
Aktuelles aus der Welt
Vu Krich, iwwer Naturkatastrophen, bis hin zu Geriichtsaffären a politeschen Themen. Hautdesdaags, an Zäite vun der Digitaliséierung a Krisesituatiounen, schéngt et eise User wichteg ze sinn, zäitno Informatiounen aus dem Ausland ze kréien. D’Méiglechkeet ze gesinn, wéi sech Evenementer entwéckelen, huet en héije Reiz.
Eise Liveticker mat den aktuellen Informatiounen aus der Welt fënnt een dat ganzt Joer iwwer op der Startsäit vun eisem Site. A reegelméissegen Ofstänn vun duerchschnëttlech 20 Minutte sinn hei international Noriichten kuerz zesummegefaasst.
Krich an der Ukrain - déi aktuell Entwécklungen
Och ganz vill geklickt gouf eise Liveticker mat allen Entwécklungen iwwert de Krich an der Ukrain. An dat obwuel dee leschten Update de 14. Mee gemaach gouf. Duerno hu mir Iech ënnert anerem an eisem internationalen Ticker weider doriwwer informéiert.
D’Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d’Zweet “Jo” gesot
Mat däitlech manner Views, mee trotzdeem nach op déi drëtt Plaz, huet et eisen Artikel iwwert déi kierchlech Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra an dem Nicolas Bagory gepackt.Den 22. Abrëll hat d’Koppel sech an der Stater Gemeng bestuet a sech Enn des Mounts dunn nach eng Kéier d’Jo-Wuert zu Bormes-les-Mimosas an der Kierch Saint-Trophyme ginn. Mir ware mat der Kamera op der Plaz an hunn Iech déi schéinste Momenter vum Dag nach eng Kéier an engem Fernseereportage gewisen.
Camion op der A1 accidentéiert - D’Autobunn ass a béide Richtungen nees komplett op
Dat ganzt Joer iwwer ginn Accidenter an Trafic-Noriichte vill geklickt. Esou huet et dann och e Camion, deen am September an d’Mëttelplank op der A1 gefuer ass, an d’Top 5 gepackt.
3 Doudesaffer - De Parquet sicht nom uergen Accident am Neiduerf no Zeien
E méi trageschen Tëschefall op de Stroossen, iwwert dee mir geschriwwen haten, ass ee vun Ufank Mäerz. Am Neiduerf koum et zu engem uergen Accident mat dräi Doudesaffer. Dorënner e Mann vu 64 Joer an eng Fra vun 31 Joer, déi am Gefier souzen, wéi och eng 40 Joer al Foussgängerin, déi beim Ongléck mat ewechgerappt gouf.
D’Police huet doropshin en Zeienopruff lancéiert, d’Enquête leeft.
RTL-Informatiounen - Frieden-Bettel-Regierung steet
2023 war e Super-Wal-Joer an esou krute mer am November dann och eng nei Regierung. Nach éier d’Ministerposten offiziell verdeelt gi waren, goufen et natierlech vill Spekulatiounen a Rumeuren. Dës wollte mir Iech net virenthalen an hunn Iech an dësem Artikel matgedeelt, wat bei eisen Nofroen hannert de Kulissen erauskoum.Findel: Landepist nees op - Cargolux-Fliger verléiert bei Noutlandung Deel vu Fuerwierk/Rieder
Mëtt Mäerz ass et um Findel bei der Landung vun engem Cargolux-Fliger zu engem Tëschefall komm. Op eise Fotoe war ze gesinn, dass de Fliger een Deel vum Fuergestell mat de Pneuen dru verluer hat, déi dunn op der Pist louchen.
Blesséierter goufen et keng, d’Pist huet een Ament awer missten zougemaach ginn.
Groussbritannien - De Kinnek Charles III. gouf gekréint
De 6. Mee goufen et Noriichte vun der brittescher Monarchie: De 74 Joer alen Charles III. ass gekréint ginn an ass domat de 40. brittesche Monarch.
Och op RTL Télé hu mir Iech un dësem historeschen Evenement deelhuele gelooss an hunn d’Zeremonie live iwwerdroen.
Feier geläscht - Gréissere Pompjeesasaz um Glacis: 4 Autoe verbrannt, 2 weiderer beschiedegt
Op Plaz 9 huet et een Artikel vun dësem Mount gepackt. Den 3. Dezember hate User eis eragemellt, dass et e gréissert Feier um Parking um Glacis ginn hätt. Wéi d’Police confirméiert huet, hunn um Glacis véier Autoe gebrannt, zwee weiderer goufe beschiedegt.
Anescht wéi deels an de soziale Medie spekuléiert, gouf d’Feier awer net duerch een Elektro- oder Hybridauto, mee duerch ee Gefier mat engem Verbrennungsmotor ausgeléist.
Alerte Jaune um Mëttwoch - Verkéierschaos wéinst Schnéi
Am Mäerz hu mir weider ginn, dass MeteoLux Schnéi am Grand-Duché gemellt hat. Wärend fir de Süden ee bis zwee Zentimeter virausgesot goufen, konnten am Norde véier bis aacht Zentimeter falen. Och den ACL hat viru schlechte Stroosseverhältnesser gewarnt.
Stroosse goufe gespaart an et koum och zu enger Partie Accidenter.