Den Out fir de griichesche Jughurt huet d'Diskussioun iwwert eis Industriepolitik relancéiert.

Déi eng fannen et gutt, datt Fage elo awer net op Lëtzebuerg kënnt, anerer wëllen net vun enger gudder Nouvelle schwätzen.

De Projet gouf vill kritiséiert, ma datt d'Griichen elo net kommen, doriwwer ass den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot net erliichtert. Dat sot hien um Donneschden Owend an der Emissioun Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg.
De Franz Fayot huet awer och ënnerstrach, datt hien an Tëschenzäit dovunner iwwerzeegt ass, datt den Dossier ganz anescht hätt missen ugepaakt ginn.

"Et ass esou, dass deen Dossier, wéi e komm ass, 2016, op Beamtenniveau gekuckt ginn ass, och wat de Waasserverbrauch ugeet, och wat déi ganz technesch Normen uginn. Mä ech mengen, de Feeler, dee gemaach gouf, ass, dass ni eng politesch Remontée gemaach gouf, dass am Fong net op interministeriellem Niveau diskutéiert ginn ass. Ech mengen, et muss ee sech einfach bewosst sinn haut, dass wann een eng nei industriell Aktivitéit an d'Land bréngt, dass dat net just um techneschen Niveau muss gekläert ginn, mä dass och virop e politesche Konsens muss do sinn, och bei de Gemengen. Just esou kritt een e grousse Projet duer."

D'Oppositioun huet ganz däitlech Wierder fonnt. Den CSV-Deputéierte Paul Galles ass der Iwwerzeegung, datt, wéi hie seet, den Dossier komplett an de Sand gesat gouf.

Hien huet vun engem Trauerspill an dräi Akte geschwat:

"Dat éischt war schonn, dass do en Terrain vum Här Fayot sengem Virgänger verkaaft ginn ass. Net zu Verfügung gestallt, mä verkaaft ginn ass. En Terrain, wat dat wäertvollst ass zu Lëtzebuerg. Dat ier d'Prozeduren iwwerhaapt ugelaf sinn, dat ass jo "du jamais vu". Och éier de Rifkin-Prozess iwwerhaapt ofgeschloss ginn ass. En Thema, dat eis hei banne jo och beschäftegt. Do sinn Zukunftsvisiounen dohannert an dat do passt einfach net an de Rifkin-Prozess, menge mir. Dat hu mir vu virera gesot. Dann awer och de ganze Ressourcëverbrauch, wou mer jo awer kloer ëmmer erëm gesot hunn, et kéint net sinn, datt dee Ressourcëverbrauch esou exorbitant ass an d'Gemengen hu sech jo do gewiert. Dat heescht, do si sou vill Saache gelaf, wou mir eis och froen, wéi d'Gouvernance am Hannergrond gelaf ass. Wien huet sech do duerchgesat, wie war do net mat wiem d'Accord? Dat ass jo en Duerchernee sonnergläichen an dofir war et fir eis en Trauerspill."

"D'Lektioun, déi d'Regierung aus dem Dossier Fage muss léieren, ass, datt mer Critère brauchen, un Hand vun deene ka gekuckt ginn, wéi eng Betriber mer wëllen op Lëtzebuerg kréien a wéi eng net." sou de Paul Galles weider. Dat déi Krittären néideg sinn, hunn och déi aner Invitéen ëm den Dësch esou gesinn.

D'Blanche Weber, d'Presidentin vum Mouvement écologique huet betount, datt endlech misst no baussen driwwer diskutéiert ginn, wéi déi Krittäre sollen ausgesinn. D'Iddi wier schliisslech net nei, si hätt och schonn an engem Koalitiounsprogramm gestanen, ma elo bréicht een eng Diskussioun.

"Da streiden ech warscheinlech mam René Winkin a soen "Waasser ass eng regional Ressource". Ech wëll net, dass mat eisem Waasser Jughurt op Honolulu exportéiert gëtt. Waasser ass eng regional Ressource, Mëllech ass eng regional Ressource an dofir ass dat do keen nohaltege Betrib. Mir géinge streiden, ech hoffen, datt dono eng Léisung erauskënnt, mä dat éischt, mä et muss ee bereet sinn, fir en Dialog mateneen ze féieren, wou een och éierlech seet, wou ee sech net eens ass. Mir hunn heiansdo den Androck, dass am Ablack, déi Kultur fir oppen en Austausch ze hunn an am gudde Sënn ze réngen, net do ass."

De Minister Claude Turmes, zoustänneg fir Energie a Landesplannung huet verséchert, datt ee sech séier iwwert e Katalog mat Krittär wëll eens ginn.

Dat ass eng Aufgab vun der Regierung, ënnert dem Leadership vum Wirtschaftsministère, dass mer eis Krittäre ginn a wann dem Franz Fayot seng Leit an d'Ausland ginn, oder wann e Betrib bei hinnen uklappt, dass et méi kloer wéi eng Philosophie mer hunn, fir Betriber hei unzesidelen.

D'Invitéë ware sech eens, datt et net gutt ass, wa Prozesser iwwer Jore schleefen, esou wéi dat jo och elo bei Fage de Fall war. Kloer och, datt dat net gutt ass fir den Image vu Lëtzebuerg, erkläert de René Winkin, den Direkter vun der Fedil.

"Mir hu jo och Konkurrenz an dem développement économique. Wa mir muer e schéinen High-Tech an och vläicht een dee gréng Technologie wëll hierstellen heihinner wëllen zéien an et huet en Hollänner, e Belsch, e Fransous, dat hei matkritt, seet deen zum Investisseur "Lëtzebuerg, da muss du der awer gutt Zäit huelen". Tesla, déi kréien elo a 6 Méint eng Autorisatioun fir a Brandenburg eng riseg Fabrick ze bauen. Dat ass elo Brandenburg, dat ass net Lëtzebuerg. Déi si vläicht méi hongereg wéi mir."

An der Emissioun gouf och kuerz iwwer Google geschwat. De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot, hie géif nach un dee Projet gleewen an huet virdru gewarnt, och deen ze zerrieden.

Et hu matdiskutéiert:

Franz Fayot
Wirtschaftsminister

Claude Turmes
Energieminister

René Winkin
Direkter vun der Fedil

Blanche Weber
Presidentin vum Mouvement Écologique

Paul Galles
Neien Interim-Generalsekretär vun der CSV

Mouveco huet Ëmweltgesetzgebung kritiséiert

Op enger Pressekonferenz huet de Mouvement écologique en Donneschdeg de Moie schonn déi vereenzelten Ëmwelt-Gesetzgebung hei am Land kritiséiert. Ouni kuerzfristeg Reform wieren weider Echecke virprogramméiert. Viru méi wéi 15 Joer schonn hätt de Mouveco e Konzept fir e sougenannten Nohaltegkeetscheck an d'Spill bruecht, deen elo rezent bei eis op der Antenn vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an Aussiicht gestallt gouf. Och wier Fage e Symbol fir vill méi déifgräifend Problemer vun der aktueller Politik. Floskele wéi "grénge Wuesstem" a "Rifkin-Prozess" missten endlech vun der Regierung konkret mat Liewe gefëllt ginn, sou d'Presidentin Blanche Weber

Extrait Blanche Weber

De Mouvement écologique bleift derbäi: Et muss eng reell a fundéiert Debatt iwwert déi zukünfteg Wirtschaftsentwécklung vum Land an a mat der Gesellschaft gefouert ginn. D'Lëtzebuerger Wuesstemsspiral géif nämlech un hir Grenze stoussen.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)