E Réckbléck op déi sportlech Leeschtunge vum Team Lëtzebuerg zu Paräis

© AFP
Mir kucken zréck op déi verschidde Resultater.
13 Athletinnen an Athleten aus Lëtzebuerg stounge bei der Erëffnungszeremonie um Boot op der Seine, wou jidderee sech vun deenen nächsten zwou Woche vill erhofft hat.
Kuckt hei déi bescht Biller am Best-of vum Team Lëtzebuerg.
Zwou Lëtzebuerger Sportlerinne suerge fir positiv Resultater
Mam Ni Xia Lian am Dëschtennis huet dann eng Lëtzebuergerin et an d'Olympia-Geschichtsbicher gepackt. Duerch hir 4:2-Victoire an der éischter Ronn war si déi eelsten Dëschtennis-Spillerin, déi eng Partie bei den Olympesche Spiller wanne konnt. Fir d'Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic war dogéint schonn an der éischter Ronn Schluss.
En historescht Resultat fir de Grand-Duché gouf et an der Liichtathletik duerch d'Patrizia van der Weken. Mat der zweeter Plaz an de Virleef konnt si sech den Ticket fir d'1/2-Finallen iwwer 100 Meter sécheren, wou et mat engem Chrono vun 11,13 Sekonnen allerdéngs net fir de Sprong an d'Finall duergaangen ass.
Datt awer net alles wéi erwënscht lafe sollt, krut virun allem d'Jeanne Lehair op dramatesch Aart a Weis ze spieren. No engem schwieregen Depart am Schwamme war déi Lëtzebuergesch Triathleetin mam Vëlo net bis op d'Arrivée komm. Ënner Tréinen huet si missen op Grond vun engem mechaneschen Defekt ophalen an de Vëlo op d'Säit stellen.
Mam Vëlo ënnerwee war och den Alex Kirsch, deen op senger éischter Participatioun op déi 40. Plaz an der Stroossecourse komm ass. Éischt Erfarunge bei Olympia sinn et zu Paräis iwwerdeems fir de Ralph Daleiden am Schwamme mat enger 30. Plaz an de Virleef ginn.
Zefridde mat der eegener Leeschtung huet sech den Nicolas Wagner-Ehlinger mat der 24. Plaz ënner 60 Reider zesumme mat sengem Päerd Quater Back Junior gewisen an och de Pit Klein war trotz der Eliminatioun an den 1/32-Finallen am Bouschéissen zefridde mat sengem Optrëtt.
Zwee Lëtzebuerger Sportler soen no der Saison Äddi
Definitiv déi lescht Olympesch Spiller waren et fir zwee Lëtzebuerger Athleten. De Bob Bertemes konnt sech bei sengem leschte groussen internationalen Optrëtt no zwee Feeler net fir d'Finall am Bommstousse qualifizéieren a fir d'Christine Majerus war op der Arrivée ënnert dem Eiffeltuerm bei hirer véierter a leschter Olympia-Participatioun déi 17. Plaz erauskomm.
Fir de Ruben Querinjean an d'Vera Hoffmann war et dogéint den éischten Optrëtt op Olympesche Spiller. Si waren allebéid zefridde mat hire Leeschtungen. Als 9. vu senger Serie an de Virleef huet sech de Ruben Querinjean net fir d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert.
D'Vera Hoffmann ass iwwer 1500 Meter un den Depart gaangen. An de Virleef konnt si sech net fir d'Halleffinalle qualifizéieren. Eng 10. Plaz an e Chrono vu 4:11.28 Minutte waren och net duergaangen, fir sech am Repechage duerchzesetzen. Si war déi lescht Athleetin, déi zu Paräis aus Lëtzebuerger Siicht um Depart war.