An eiser Serie iwwert d'Gesondheetskeess zu Lëtzebuerg kucke mer dës Woch méi genee op d'Impfprogrammer, déi vun der CNS offréiert ginn.

Zu Lëtzebuerg ass den Taux vun den Impfunge ganz héich. Ma nëmme wann den Impftaux héich ass, ass assuréiert, datt keng gréisser Epidemien opkommen.

AUDIO: Serie CNS (24. Deel) - Impfprogrammer vun der CNS

D'CNS huet zu Lëtzebuerg den Ament 2 Impfprogrammer lafen.

Dat ass fir d'éischt emol d'Grippeimpfung, déi awer spezifesch Persoune vu 65 Joer u concernéieren. Ma och Assuréë mat verschiddene Problemer, ewéi zum Beispill chronesch Häerz-, Longen-, Nieren- oder Auto-Immun-Krankheete ginn hei mat agebonnen, sou de Gaston Fischer, Assistant de Projet bei der CNS.

Dës Persounen hunn eng Dosis Grippeimpfstoff zu 100% ze gutt. A bei Kanner ënner 9 Joer kann dat bis zu 3 Dose ginn.

Den zweete Programm ass fir Meedercher tëschent 11 an 13 Joer. Eng Preventiv géint den Humane Papilloma Virus, deen dacks fir Gebärmutterhalskriibs responsabel ass. D'Meedercher, déi zu Lëtzebuerg assuréiert sinn, kënnen un dësem Programm deelhuelen a ginn och mat engem Bréif vun der Direktioun vun der Santé invitéiert an un dës Impfung erënnert. Se ass awer net obligatoresch. Den Programm besteet aus zwou Impfungen, déi an engem Intervall vu 6 Méint stattfannen. Den Impfstoff kréien d'Zilpersounen an den Apdikten zu Lëtzebuerg, präziséiert de Gaston Fischer. D'Fraisen dovunner gi vun der CNS iwwerholl.  Duerno da kann ee bei säin Hausdokter goen, deen de Rescht vun der Prozedur iwwerhëlt.

Wichteg ass nach, dass ee bei deenen zwee Programmer eng Ordonnance vum Dokter brauch.

Nächste Méindeg geet et weider mam Sujet iwwer d'Protheesen.