
Bensinn an Diesel huet keng Zukunft
Vun 2035 un dierfe Bensinn- an Dieselautoen an der EU net méi verkaf ginn. Dat gouf Uganks der Woch am EU-Parlament gestëmmt. Elo muss dat just nach an national Gesetzer ëmgesat ginn.
Verkéiersinsel suergt fir Onrou
Eng provisoresch Verkéiersinsel zu Hunchereng war de Star an de soziale Reseauen. Déi puer Strécher an der Strooss sollten d’Autoen eigentlech zum Bremse kréien. D’Insel war awer esou schlecht ze gesinn, dass se éischter eng Gefor war. E puer Deeg drop huet d’Gemeng Beetebuerg d’Strécher rëm fortgeholl.
Overshoot Day
De 14. Februar war den Overshoot Day vu Lëtzebuerg. Op dësem Dag huet d’Land theoretesch al seng Ressourcë verbraucht. 8 Planéite géife mir d’Joer brauchen, wa jiddereen sou liewe géif wéi d’Lëtzebuerger. Domat si mir international gesinn op der zweeter Plaz direkt hannert dem Qatar.
Nach Iwwerliewender fonnt no Äerdbiewen
Am tierkesch-syreschem Grenzgebitt konnten dräi Persoune lieweg gebuerge ginn, déi 11 Deeg ënnert engem zerstéierte Gebai begruewe waren. Ënnert deenen dräi männleche Persoune war och de 14 Joer jonken Osman.
Gewerkschafte fuerderen Upassung vu Steiertabell un Inflatioun
Besonnesch Paie bis zu 6.000 Euro mussen entlaascht ginn, sot den LCGB-President Patrick Dury dës Woch op eiser Antenne. En Donneschdeg goung et am Invité vun der Redaktioun nämlech ëm déi nächst Tripartite an d’Indextranche, déi Enn dës Joers erfale soll.
Internationalen Dag vum Kriibs bei de Kanner
An deem Kader hu mir mam 13 Joer jonke Milena geschwat. No 5 Joer gëllt hat elo endlech als “kriibsfräi”. Am Interview erzielt dat jonkt Meedchen, wéi hat de Kampf géint déi schwéier Krankheet erlieft an iwwerstanen huet.
Ukrainesch Flüchtlinge musse relogéiert ginn
Kuerz nom Ufank vum Krich ass déi Lëtzebuerger Associatioun “Slava Ukrayini” Flüchtlingen op d’polnesch-ukrainesch Grenz siche gefuer. Dës goufe gréisstendeels bei Privatpersounen ënnerbruecht. Elo 1 Joer méi spéit lafen déi meescht Kontrakter aus an et muss ee kucken, wou een déi ronn 50 Flüchtlingen ënnerkritt.
Alternatiivt Wunnen
Den RTL-Reporter huet sech op d’Sich gemaach no alternative Wunnstrukturen zu Lëtzebuerg. Déi ganz Serie fannt Dir hei.
Ech liben dech - De grousse Gewënner
An eiser grousser Vältesdagsaktioun hu mir e lëtzebuergescht Wuert fir “I love you” gesicht. Dir konnt tëscht 5 Kandidaten ofstëmmen an et gouf e klore Gewënner. “Ech liben dech” gëtt am LOD opgeholl.
Absurditéit mat Traditiounscharakter
Kuerz virum Release vun hirem éischten Album war déi belsch Kënschtlerin Judith Kiddo zu Lëtzebuerg op Besuch. Am Gudde Wëllen huet d’Sängerin d’Leit mat an hire verzauberten an absurden Universum geholl.
Zu Berlin gëtt et sexuell
De Lëtzebuerger Jeff Mannes wunnt zu Berlin an ass ënnert anerem Guide. Op sengem Tour duerch Berlin hëlt hien d’Leit mat an d’Geschicht vun der Sexualitéit. Mir hunn hien een Dag begleet.
De Super Bowl hat rëm vill ze bidden
De Sonndeg Owend war an der USA den 57. Super Bowl. D’Kansas Chiefs konnte sech den Titel an enger knapper Final géint d’Philadelphia Eagles sécheren. An der Halftime-Show war de schwangere Superstar Rihanna opgetrueden.