Europa muss méi zesummewuessen, fir sech kënnen ze verdeedegen
D'CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima mécht kee Geheimnis draus, datt si Loscht huet, och nach no dësem Mandat mat hirer Aarbecht virun ze fueren.
Fir d'Membere vum Europaparlament ass dëser Deeg jo déi lescht Rentrée, ier se sech am Juni dat anert Joer dem Wieler stellen. Bis dohinner wëll d'Isabel Wiseler op zwou grousse perséinleche Prioritéite viru schaffen.
Dat ass virop d'Sécherheet vun de Journaliste weltwäit. Fräie Journalismus ass fir d'Isabel Wiseler-Lima e Schlësselelement vun enger Demokratie, mä nach laang net iwwerall op der Welt Realitéit. "D'Journalisten hunn e Recht z'informéieren an d'Bierger hunn e Recht informéiert ze ginn an dat ass a Gefor den Ament méi wéi jee. Duerch den Autoritarismus. Autoritär Staaten erlabe kee fräie Journalismus. A Russland sëtzen déi, déi kritesch waren, am Prisong."
Russland ass just ee Beispill vu villen. Verbonne mam Problem vun der Desinformatioun, deen zënter dem Iwwerfall op d'Ukrain zwar méi eescht geholl géif, géint deen een awer nach däitlech méi misst ënnerhuelen, net zu Lescht fir d'Demokratie ze schützen.
"Wann d'Leit net méi wëssen, wat richteg a wat falsch ass, ass wierklech eng Schwieregkeet. Wa se dat Falscht gleewen, ass e Problem, mä dat Schlëmmst fir d'Demokratie, an et ass och dat, wat autoritär Staaten zu engem groussen Deel mat der Desinformatioun bezwecken, ass, datt d'Leit zur Conclusioun kommen, datt se souwisou net wëssen, wat richteg oder falsch ass a wann ech der Meenung sinn, datt ech net méi Informatioune ka kréien, dann zweiwelt een och un der Demokratie."
A genee dat misst verhënnert ginn an Zäiten, wou d'Demokratie réckgängeg ass.
"Et ass esou, datt mer duebel esou vill Länner hunn, déi a Richtung vun engem autoritäre Staat ginn, wéi Länner, déi a Richtung Demokratie ginn."
D'CSV-Europadeputéiert warnt virdrun, dovunner auszegoen, datt eng Demokratie ëmmer eng Demokratie bleift. Deen Dag, wou ee géif ophalen, se ze verdeedegen, géif ee se verléieren.
Dat ass e Kampf, dee fir d'Isabel Wiseler-Lima eng vun de groussen Erausfuerderunge fir d'Europäesch Unioun ass
Eng aner ass an hiren Aen, datt Europa méi muss zesummewuessen, fir sech kënnen ze verdeedegen. De Krich an der Ukrain hätt dat nach emol däitlech gemaach. Europa wier drun erënnert ginn, wéi riskant et wier, wann ee sech net seriö ëm déi eegen Defense këmmert.
"Mir musse kënne reagéieren am Fall vun enger Gefor an Europa muss och kënnen eegestänneg Decisiounen huelen. Mir kënnen net ëmmer drop waarden, datt d'USA do sinn."
D'Situatioun am Afghanistan hätt gewisen, datt een net ëmmer op där selwechter Linn wier. Anescht wéi am Krich an der Ukrain - e Krich, dee viru méi wéi annerhallwem Joer ugefaangen huet a fir d'Isabel Wiseler-Lima op kee Fall zu enger Normalitéit dierf ginn.
"Mir dierfen eis net un déi Biller vun de Bombardementer gewinnen. Mir mussen déi Biller vu Butscha verhalen. Et ass Mord, et ass Vergewaltegung, et ass Folter, et ass Deportatioun vu Kanner. Eppes, wat mer eis net méi hätte kënne virstellen."
D'Isabel Wiseler-Lima wëll sech dowéinst och an Zukunft dofir asetzen, datt Europa esoulaang un der Säit vun der Ukrain steet, wéi dat néideg ass.
Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert:
- Serie Europadeputéiert (1) - Tilly Metz: "Ech si ganz motivéiert, weider am Europaparlament ze sinn"
- Serie Europadeputéiert (2) - Marc Angel: Prinzip vun der Eestëmmegkeet misst ofgeschaaft ginn
- Serie Europadeputéiert (3) - Christophe Hansen: Iwwerhëlt den CSV-Deputéierte politesch Responsabilitéiten am Grand-Duché?
- Serie Europadeputéiert (4) - Charel Goerens: Nieft den Europawale muss sech d'EU op d'Walen an den USA virbereeden
- Serie Europadeputéiert (5) - Isabel Wiseler-Lima: Europa muss méi zesummewuessen, fir sech kënnen ze verdeedegen
- Serie Europadeputéiert (6) - Monica Semedo: "Ech vertraue mir, datt ech mäi Wee fannen"