Romantesch Serien (2)Gran Hotel (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Léift an der Zäit vum Corona: Liebespaaren, déi grausam ausernee gerappt gi wéinst gespaarte Grenzen ...

Koppelen, déi brutal zesummen agespaart sinn a sech zanter Wochen net méi aus de Féiss kommen, Singelen déi aarmséileg a ganz eleng doheem setzen... Egal zu wéi enger Kategorie der gehéiert, hei sinn eng Rei Serien, déi ee ka kucken, fir erëm e bësse Romantik a säi Liewen ze bréngen.

Mir sinn 1906 an de Julio, e jonke Mann aus dem Aarbechtermilieu, kënnt op Cantaloa an den “Gran Hotel”, fir seng Schwëster Christina, wat do als Zëmmermeedche schafft, ze besichen. Wéi hien erzielt kritt, dat hat beim klauen erwëscht gouf an zanterhier net méi gesi ginn ass, decidéiert hien, als Garçon am Hotel ze schaffen, fir erauszefannen, wat mat senger Schwëster geschitt ass.

Zur gläicher Zäit gëtt d’Alicia, d’Meedche vun der Proprietär vum Hotel, der Doña Teresa, vun hirer Mamm forcéiert, den Hotel Direkter Don Diego ze bestueden. D’Alicia fënnt d’Relatioun tëscht hirer Mamm an dem Don Diego suspekt a stellt sech Froen, iwwert den Doud vun hirem Papp.

D‘Alicia an de Julio léiere sech kennen a fänken un, zesummenzeschaffen, fir d’Geheimnisser, déi se ëmginn, opzedecken. Hir Libesgeschicht entsteet lues a lues, mat villem op an of, wëll se net nëmmen déi gesellschaftlech Ënnerscheeder mussen iwwerbrécken, mä well se och d’Intrigen vun der Doña Teresa an dem Don Diego mussen iwwerstoen, déi hir eegen onéierlech Ziler verfollegen.

D’Serie weist eng Welt vun de Räichen an hirem Déngschtpersonal, änlech wéi “Downton Abbey” dat gemaach huet, mat ville verschiddene Geschichten a Personnagen. Mä dem Alicia an dem Julio hir Libesgeschicht ass d’Ursaach, firwat en echte Romantiker se kuckt.

Déi dräi Staffelen sinn op Netflix disponibel.

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO