
Op franséisch heescht den Dag “paques”, am Italieeneschen ass et “pasqua”, an Holland gëtt “pasen” gefeiert an d’Schwede soen “paskdagen”. All dës Begrëffer leede sech vum jiddesche Fest “Pessasch” of. Wat de Jesus mat dësem Dag ze dinn huet a wisou mir dowéinst Ouschtere feieren, hu mir eis méi genee ugekuckt.
Ouschteren ass wuel dat wichtegst Fest an der kathoulescher Kierch. Da feieren d’Chrëschten nämlech d’Opersteeung vum Jesus. Dës Geschicht huet awer schonn eng Woch virdrun op Pällemsonndeg ugefaangen.
Op Pällemsonndeg ass de Jesus fir dat sougenannt Pascha-Fest mat sengem Iesel bis op Jerusalem geridden, fir mat anere Judde säi Glawen ze feieren. Hei hunn d’Leit sech immens doriwwer gefreet, dass hie komm ass, well si schonn héieren hunn, dass hien deenen Aarmen a Kranken hëlleft a Wonner bewierke kann.
Mä net jidderee war vun deem Mann begeeschtert, dee vu villen esou veréiert gouf. Hinnen huet et Angscht gemaach, dass de Jesus wéi e Kinnek behandelt gouf a wollten hien dowéinst ëmbréngen.
Um gréngen Donneschdeg huet de Jesus du mat sengen 12 Apostelen dat lescht “Abendmahl” gefeiert. Hien hat d’Gefill, dass een hie verrode wäert a kräizege géing. Wärend dem Iessen huet hien d’Brout gebrach, de Wäin gedeelt an zu senge Jénger gesot: “Ee vun iech wäert mech verroden, een, dee mat mir ësst”. An esou ass et geschitt. Nodeems de Judas matgedeelt huet, wou de Jesus ass, gouf dëse festgeholl.
Am fréie Moie vu Karfreideg ass de Jesus dunn zum Doud um Kräiz verurteelt ginn. De Josef, e Frënn vum Jesus, huet hie spéider dunn an enger Hiel begruewen an dës mat engem schwéiere Steen zougemaach.
Ouschterméindeg hu sech dunn e puer Frae beim Graf zesummefonnt, fir d’Läich vum Jesus mat ueleg anzereiwen. Allerdéngs war de Steen virun der Hiel op d’Säit gerullt an de Jesus net méi do. En Engel huet de Frae matgedeelt, dass hien net méi dout wier, mee operstanen ass. D’Maria Magdalena war déi Éischt, déi dem Jesus effektiv nees begéint ass, an huet de Jünger opgereegt dovun erzielt, mee kee wollt hir gleewen.
Eréischt beim Iessen mat zwee Apostelen hu si hien erkannt, wéi hien d’Brout gedeelt huet. Doropshin huet de Jesus d’Äerd verlooss an ass zréck an den Himmel bei Gott gaangen. Mä dat ass en Dag, deen d’Chrëschten 39 Deeg no Ouschtersonndeg op Christi Himmelfaart feieren.
Zanter Joerhonnerte feieren d’Chrëschten Ouschtere mat faarweg bemoolten Eeër an d’Kanner sammelen d’Ouschtereeër vum Ouschterhues an. Mä wéi vill huet dëse Brauch nach mam reliéiser Ursprong ze dinn?
D’Theologin Diana Freyer huet National Geographic géintiwwer erkläert, datt et an der Faaschtenzäit verbueden war, Eeër z’iessen. Andeems ee se gekacht huet, konnt ee se allerdéngs méi laang halen, sou dass se Ouschterméindeg dunn op den Dësch komm sinn.
Wisou mer d’Eeër fierwen, kënnt wuel dohier, datt et scho fréier e Brauch war, rout gefierften Eeër ze verschenken. Déi rout Faarf sollt un d’Blutt Christi erënneren. Weider hu sech d’Leit deemools wuel d’Zäit domat verdriwwen, wëll et op Karfreideg verbuede war ze schaffen.
Och iwwert den Ursprong vum Ouschterhues ginn et verschidden Theorien. An dësem Kontext schreift National Geographic iwwert d’Vermëschung vu chrëschtlechen Traditiounen an Traditiounen aus regionalen Naturreliounen. Et géing nämlech e Lien tëscht Ouschteren an dem Fréijoer ginn, deen a villen Naturrelioune mat Fruchtbarkeet an engem neien Ufank, deemno d’Opersteeung vum Jesus, verbonne gëtt. A bei de Réimer steet tatsächlech den Hues fir d’Symbol vu Fruchtbarkeet an d’Ouschterfest fält eben och an d’Fréijoer, d’Zäit an där d’Huese sech pueren.
Datt den Hues elo deen ass, deen d’Eeër bréngt ass wuel einfach eng Geschicht, déi d’Eltere sech ausgeduecht hunn, fir de Kanner eng Freed ze maachen. An anere Länner bréngt awer dacks och en anert Déier d’Eeër. A Schweden ass et zum Beispill d’Ouschterjippelchen, respektiv den Ouschterhunn. An Australien ass et de Bilby, deen un eng Mëschung aus enger Maus an engem Känguru erënnert, an an der Schwäiz iwwerhëlt dës Aufgab deels de Guckuck.
Saint Patrick’s Day: Wisou ass deen Dag alles gréng a wien ass dee Patrick iwwerhaapt?
Wärend dem Dag näischt Iessen: Wat ass de Ramadan a wisou heescht den Ofschloss “Zockerfest”?
Chūnjié - D’Joer vum Draach: Chineeseschen Neijoerschdag matten am Februar
Hierkonft, Ënnerscheeder an Traditiounen - Esou feiert d’Welt Silvester!Chanukka - Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen
Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d’Kanner dru gleewen oder d’Elteren éierlech sinn? Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass “Thanksgiving”?Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder “Friendsgiving” zesumme mat de Frënnhttps://www.gdcf-mainz-wiesbaden.de/