D'Europadeputéiert preparéiere sech dëser Deeg op hir Rentrée.

Bis déi éischt Plenière an der Woch vum 11. September ass et zwar nach e bëssen, ma lues awer sécher fëllt sech den Agenda erëm a fir d’Vertrieder aus den eenzele Memberlänner an hier Mataarbechter heescht et erëm an den Tratt kommen.
Et ass déi lescht Rentrée, ier d’Politiker sech am Juni dat anert Joer erëm dem Wieler stellen a bis dohinner ass nach sou munches ze dinn.

Mir hu bei de Lëtzebuerger Europadeputéiert nogefrot, wat hier Prioritéiten nach fir déi nächst néng Méint sinn.

Mobilitéit a Gesondheet als Prioritéit

Serie Europadeputéiert: Tilly Metz (Deel 1)/ Rep. Dany Rasqué

D’Tilly Metz vun déi Gréng beschäftegt sech an deenen nächste Méint ënnert anerem vill mat Zich. Si ass Rapportrice vun engem Projet, wou et drëms geet, datt méi Trafikant op de Schinnen ass a manner op der Strooss, am Gidder-, mä och am Passagéiertransport.

An deem Beräich soll eng besser Koordinatioun op europäeschem Niveau d’Zuchfueren iwwert d’Grenzen eraus méi kamoud maachen.

"Datt mer eppes wéi en Taktfahrplan hunn, dat heescht reegelméisseg Zich, déi awer och gekuckt ginn an enger multimodaler Approche. Net datt ech iergendwou ukommen an da grad déi nächst Verbindung mam Bus oder mam Zuch verpasst hunn. Do musse mer eng méi koordinéiert an harmoniséiert Approche hunn."

Eng weider Prioritéit vun der grénger Europadeputéiert betrëfft d’Gesondheet vum Mënsch. Et geet nämlech ëm eng Reform vun der Legislatioun iwwert d’Medikamenter.

"De Pharmapackage, do geet et wierklech drëms, erëm e besseren Equiliber hierzestelle beim Muechtverhältnis tëschent der Pharmaindustrie an den Autoritéiten. Do ass et ganz wichteg, datt wann een eppes mat ëffentleche Gelder ënnerstëtzt, d’Recherche oder och d'Entwécklung vu Medikamenter respektiv Impfstoffer, datt dat awer u Konditioune gebonnen ass."

D’Wuel vun den Déieren ass fir d’Tilly Metz eng weider Prioritéit fir déi nächst Méint, mat verschiddenen Déiereschutzgesetzer, déi mussen op de Leescht geholl ginn.

D'Tilly Metz wëll hir Aarbecht weider maachen

Serie Europadeputéiert: Tilly Metz (Deel 2) / Rep. Dany Rasqué

Et si verschidden déck Dossieren, déi méi wéi sécher net méi kënne virun den Europawalen am Juni dat anert Joer ofgeschloss ginn. Mä d’Tilly Metz ka sech ganz gutt virstellen, mat hirer Aarbecht virunzefueren, wann de Wieler domadder averstanen ass.

"Ech si ganz motivéiert, weider am Europaparlament ze sinn. Dat heescht, ech wäert sécher weider kandidéieren, fir kënnen am Europaparlament täteg ze sinn."

Un Erausfuerderunge feelt et der Politik op europäeschem Niveau sécher net. Eng vun deene gréissten ass an den Ae vun der Tilly Metz grad an deene leschten Deeg a Woche mat den héijen Temperaturen an de ville Feieren am Süde vun Europa erëm eng Kéier ganz däitlech ginn.

"Ee vun de grousse Challengen ass natierlech nach ëmmer de Klimawiessel. Mir hunn och nach ëmmer de Krich, den Iwwerfall op d’Ukrain. Dat si sécherlech zwee Sujeten, wou mer weiderhin enk mussen dru bleiwen, kloer Positiounen als europäesch Unioun mussen hunn an och weider kloer Ziler mussen oprecht halen."

Europa brauch deemno weiderhi Politiker, déi d’Äerm eropstrëppen. Zäiten, an deenen et och wichteg ass e Ruck no Riets ze verhënneren.

Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert: