D'Woch op RTLEn traurege Rosenmontag, Europa arméiert sech, an déi nächst grouss Droge-Saisie

Sarah Cames
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL-Grafik

Traurege Rosenmontag a Baden-Württemberg

Op Rosenmontag ass zu Mannheim an Däitschland ee Mann an engem Auto duerch d’Foussgängerzon an eng Grupp Leit gerannt. Zwou Persoune si gestuerwen, 14 anerer koume mat deels schwéiere Blessuren an d’Spidol. De presuméierten Täter gouf festgeholl. Wéi et an däitsche Medien heescht, kéint de 40 Joer alen Däitsche psychesch Problemer gehat hunn.

Eng 40.000 Leit op der Dikrecher Kavalkad

Hei am Land ass d’Fueszäit bis ewell glécklecherweis ouni Tëschefäll verlaf. An der Ieselsstad gouf leschte Sonndeg déi 57. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad gefeiert an eng 40.000 Leit ware bei beschtem Wieder an hire faarwege Kostümer an op kreative Ween ënnerwee. Wien net selwer konnt derbäi sinn, konnt sech bei eis um Site duerch eis Fotosgalerie vum Dag klicken.

Iwwer 500 Kilo Kokain um Findel

Der Douane ass dës Woch een décke Fësch an d’Netz gaangen. No der grousser Droge-Saisie am Norde vum Land Ufank Februar hunn d’Beamten dës Woch am Cargo Center nach emol eng grouss Quantitéit un Droge fonnt. Genee 508 Kilo huet de Kokain op d’Wo bruecht, deen d’Douaniere verstoppt an enger Liwwerung vun 3,6 Tonnen Tapioka-Stäerkt entdeckt hunn. Déi illegal Charge aus Brasilien hat e geschate Wäert vu ronn 100 Milliounen Euro.

D'Woch op RTL vum 7. Mäerz
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Europa arméiert sech

No dem Eclat tëscht dem ukrainesche President Selenskyj an dem US-President Trump am Oval Office setzt Europa elo ëmmer méi op déi eege Verdeedegung. London a Paräis schaffen un engem Plang fir eng Wafferou tëscht Russland an der Ukrain, an d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet dës Woch ee Plang proposéiert, deen d’Verdeedegungsdepensë vun de Memberlänner soll an d’Luucht setzen.

D’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sot am Interview mat RTL, d’Gefor, datt Russland méi wäit géif goe wéi d’Ukrain, wier reell. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel sot iwwerdeems en Donneschdeg an der Emissioun “Dir hutt d’Wuert” op d’Fro, ob ee kuerz virum Drëtte Weltkrich stéing, ausschléisse kéint hien den Ament näischt.

Fliger aus Lëtzebuerg an déidlechen Accident verwéckelt

Am éisträicheschen Zell am See ass en Donneschdeg ee klenge Fliger, deen zu Lëtzebuerg ugemellt war, erofgefall. De Fliger war vu Bosnien aus um Wee fir an de Grand-Duché a wollt zu Zell am See tëschelanden, wou et zum Accident koum. Fir de Pilot koum leider all Hëllef ze spéit.

“Anora” an “The Brutalist” ware grouss Gewënner bei den Oscars

Nach emol zeréck an d’USA. Do goufen an der Nuecht op e Méindeg eiser Zäit d’Oscars iwwerreecht. Grouss Gewënner bei de 97. Academy Awards waren “Anora” mat fënnef Oscars an “The Brutalist” mat dräi Oscars. D’Haaptduersteller vu béide Filmer, d’Actrice Mikey Madison an den Schauspiller Adrien Brody, kruten dann och jeeweils en Oscar fir hir Performance.

Bréck an de Koup gefall an der Belsch

Tëscht Charleroi a Mons an der Belsch ass en Donneschdeg eng Persoun gestuerwen, wou op der Héicht vu La Louvière eng Autobunnsbréck an de Koup gefall ass. Op der Bréck, déi gespaart war a sollt ofgerappt ginn, waren deen Ament Aarbechten amgaangen.

D’Mail vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies

An der Gemeng Hesper gi Majoritéit an Oppositioun schonn enger Zäit net eens mateneen, dat och wéinst enger disziplinarescher Affär géint ee Gemenge-Fonctionnaire. Dës Woch ass an deem Kader den Inhalt vun enger Mail bekannt ginn, an där den CSV-Buergermeeschter Marc Lies vis-à-vis vun der kommunaler Oppositioun kee Blat virun de Mond hëlt. E Conseiller gëtt do ënnert anerem als “Kallef” bezeechent, wären dengem anere Politiker nogesot gëtt, hie géif gutt an eng Partei passen, déi “Profilneuros” heescht. Ee vun de Betraffene reagéiert schockéiert a schwätzt vun Diffamatioun.

Back to Top
CIM LOGO