Wouhier de Brauch vum Spaass um 1. Abrëll staamt, ass net eendeiteg gekläert. Eng Spur féiert bis an d'Joer 1564 zeréck.

1564 huet de franséische Kinnek Karl IX eng Kalennerreform agefouert an de Joresufank vum 1. Abrëll op den 1. Januar geluecht. Laang gouf et awer Mënschen, déi sech net sécher waren a weiderhin Enn Mäerz dat neit Joer begréisst hunn. Mat hinne gouf dunn de Geck gemaach, respektiv si goufen "Abrëllsgecke" genannt.

Eng zweet Pist staamt och aus Frankräich. Am fréie 17. Joerhonnert soll de Kinnek Heinrich IV op engem 1. Abrëll eng Invitatioun fir en Tête-à-Tête vun engem Meedche kritt hunn. De Kinnek ass op den Treffpunkt gaang, ma amplaz, dass do déi jonk Damm gewaart huet, hat sech de kompletten Haff a seng Fra do versammelt. Dem Kinnek seng Fra war natierlech net immens glécklech, d'Invitatioun koum nämlech vun hir perséinlech. Dat war also e Geck - en Abrëllsgeck, wann ee sou wëll.

Dat gëtt et nach eng däitsch Variant.

E weideren Ursprong kéint den Abrëllsgeck am bayreschen Augsburg hunn. Do gouf um Augsburger Reichstag 1530, nieft dem Reliounssträit och d'Mënzwiese gereegelt. Den 1. Abrëll 1530 gouf e Mënzdag annoncéiert, op dee vill Spekulante gesat haten. Ma de Mënzdag gouf annuléiert a vill Spekulanten hunn hir Sue verluer. Et gouf deemno de Geck mat hinne gemaach.

D'Riedensaart "an den Abrëll geschéckt ginn", gouf eng éischte Kéier a Bayern gesot. Dat soll am Joer 1618 gewiescht sinn.

1. Abrëll an anere Länner

A villen europäesche Länner gëtt sech um 1. Abrëll eng gespillt. A Frankräich an an Italien zum Beispill, probéiert ee sech géigesäiteg Fësch aus Pabeier op de Réck ze pechen, ouni, dass deen aneren eppes soll mierken.

Och an Amerika ass den "April Fool's Day" e fest etabléierten Datum am Kalenner.

A Spuenien an a Latäinamerika erlaabt ee sech de Geck net um 1. Abrëll, mä den 28. Dezember. Deen Dag nennt sech "Día de los Santos Inocentes".

Déi beschten Abrëllsgecker

1957 huet de britesche Sender BBC eng Dokumentatioun iwwert d'Spaghetti-Recolte zu Tessin an der Schwäiz gewisen. Vill Leit haten deemools bei BBC ugeruff, fir ze froen, wou een da Spaghetti-Beem ze kafe kritt.

Den 1. Abrëll 1977 huet de britesche "Guardian" eng Spezialeditioun vu 7 Säiten erausbruecht iwwer eng tropesch Republik mam Numm "San Serriffe", vun där awer nach ni iergendeen eppes héieren hat.

1996 huet d'Fast-Food-Chaîne "Taco Bell" behaapt, si hätten d'Liberty Bell kaf, déi Klack, déi bei der US-Onofhängegkeetserklärung gelaut gouf, fir se an "Taco Liberty Bell" ëmzedeefen.

Och d'Fast-Food-Chaîne Burger King hat sech e Witz erlaabt an 1998 eng Pub fir en neie Burger speziell fir Lénkshänner lancéiert. Virun 2 Joer hate si sech nach ee spektakuläre Witz erlaabt a mat der Campagne #whopperfresh eng Zännpasta mat Burger-Goût ugekënnegt. Souguer en eegene Clip hat sech d'Marketing-Ekipp afale gelooss.

