Iwwert de Summer hu mer sechs Leit kennegeléiert, déi hire Liewensmëttelpunkt just e puer Kilometer hannert d'Lëtzebuerger Grenz verluecht hunn.

"E glécklechen Zoufall": D'Jenny tauscht d'Klassenzëmmer géint den Tattoostudio

Optakt vun eiser Serie huet d'Jenny Schumacher gemaach, dat als Tätowéierin zu Irrel e puer Kilometer vun Iechternach ewech schafft. Déi jonk Fra hat dëse Beruff ni wierklech als Plang an ass éischter duerch e "glécklechen Zoufall" dohinner komm, nodeem si schonn zu Lëtzebuerg an der Educatioun geschafft an op der Uni studéiert huet. Haut ass si méi wéi glécklech iwwert hire Choix, fir d'Klassenzëmmer duerch den Tattoostudio ersat ze hunn.

"Ech wëll liewen an net just iwwerliewen", seet d'Myriam Bausch

Vum Jenny Schumacher hirer Aarbecht bis bei déi vun der Myriam Bausch war et e knappe Kilometer. Am selwechten Duerf schafft d'Mamm vun dräi Kanner an engem Supermarché. Zu Lëtzebuerg ze wunne geet an d'Geld, seet d'Fra, déi och schonn am Grand-Duché op méi Plaze geschafft huet. Och si wunnt a schafft net wäit vun hirem Heemeschtland ewech, bereit dëse Schratt awer guer net. Well mat enger däitscher Paie kann een och gutt an Däitschland liewen an "net just iwwerliewen" esou d'Myriam Bausch.

"Ech wollt Bestatter als Beruff léieren", erzielt e passionéierte Fynn Steinmetz

De Fynn Steinmetz hu mer zu Tréier getraff, wéi hien nach a senger Ausbildung zum Bestatter war. Séier gouf am Gespréich mam jonke Mann kloer, datt hien dëse Beruff mat Passioun mécht. An dës Passioun war och de Grond, wisou hie säi Liewensmëttelpunkt op déi aner Säit vun der Grenz geluecht huet. Well hei kann een de Beruff zum Bestatter richteg léieren, mat Formatiounen, Schoulen a praktesch am Betrib matzeschaffen. De Fynn fënnt esou eng Formatioun wichteg, fir de Beruff, dee ganz vill Facetten huet, richteg ausüben ze kënnen.

"Ganz oder guer net": De Gilles Simon huet eng eege Firma am Saarland

2013 huet sech de Gilles Simon selbstänneg gemaach. Dat net, wéi vill anerer am Grand-Duché, mä net wäit vum däitsche Merzig ewech. Wéi d'Famill no engem neien doheem gesicht hat an de Choix op d'Saarland gefall war, war och fir de Gilles Simon kloer, datt hien hei säi Betrib géif umellen, ganz nom Motto "ganz oder guer net". Fir de Familljepapp war et op alle Fall déi beschten Decisioun, grad, well Aarbecht a Liewen op enger Plaz ass. Esou huet de Gilles d'Chance an d'Méiglechkeet, säi Bouf opwuessen ze gesinn.

"Ee fir deen aneren do": Danièle Stelmes begréisst Zesummenhalt an der Belsch

Am däitschsproochege Raum an der Belsch hu mer d'Danièle Stelmes kennegeléiert, déi als Caissière an engem Supermarché zu Büllingen schafft. D'Lëtzebuergerin begréisst d'Aart a Weis, déi d'Belsch sinn. Oppen, direkt a frëndlech. Eppes, wat si deelweis zu Lëtzebuerg vermësst huet. Laang ass d'Danièle Stelmes nach tëscht Dikrech an hirer neier Heemecht gependelt, éier si sech fir hire 50. Gebuertsdag selwer e Kaddo gemaach huet: Schaffen an der Belsch. An domadder manner Wee a méi Liewensqualitéit.

"Schaffen, wat engem Spaass mécht": D'Lynn Leisen huet sech selbstänneg gemaach

Zum Ofschloss vun eiser klenger Serie huet et eis an den Hunsrück verschloen. Am Héichseelgaart um Erbeskopf ass eng vun de puer Plazen, nieft der Schwämm zu Saarbrécken, wou d'Lynn Leisen schafft. Si huet hie zwou Passiounen, Kloteren a Schwammen, zum Beruff gemaach. Viru kuerzem huet d'Lynn Leisen sech selbstänneg gemaach a bitt elo ënner anerem op den zwou genannte Plazen, en Animatiouns- a Partyservice un. En Job, deen hir Spaass mécht.