
De 17. Mäerz jäert sech den Doud vum Hellege Patrick. Hie war et, deen d’Chrëschtentum an Irland verbreet huet. Traditionell gëtt deen Dag op der Insel, ma antëscht iwwerall op der Welt, zerguttst gefeiert.
Et handelt sech ëm e gesetzleche Feierdag an Irland, Neufundland (do ass et de St. Paddy’s Day) an am brittesche Gebitt Montserrat.
Den Optakt vun de Feierlechkeeten zu Dublin, der Haaptstad vun Irland, mécht eng riseg Parad mat grénge Kostümer, den traditionellen Hitt, symbolesch Kléiblieder an natierlech iresche Fändelen. Bis zu 450.000 Mënsche ginn all Joer bei der Parad erwaart, un deem gutt 4.200 Museker, Kënschtler an Akrobate bedeelegt sinn.
De St. Patrick ass en ireschen Nationalheld, ma et gi keng geséchert Fakten iwwer den Hellege Mann, deen am 5. Joerhonnert soll de Chrëschtentum an Irland etabléiert hunn. Och wann et keng Fakte ginn, Legende ginn et genuch an déi stëmme bei eppes iwwerteneen: Mat 16 Joer soll hien duerch Sklavendreiwer vu Wales oder Schottland eriwwer an Nordirland verschleeft gi sinn, wou hien iwwer Joren en haart Liewen als Schofshiert hat.
De Gebuerts- a Stiefesdag vum St. Patrick sinn och net bekannt, den Datum 17. Mäerz ass eng éischte Kéier réischt am 7. Joerhonnert opgetaucht.
Historiker ginn dovun aus, dass hien als Eenzelpersoun u sech ni existéiert huet an d’Geschichte vun zwee Mënsche matenee vermëscht goufen. Tatsächlech soll hien och net Patrick geheescht hunn, mä Maewyn Succat. En Numm, dee weder aus dem Waliseschen oder Laténgesche staamt.

Fréier gouf de St. Patrick’s Day just an Irland gefeiert an dat och just an engem private Kader, dat heescht doheem. Haut ass dat anescht, et gi Massen, Paraden, Volleksfester an iwwerall op der Welt ass eng lass.
Iresch Emigranten hunn d’Fester zu Éiere vun hirem Hellege wäit iwwer d’Grenzen erausgedroen. Déi gréisste Parade fënnt een dowéinst och net just zu Dublin, mä och nach am kanadeschen Toronto, New York, Boston, New Orleans, Chicago, Manchester a Savannah. Natierlech gëtt och a Groussbritannien vill gefeiert, zu London ass all Joer eng grouss Parad an ee Festival.
D’Parad zu München huet sech zu enger vun de gréisste Paraden an Europa entwéckelt a gëtt op engem zäitnoe Sonndeg organiséiert. Wéi gutt. dass de 17. Mäerz dëst Joer dann och op deen Dag fält. Zanter 1996 kommen zéngdausende Mënschen zu München zesummen an dat net just Leit mat ireschen, schotteschen oder engleschen Originnen.
Och bei eis am Land sinn op sëllege Plaze Festivitéiten am Kader vum St. Patrick’s Day geplangt.
Eenzeg an der Schwäiz, do hu se e bësse méi laang gebraucht, bis déi iresch Traditioun sech duerchgesat huet. Eréischt 2014 gouf eng éischte Kéier en offiziellt Zeeche gesat. Zanterhier gëtt all Joer de Rheinfall op 4 Owender gréng beliicht.

Alles ass gréng deen Dag, souguer Flëss gi gréng gefierft, sou wéi zu Chicago. Dofir gouf ganz am Ufank nach Uranin benotzt, e Faarfstoff, deen normalerweis geholl gëtt, fir e Leck an engem Schëff ze fannen. Hautdesdaags gi planzlech Faarfstoffer benotzt, déi wesentlech besser fir d’Ëmwelt sinn. Souguer de Béier gëtt alt mol gréng agefierft. Eenzeg Ausnam ass, an dat ass kloer, den Iren hiren hellege Guinness-Béier.
Ma u sech war d’Faarf vum St. Patrick’s Day net gréng, mä blo.
Nodeems sech Irland am 20. Joerhonnert d’Onofhängegkeet erkämpft hat an de 17. Mäerz offiziell den Nationalfeierdag gouf, gouf ëmmer méi op d’Nationalfaarfe vun den Iren zeréckgegraff: gréng-wäiss-orange. E klassescht Symbol bei sämtleche Feierlechkeeten ass dann och d’Kléiblat - de Shamrock - d’Nationalsymbol vun den Iren. Et also läit op der Hand, dass gréng sech do duerchsetzt.
Wärend dem Dag näischt Iessen: Wat ass de Ramadan a wisou heescht den Ofschloss “Zockerfest”?
Chūnjié - D’Joer vum Draach: Chineeseschen Neijoerschdag matten am Februar
Hierkonft, Ënnerscheeder an Traditiounen - Esou feiert d’Welt Silvester!Chanukka - Dat jiddescht Liichterfest, fir Zäit mat Famill a Frënn ze verbréngen
Eng vum Kleesche verzielt: Sollen d’Kanner dru gleewen oder d’Elteren éierlech sinn? Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen... De 6. Dezember war Niklosdag! Ma wat stécht dohannert?Véierten Donneschdeg am November: Weltbekannten amerikanesch Traditioun: Wat ass “Thanksgiving”?Thanksgiving fir Amerikaner zu Lëtzebuerg: Per Facetime mat der Famill an den USA oder “Friendsgiving” zesumme mat de Frënn