Nei FotoenDe Prënz Charles huet e Mëttwoch dierfe mat sengen Elteren heem

RTL Lëtzebuerg
Den Haff huet e Mëttwoch de Moien nei Fotoe vum Prënz Charles verëffentlecht. Um 12 Auer huet déi frëschgebake Famill zesummen d'Spidol dierfe verloossen.

Dräi Deeg no der Gebuert, hat de klenge Prënz, wéi bal all neigebuere Puppelchen, säin éischte Fotoshooting am Spidol, der Maternité Grande-Duchesse Charlotte. Den intime Moment huet den Haff mam Public gedeelt.

E Mëttwoch de Mëtteg dierf de “Charel” och mat sengen Elteren heem. RTL war mat der Kamera beim éischten Optrëtt dobäi.

De Prënz Charles dierf heem / D’Carine Lemmer war live dobäi

De Prënz Charles dierf mat sengen Elteren heem
Den Haff huet e Mëttwoch de Moien nei Fotoe vum Prënz Charles verëffentlecht. Um 12 Auer huet déi frëschgebake Famill zesummen d’Spidol dierfe verloossen.

E Mëttwoch hunn den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer den Acte de naissance vum Prënz Charles ënnerschriwwen.

Schreiwes

Naissance du Prince Charles de Luxembourg le 10 mai 2020

Signature de l’acte de naissance par S.A.R. le Grand-Duc héritierLe mercredi 13 mai 2020, S.A.R. le Grand-Duc héritier Guillaume de Luxembourg et le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Madame Lydie Polfer, ont signé l’acte de naissance officiel du Prince Charles de Luxembourg, né le dimanche 10 mai 2020 à la Maternité Grande-Duchesse Charlotte à Luxembourg.

À cette occasion, Madame Polfer a félicité le couple héritier pour leur premier enfant portant les prénoms de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume et figurant deuxième dans l’ordre de succession après son père, et a remis à S.A.R. le Grand-Duc héritier Guillaume un cadeau pour le petit prince et un bouquet de fleurs pour S.A.R. la Grande-Duchesse héritière.

International Press

Wäit iwwert d’Grenze vum Grand-Duché ewech gëtt iwwert d’Gebuert vum Prënz “Charel” bericht. Nieft der däitscher Bunte-Zeitung, goufen déi neiste Fotoe vum Charles zum Beispill op der brittescher Säit Royal Central, op Paris Match an am Hallo Magazine publizéiert.

RTL-NEWS: Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie sinn Eltere ginn
RTL-NEWS: Wou kënnt den Numm hier a wat bedeit d’Gebuert fir d’Successioun?
RTL-NEWS: Dat ganzt Land felicitéiert de frëschgebakenen Elteren
RTL-NEWS: Gebuert vum Prënz Charles e speziellen Dag fir de Grand-Duché
RTL-NEWS: International Reaktiounen
RTL-NEWS: D’Gebuerte vu Lëtzebuerger Trounfollger am Wandel vun der Zäit

Back to Top
CIM LOGO