gouf iwwert seng eegen Zukunft, seet een anere Mataarbechter vun der Caritas, deen anonym wollt bleiwen.

“Et gouf absolut keng Kommunikatioun. Näischt gouf gemaach. Et gouf probéiert, d‘Kommunikatioun komplett ze eliminéieren, fir datt mer nëmmen näischt wëssen. An et geet esou wäit, datt mer elo eppes mussen ënnerschreiwen, wou mer mol net wierklech wëssen, wat mer ënnerschreiwen. Mir kennen d‘Valeure vun “HUT“ net.“ Si als Salariéen hätten absolutt keng Relatioun zu der neier Entitéit.

Zwee Caritas-Mataarbechter temoignéieren anonym
Déi grouss Onsécherheet hätt och Auswierkungen op déi mental Gesondheet vun den Employéeën.

Aarbechtsrecht misst respektéiert ginn

Deeler vum Personal an d’Gewerkschaft OGBL hu schonn e Freideg op enger Maniff virun der Chamber eng skandaléis Approche vun HUT denoncéiert. Dat wéinst dem Manktem u Kommunikatioun a virun allem, well aarbechtsrechtlech Dispositiounen net géinge respektéiert ginn.

Extrait Nora Back - Illégal Dispositiounen

Den Drock wier enorm an d’Häert wier net ze verstoen. Eng Rei Dispositiounen aus dem Kontrakt wieren illegal a verwerflech an och méi schlecht wéi virdru bei der Caritas, sou d’OGBL-Presidentin Nora Back am RTL-Interview. Den onofhängege Gewerkschaftsbond réit de Leit, net ze ënnerschreiwen. Parallel mécht d’Gewerkschaft den Appell un d’Politik, ze intervenéieren. D’Gewerkschaft huet scho juristesch Schrëtt ugekënnegt.

Extrait Nora Back - Enormen Drock

D’Leit ginn ënner Drock gesat, si kréie gesot ‘Du ënnerschreifs haut oder ni méi’. Dat heescht, dann hues de keng Aarbechtsplaz méi, kriss keng Pai méi. Dat heescht, d’Leit hunn Angscht a si kréien och nach gesot, si dierfe sech net ëffentlech äusseren a si hunn och nach gesot kritt, si dierften net op eis Manifestatioun vum OGB de Freideg virun der Chamber kommen, well wa se géife gesi ginn, da géife se warscheinlech kee Kontrakt kréien. Also mir si wierklech an, a muss een d’ Leit also soen, e bëssen an engem Terrorregimm.

Menacë géint Caritas-Mataarbechter

Weider hätt d‘Caritas-Personal, dat sech prett fir d‘Maniff gemaach hätt, um Sëtz an der Michel-Welter-Strooss gesot kritt, datt, wa se matginn, riskéieren, kee Kontrakt mat “Hëllef um Terrain“ méi ze kréien.

Virwërf vun déi Lénk

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet e Méindeg de Moien an der Emissioun Invité vun der Redaktioun vun engem “Putsch op de Sozialstaat” geschwat. Iwwerdeems adresséiert hie schwéier Virwërf un d’Adress vum Premier Luc Frieden, dem Krisecomité a PwC. Hien huet awer begréisst, datt d’Vertrieder vun de Regierungsparteien an der Chamber dëse Samschdeg bei am Background gefuerdert hunn, datt d’Aarbechtsrecht respektéiert gëtt.

Leit mat CDD ginn net iwwerholl

Wei den OGBL e Méindeg de Moie matdeelt, géife Leit mat engem CDD bei der Caritas elo awer net bei HUT iwwerholl ginn. Et wier nach net genau gewosst, wéi vill Leit betraff sinn. Och wann de CDD nach sollt bis d’nächst Joer lafen, géif dëse bei der Caritas opgeléist ginn. Am Ufank hat et vun HUT geheescht, CDDe sollten och iwwerholl ginn.

E Mëttwoch ass iwwregens nees eng gemeinsam Sitzung vu ganzer siwe Chamberkommissiounen, fir iwwert d’Suitte vun der Caritas-Affär ze schwätzen.

Virum Gebai vun der Caritas haten d'Gewerkschaften e Freideg zu engem Streik opgeruff.
Virum Gebai vun der Caritas haten d’Gewerkschaften e Freideg zu engem Streik opgeruff.

Esou heescht déi nei Entitéit aus Fondatioun Caritas a Caritas Accueil et solidarité
De Bistum huet mat “Hut” näischt um Hutt

PDF: Communiqué Caritas - Hut 30.9.24

Back to Top
CIM LOGO