
Trotzdeem ginn et ëmmer nees Diskussiounen doriwwer, wéi representativ d’Parlamentswalen hei am Land iwwerhaapt sinn. Ëmmerhi ka ronn d’Hallschent vun de Leit, déi hei am Land liewen, iwwerhaapt keng Deputéiert an d’Chamber wielen. An deem Zesummenhang kann ee sech d’Fro stellen, ob d’Wale méi representativ wieren, wann e méi groussen Deel vun der Bevëlkerung kéint mat ofstëmmen.
Fir erauszefannen, wat d’Parteien dovun halen, den Undeel vun de Wieler an der Bevëlkerung ze vergréisseren, hu mir hinne folgend Fro gestallt:
Soll den Undeel vun den Awunner, déi bei de Chamberwale wielen dierfen, vergréissert ginn?
Nee: ADR, Déi Konservativ
Mir si prinzipiell fir en Awunnerwalrecht, respektéieren an dëser Saach awer den Ausgang vum Referendum 2015: DP, Déi Gréng, Piraten
Jo, andeems den Zougang zu der Lëtzebuerger Nationalitéit vereinfacht gëtt: CSV, KPL
Jo, andeems den Zougang zu der Lëtzebuerger Nationalitéit vereinfacht an de Walalter op 16 erofgesat gëtt: LSAP
Jo, andeems en Awunnerwalrecht agefouert gëtt: Fokus, Volt
Jo, andeems en Awunnerwalrecht agefouert an de Walalter op 16 erofgesat gëtt: Déi Lénk
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?
Representativitéit: Ee grousse Walbezierk amplaz vu 4?
Firwat eigentlech 60?: Sollt d’Zuel vun den Deputéierten an der Chamber adaptéiert ginn?