2008 hat BBC en Trailer gewisen an där si iwwert d'Entdecke vu Pinguinen bericht hunn, déi fléie kënnen. D'Pinguin waren awer computeraniméiert.

2014 hat Ritter Sport vill Schockela-Fans drukritt mat enger Zort, déi no Gehacktes schmaacht. An Zesummenaarbecht mat "Rügenwalder Mühle" wier dës ganz speziell Editioun entstanen, déi een awer just online bei hinne bestelle kéint.

Och Google ass berüchtegt fir seng Abrëllsgecker. 2013 war et zum Beispill de Message, dass Google YouTube géing läschen. D'lescht Joer gouf "Hummus API" annoncéiert, e Google-Taste-Stick, mat deem Google déi individuell Geschmacksnerven vun all User ermëttele kéint an esou dat perfekt Hummus-Rezept ermëttelt.

2016 huet souguer ee Google-Witz misse réckgängeg gemaach ginn. Op Gmail hate si de "Senden a Späicheren"-Button op "Senden a Mic" geännert. Un all Mail gouf e Gif mat engem Minion drugehaang, deen e Mikro fale léisst.

Dee Geck huet sech op de legendäre "Mic-Drop" vum Barack Obama bezunn. Vill User hunn doriwwer awer manner gelaacht, zum Beispill wann et ëm ganz wichteg Maile goung. Op de soziale Reseauen huet Google esou vill Kritik kritt, dass de Button direkt nees erofgeholl gouf.

1. Abrëll op RTL

2011
Am Dezember war därmoosse vill Schnéi gefall, dass op 2 Deeg keng Schoul war. Den 1. Abrëll 2011 hat d'RTL-Redaktioun annoncéiert, dass déi Deeg missten nogeholl ginn.

2012
Méi Plaz am Portemonni sollten d'Leit dat Joer am Abrëll kréien. Do war et de Message, dass d'Zentralbanken déi kleng  rout Mënz aus dem Verkéier zéien, well de Präis vum Koffer ze deier wier.

2013
Net wierklech drop eragefall sinn eis Lieser bei der Annonce, dass de Poopst François am Juni 2013 fir eng Visitt sollt op Lëtzebuerg kommen.

2014
E puer Chaufferen hate sech nawell zesummefonnt, nodeems mir den Appell gemaach haten, dass Tester gesicht ginn, fir duerch den deemools nach neien Tunnel Stafelter ze fueren. Fir näischt hate si sech net dohi beweegt, si kruten e gratis Check vum ACL.

2015
Wéinst dem Projet Royal Hamilius gouf de Parking um Aldringen geraumt an do sollten 3 Autoe versteet ginn, déi jorelaang do geparkt stoungen a schonn traureg Berühmtheet haten. Dat war natierlech e Witz.

2016
Nach emol de Projet Royal Hamilius. Do war et d'Noriicht, dass de Chantier Retard kritt, well en neit Stéck Kasematten entdeckt gouf.

2017
Mam berühmte Sting live schwätzen, wuel en Dram vu ville Fans. Deen Opruff hate mer den 1. Abrëll virun 2 Joer gemaach. D'Leit, déi an den RTL-Studio ugeruff haten, hu mer leider missen enttäuschen, matgelaacht hu se awer.

2018
"Plexi" sou sollt déi nei Moderatrice heeschen, déi eegestänneg eng Radiossendung iwwerhuele sollt. Mir halen dann awer léiwer eis léif Mataarbechter aus der Radio-Ekipp.

2019
De wuel am meeschte diskutéierte Sujet an de leschte Wochen a Méint sollt als Abrëllsgeck hierhalen: falsch agestallte Radaren. Déi mannste Leit sinn drop eragefall, ma d'Reaktiounen sinn awer net ausbliwwen.

"Abrëll Abrëll": D'Radare ginn awer all richteg
Et war d'Annonce, dass d'Radaren hei am Land net richteg gëeicht gewiescht wieren. Déi meescht Leit sinn op dës Annonce awer net eragefall.