
Alt nees eng Kéier
Schaarf Kritik koum vum Conseil de l’Europe, well zu Lëtzebuerg ëmmer rëm Mineuren an den Erwuesseneprisong kommen, wann d’Unisec iwwerlaascht ass. D’Reaktioun vum Educatiounsministère: Et gëtt en neie Jugendprisong gebaut. Dat awer net haut oder muer.
D’Wieder spill verréckt
Zu Lëtzebuerg gëtt et endlech mol rëm richteg waarm. A Spuenien iwwerdeems kruten 10.000 Leit eng Ausgangsspär, wéinst schlagaartegem Reen an Iwwerschwemmungen. Och a Griicheland an Hongkong ass ee mat Héichwaasser geplot.
Wéi gëtt gewielt?
Wann e Sonndeg Wale wieren, wier d’CSV déi stäerkste Partei mat awer zwee Sëtz manner wéi elo. LSAP, DP a Gréng hätten zesummen nach ëmmer eng Majoritéit. Dat weisen déi neiste Resultater vun der Sonndesfro vun der Ilres.
d’Hausdéier net akzeptéiert.
Hotel am Plaz en DoheemWalkampf oder Kampf ëm Walplakater?
Wärend de Gemengerot d’Reklamme vun de Parteien op verschidden ëffentlech Plaze begrenze wollt, erlaabt eng national Autorisatioun méi wäit ze goen.
Hannert Grenz fir IRM
Waarden a Waarden heescht et wann een zu Lëtzebuerg an den IRM wëll. De Gesondheetsministère huet dann elo matgedeelt, dass IRM’en am Ausland ënnert gewësse Konditioune vun der CNS rembourséiert ginn. Do muss ee sech wuel tëscht Spritkäschten a Waardezäiten entscheeden.
Pannen a Gebuert op der Fouer
Uganks der Woch war eng méi lass op der Fouer. Fir d’éischt hat d’Achterbunn Wilde Maus e puer Problemer an de Mataarbechter huet dem Won misse Starthëllef ginn. An duerno kritt eng Fra ganz iwwerraschend nach hire Bëbee op der Fouer.
Ausgesat
Zwou RTL-Ekippe ginn ausgesat op enger hinnen onbekannter Destinatioun. Eng Course zwee géint zwee, ouni Internet a mat limitéiertem Budget. Fannt hei déi nei Staffel vun “Ausgesat”.
Best of Skurill
Cyclist huet sech via d’Autobunn vu Stengefort Richtung Metz gemaach. Eng Koppel grueft sech e Lach duerch chineesesch Mauer an et gi Propose fir Nimm vun Héich- an Déifdrockgebidder fir 2024 gesicht. Wëll ee Giedel oder Pätter ginn, kascht dat tëscht 260 an 390 Euro.
Flying Mercury
D’Molerin Tina Gillen ënnersicht an hirer Bildsprooch d’Relatioun vum Mënsch zu senger Ëmwelt. 2022 huet si Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden. Lo presentéiert si an der Konschthal zu Esch eng ganz nei Ausstellung, déi déi lescht 20 Joer vun hirer Karriär reflektéiert.