
Stuerm “Ciaran” trëfft op Europa
Deen am Virfeld als “Joerhonnert-Orkan” annoncéierte Stuerm hat mat iwwer 200 Kilometer an der Stonn verschidde Regiounen am Äermelkanal awer och am Mëttelmier getraff a vill Schied hannerlooss. Dobäi koume bis ewell op d’mannst 10 Leit ëm d’Liewen, dat ënner anerem an der Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Spuenien an Holland. De staarke Wand an dat wëllt Mier hunn dann dofir gesuergt, datt vill Fliger um Buedem a Schëffer an den Häfe bliwwe sinn. Betraff waren och Flich vu Lëtzebuerg aus. Am Grand-Duché hat MeteoLux eng Alerte Jaune fir en Donneschdeg erausginn.
Handy um Steier gëtt méi deier
Wie säin Handy an Zukunft wärend dem Fuere benotzt, dee muss wuel méi déif an d’Täsch gräifen. Am neie Gesetz ass virgesinn, véier Punkten anzezéien, wann een de Smartphone iwwert dem Fuere benotzt. Esoubal den Avis vum Conseil d’Etat virläit, geet och de Präis op 250 Euro erop. Bis ewell huet et zwee Punkten an 145 Euro kascht.
Kricher am Noen Osten an an der Ukrain gi weider
Israel ass dës Woch mat Buedemtruppen an d’Gazasträif amarschéiert fir, eegenen Aussoen no, “d’Terroriste vun der Hamas” ze eliminéieren. Begleet goufen d’Zaldoten duerch Loftugrëffer. Een esou en Ugrëff hat e Flüchtlingslager viséiert, Israel no, fir Hamas-Leader ze eliminéieren. Nieft der Hamas hunn och vill Länner dës Aktioun kritiséiert an divers latäinamerikanesch Staaten hunn esouguer hir Ambassadeuren dowéinst aus Israel zeréckgezunn.
Dat d’Russen an d’Ukrainer am Krich net enger Meenung sinn, kritt een ëmmer erëm ze héieren an ze liesen. Dës Woch si sech béid Länner dann net kloer, op d’Kämpf festgefuer sinn oder net. Wärend d’Ukrain vun engem Stellungskrich un der Front schwätzt, wéi et en am éischte Weltkrich gouf, seet Russland, datt hir Spezialoperatioun géif virugoen. Déi aktuellsten Entwécklunge zu béide Konflikter fannt der an eisem Liveticker.
WM-Bronzegewënner Claude Michely am Alter vu 64 Joer gestuerwen
Op Allerhellegen, wou mer op RTL de Verstuerwene geduecht hunn an am “In Pace” bekannte Persounen opgegraff hunn, déi am Laf vum Joer verscheet sinn, koum aus dem Lëtzebuerger Sport déi traureg Nouvelle, datt de Claude Michely gestuerwen ass. De Cyclocross-Spezialist konnt 13 Mol den Titel vum Lëtzebuerger Champion feieren an huet bei der Weltmeeschterschaft 1985 eng Bronzemedaile mat Heem bruecht.
Refugiéë schlofen an Zelter an der Stad
Enger neier Ännerung vum Ausseminister Jean Asselborn no dierfe männlech Flüchtlingen, déi eleng reesen a schonn den Dublin-Reglementer no an engem aneren EU-Land Asyl ugefrot hunn, net méi an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Se kommen op eng Waardelëscht. D’Resultat vun dëser neier Mesure ass, datt neierdéngs Leit, déi op de Waardelëschte stinn, an Zelter an der Stad iwwernuechten.
Monica Semedo wëll Mobbing-Sanktioune net acceptéieren
Am Abrëll hat d’Europadeputéiert ouni Parteikaart eng Sanktioun vum Europaparlament kritt, datt well si hir Mataarbechter gemobbt soll hunn. D’Lëtzebuerger Vertriederin huet an engem Interview mam Wort annoncéiert, datt si dës Strof net akzeptéiere wéilt an dowéinst eng Klo géint d’Parlament gemaach huet. Der Monica Semedo no war d’Prozedur, wéi si ofgelaf war, net rechtens.
Ugekloten am Mordfall Tupac Shakur
Knapp e Véierelsjoerhonnert nom Doud vum US-Rapper Tupac Shakur huet de Geriichtsprozess géint e Verdächtegen ugefaangen. De 60 Joer ale fréiere Bandechef Duane Davis behaapt, hien hätt awer näischt mam Doud vum Rapper ze dinn. Vum Parquet dogéint heescht et, hien hätt dat alles organiséiert an hätt sech domadder och scho méi wéi eng Kéier gebretzt.
Mat Camionnette duerch d’Dier awer näischt geklaut
En Abrochversuch gouf et zu Jonglënster, wéi Onbekannter probéiert hunn, mat enger Camionnette duerch d’Entrée vun der Post ze fueren. Wéi den Alarm du lassgoung, hu si sech duerch d’Bascht gemaach. D’Ermëttlunge lafen.