
Groussasaz vun der Police
Um Dënschdeg de Moie war et zu Déifferdeng zu engem Groussasaz vun der Police komm. Bei enger éischter Kläpperei haten d’Beamten et um Enn mat 90 bis 100 Persounen ze dinn, vun deene verschiddener handgräiflech goufen an doropshin hu missen immobiliséiert ginn. Kuerz nodeems d’Situatioun berouegt war, koum et an engem Café an der Géigend zu enger weider Kläpperei. Eng 20 Policepatrulle ware bis Moies 7 Auer am Asaz.
Iwwerfall op Gefaangenentransporter
4 schwéier arméiert Persounen hunn en Dënschdeg e Gefaangenentransporter op engem Peage iwwerfall. Dëst fir dem verurteelte Mohamed Amra bei senger Flucht ze hëllefen. Bei der Schéisserei sinn zwee Polizisten ëm d’Liewe komm, dräi weiderer goufe schwéier blesséiert. Elo sicht Interpol mat enger “Red Notice” nom Flüchtegen, deen am Verdacht steet, de Chef vun engem Drogekartell ze sinn.
Dot politesch motivéiert
E Mëttwoch de Mëtteg gouf de slowakesche Premier Robert Fico ugeschoss a liewensgeféierlech blesséiert. No enger Noutoperatioun wier säi Gesondheetszoustand weiderhi ganz kritesch. Een Dag nom Virfall gouf en 71 Joer ale Mann festgeholl a gëtt elo wéinst versichtem Mord ugesicht.
Eng speziell Decouverte an der Abtei Neimënster
Am Gronn goufe rezent mënschlech Skeletter op engem Chantier nieft der Abtei Neimënster fonnt. Recherchen no stamen d’Schanken aus dem Mëttelalter a sollen d’Iwwerreschter vun engem fréiere Kierfecht sinn.
Op de Spuere vum Frank Schneider
Reporter.lu an den däitsche Spiegel sinn op de Spuere vum Lëtzebuerger Frank Schneider, deen 2023 wéinst enger Ausliwwerung un d’USA ënnergedaucht ass. De fréiere Mataarbechter vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht, dee Geldwäsch mat der Kryptowärung Onecoin bedriwwe soll hunn, soll den “Dubai Unlocked"-Recherchen no op Bali, zu Dubai an awer och an Neiséiland seng Spueren hannerlooss hunn.
Accidenter mat Goodyear-Pneuen
Am Kader vun enger Enquête wéinst “Homicides involontaires” gouf et Perquisitioune beim Pneue-Produzent Goodyear. Dat och bei eis am Wierk zu Colmer-Bierg. Hannergrond sinn Honnerten Accidenter, dorënner déidlecher, déi kéinten op e Fabrikatiounsfeeler bei Camionspneuen zréckzeféiere sinn, déi hei am Land produzéiert goufen.
Kuebe vergëft?
Zu Beetebuerg am Schlasspark goufen e Mëttwoch eng zwou Dosen doudeg Kuebe fonnt. Eng Autopsie soll erausfannen, ob d’Déiere vergëft goufen oder un engem Virus gestuerwe sinn. Esou e Virfall ass awer zu Lëtzebuerg net fir d’éischt geschitt. Och zu Déifferdeng an Zéisseng goufen an der Vergaangenheet schonn eng Kéier eng Partie doudeg Kueben entdeckt.
Restauranten testen an dofir bezuelt ginn
Och wann de Lëtzebuerger Influencer-Marché nach bescheiden ass, huet een et gepackt, sech z’etabléieren. Den Almin Hrkic alias “Mood” geet op Instagram an TikTok am Moment viral. Eng Zéngdausend Leit kucke seng Videoen, an deenen hien iesse geet a Restauranten test. Antëscht gëtt hie souguer vu Restaurante gebucht, fir datt hien dës bewäert.
Nowuess um Haff
D’Prinzessin Alexandra an hire Mann Nicolas Bagory sinn Eltere vun engem Meedche ginn. Den Numm vum Kand ass “Victoire”.