D'Woch op RTLVëlo am Bam, Tali op der Bréck a grousse Chantier zu Beetebuerg

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

E Vëlo am Bam?

Déi Fro hu sech wuel och d’Stater Pompjeeë gestallt, wéi si e Méindeg op en Asaz geruff goufen. Eng bis ewell onbekannte Persoun hat nämlech e Vel’oh vum Pont Adolphe gehäit. D’CGDIS-Ekippen aus der Stad hunn dësen dunn aus dem Bam “gerett”.

Zoue Bréck, mä kee Chantier

Bleiwe mer da beim Pont Adolphe, well dëse war an der Nuecht op en Donneschdeg fir zwou Stonne komplett gespaart. De Grond: D‘Tali, wat Lëtzebuerger beim ESC wäert vertrieden, huet hei e Video fir eng Akustikversioun vu sengem Lidd “Fighter” opgeholl.

Sträit mat déidleche Suitten

Zwee Männer krute sech e Mëttwoch an der Stad an d’Hoer a sinn op enger klenger Foussgängerbréck uneneegeroden. Beim Sträit ass ee vun de Männer vun der Bréck gefall, wat hien net iwwerlieft huet. Déi aner Persoun gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Nei Bréck a laange Schantjen

Déi grouss Bréck am Zentrum vu Beetebuerg, déi iwwert d’Eisebunn geet, ass vun dësem Weekend un zou. Si gëtt ofgerappt an duerch eng nei ersat. De ganze Chantier dauert bis Mëtt 2025. Well mat vill Problemer am Trafic gerechent gëtt, gouf decidéiert, datt déi lokal Rettungsekippen en zweete provisoresche Standuert fir dës Zäit a Beetebuerg kréien, fir méi séier op den Asätz ze sinn.

Corona-Kris huet Liewenserwaardung erofgesat

Dëse Réckgang ass esouguer méi staark, wéi een am Ufank erwaart huet. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi eng Baisse vun an der Moyenne 1,6 Joer feststellt. Trotzdeem liewen d’Mënschen awer trotzt Corona ëmmer nach däitlech méi laang, wéi dat fréier de Fall war.

And the Oscar goes to...

Oppenheimer! De Film iwwert de Papp vun der Atombomm ass de grousse Gewënner vun der Editioun 2024. Ma och de Film “Poor Things” konnt sech a verschiddene Kategorien déi beléifte gëlle Statue sécheren. De Film Barbie dogéint krut just eng Auszeechnung. Wie keng krut, dofir awer eng iwwerreecht huet, war de Schauspiller John Cena. Dës Laudatio ass opgefall, well sech de fréiere Profiwrestler esou gewisen huet, wéi Gott hie gemaach huet...

Just Gewënner bei de Sozialwalen?

En Dënschdeg waren d’Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, opgeruff, hir Stëmme fir d’Sozialwalen ofzeginn. Wärend OGBL an LCGB en éischte positive Bilan zéien, fält awer och op, datt op ville Plaze sech déi fräi Lëschten, also Lëschten, déi kenger Gewerkschaft ugehéieren, sech duerchgesat hunn.

CNS warnt virun Arnaque

Onéierlecher verschécke Mailen, fir un d’Date vun de Leit ze kommen. An der neister Arnaque ginn den Numm an de Logo vun der CNS an och vu LuxTrust mëssbraucht, fir d’Leit op falsch Internetsäiten ze zéien.

Back to Top
CIM LOGO