D'Woch op RTLIllegal Substanzen, Alzheimer an iwwerfëllte Flüchtlingslager

RTL Lëtzebuerg
Wat hutt Dir dës Woch verpasst? Déi wichtegst a kuriéist News fannt Dir elo am Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Haart Schinn géint Migratioun
10.000 Flüchtlinge si rezent op der Mëttelmier-Insel Lampedusa ukomm. Flüchtlingslager sinn iwwerfëllt. D’EU rifft op, Refugiéen opzehuelen. Ma Frankräich refuséiert dat an huet Policepresenz op der franséisch-italieenescher Grenz nach verstäerkt, fir dass keng Flüchtlingen eriwwerkommen.

Wat huet d’ADR mat der franséischer Partei Civitas ze dinn, déi soll opgeléist gi wéinst Antisemitismus?
Dëser Fro ass eis Journalistin Fanny Kinsch nogaangen. Souvill sief verroden: D’ADR huet elo ee Member manner.

De luese Prozess vum Vergiessen
Am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag den 21. September huet d’Lisa Jentsch mat Betraffene geschwat. Den Info-Zenter Demenz iwwerdeems huet sech domat befaasst, wéi ee Betraffenen Glécksmomenter verschafe kann.

Schwéiere Virfall
Aacht presuméiert Täter tëscht 16 a 26 Joer sollen e Meedche vun 13 Joer an enger Schwämm zu Köln mëssbraucht hunn. D’Meedche konnt sech vum Grupp befreien an huet de Schwammmeeschter informéiert. Déi däitsch Police sicht no Zeien.

Streik huet eppes bruecht
E Samschdeg souze Vertrieder vun de Gewerkschaften an der Direktioun vu Cargolux beieneen. Am Owend war et d’Nouvelle, datt een Accord fonnt gouf. De Knackpunkt waren d’Lounerhéijungen.

Endlech eng Léisung fir Käerjeng
Nodeems de geplangte Contournement zu Käerjeng vill Diskussiounen a souguer Protester am Bobësch ausgeléist huet, schéngt een elo eng Léisung fonnt ze hunn. En Tunnel gëtt et definitiv net an de Contournement soll just laanscht de Bobësch goen an net doduerch. D’Aarbechte kéinten Enn 2024 ufänken.

Treffpunkt Wiesn
Et ass rëm souwäit an d’Oktoberfest ass lancéiert. D’Fest, wat duerch bayresch Truechten a Béier bekannt ass, geet nach bis den 3. Oktober.

Illegale Pech ?
Wa mir vun illegale Substanze schwätzen, denkt een den éischte Moment warscheinlech net u Pech. D’Berliner Police huet awer elo eng Wunneng vun engem Klimaaktivist duerchsicht an honnerten Tübe Koll saiséiert. Dem Mann kritt Bäihëllef zum Widderstand géint Staatsgewalt virgehäit.

Zukunft vun der Educatioun
D’Schoul war de Sujet an eisem Emissioun “Dir hutt d’Wuert”. Ënnert anerem gouf d’Zuel vun de Sektiounen an de Schoulen ugeschwat. Am Studio waren den Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP an d’CSV-Deputéiert Martine Hansen.

Mean Comments
An eisem neie Format kréien d’Politiker d’Chance op Kritik an Haasskomentarer aus dem Internet ze reagéieren. All Deeler fannt Dir och op Instagram.

Kilometerlaange Film
D’Cinemathéik vun der Staat Lëtzebuerg gouf vun der Europäescher Filmakademie zum “

Treasure of European Film Culture” ernannt.

20 Ekippen um TDL
Dës Woch ware rëm vill Vëloen ënnerwee a Stroosse gespaart. Vum Mëttwoch bis e Sonndeg ass den Tour de Luxembourg. Wéi déi lescht Deeg schonn, kënnt Dir och déi lescht Etapp de Sonndeg Nomëtteg live op RTL suivéieren.
Back to Top
CIM LOGO