D'Woch op RTLVu Policeauto ugestouss, Stroftaxen a Géigentaxen a Bronz fir Lëtzebuerg

Kevin Kayser
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Vu Policeauto ugestouss.

Dat ass dës Woch engem 12 Joer ale Jong an der Stad passéiert. D’Beamte waren op en Asaz ënnerwee, wéi si de Jong um Zebrasträifen ze pake kruten. De Jugendleche koum an d’Spidol, hat awer keng schwéier Verletzungen, esou d’Police.

Taxe produzéiere Géigentaxen

Datt een net einfach Stroftaxen op Produiten erhiewe kann, ouni mat Géigemoossnamen ze rechnen, muss den US-President aktuell feststellen. Well déi nei Importtaxen, déi d’USA agefouert hunn, hunn dozou gefouert, datt och ënner anerem d’EU a Kanada nei Taxen op US-Produiten annoncéiert oder agefouert hunn. Ma och dee Schratt wëll den Donald Trump elo nees konteren, dat ënner anerem mat Taxen op Schampes a Wäin aus Frankräich.

Grönland soll amerikanesch ginn

Den US-President huet dës Fuerderung dann nach eng Kéier beim Meeting mam Generalsekretär vun der NATO Mark Rutte widderholl. Den Hollänner wëll d’NATO bei dëser Diskussioun awer eraushalen, huet dem Donald Trump awer Recht ginn, wat deem seng Aschätzung op den héijen Norden vun der Arktis betrëfft.

Mord um Futtballsterrain

Viru Geriicht musse sech elo d‘Täter vun der Dot veräntwerten. Wärend den Haaptugeklote fréieren Trainer sech wéineg kooperativ weist, huet e weideren Inculpéierten ausgesot an erkläert, wéi et dozou koum, datt dräi Mol op de Mann, dee mat Messeren arméiert op den Terrain koum, agestach gouf.

D'Woch op RTL vum 14. Mäerz
Jong vu Policeauto ugestouss, Taxe-Krich mat den USA, Mord um Futtballterrain a Bronz fir Lëtzebuerg.

Première fir Lëtzebuerg

D’Patrizia van der Weken huet op der Liichtathletik-Indoor-EM Bronze iwwer 60 Meter gewonnen. Fir d’Lëtzebuergerin ass et déi éischt international Medail an der Hal. Bis ewell war esou een Exploit nach kengem Sportler aus dem Grand-Duché gelongen.

Schrott-Autoen op Terrain vun “Arcelor Mittal”

Wéi de CGDIS matdeelt, sinn um Site zu Dummeldeng Autoen tëschegelagert, fir do depolluéiert ze ginn. Dono ginn dës Ween fir Exercicer, wéi d’Formation continue, genotzt.

En Häerzinfarkt mat 14 Joer

Wärend dem Futtballspillen ass de jonke Luca einfach ëmgefall. Wéinst engem Häerzinfarkt koum hien och an d’Spidol an d’Doktere schwätze vun “immens grousser Chance” beim Teenager. Dësen huet aktuell awer just ee Wonsch: Zeréck op de Futtballterrain.

Putin fir Wafferou, mä ënner Konditiounen

De russesche President wier ënner verschiddene Konditioune fir eng Wafferou vun 30 Deeg am Krich an der Ukrain. Dës Wafferou misst genotzt ginn, fir en dauerhafte Fridden tëscht béide Länner ze fannen. Dëst wier dem Kreml-Chef no awer just méiglech, wann d’Originne vum Konflikt tëscht Russland an der Ukrain och consideréiert ginn.

EU-Parlament muss Decisioun annuléieren

Wéinst Irregularitéite bei der Prozedur wéinst Mobbing krut déi fréier Europadeputéiert Monica Semedo elo Recht. D’Riichter vum EU-Tribunal hunn de Constat vun Harcèlement an déi domat verbonne Sanktiounen annuléiert.
Ënner anerem wieren d‘Defense-Rechter vun der deemoleger liberaler Europadeputéiert net genuch respektéiert gewiescht a si hätt net den néidegen Accès an d’Dossiere kritt, esou d’Riichter um Kierchbierg.

Back to Top
CIM LOGO