Virun der leschter Rentrée vun hirem Mandat hu mir d'Lëtzebuerger Europadeputéiert no hire grousse Prioritéite virun den Europawalen am Juni 2024 gefrot.

Dozou gehéiere fir de liberale Politiker Charel Goerens ganz kloer d'Walen, mä net just déi an Europa. Bal nach méi wichteg si fir hien d'Walen an den USA.

Serie Europadeputéiert Charel Goerens (Deel 1) / Reportage Dany Rasqué

An den Aen vum Charel Goerens muss d'Europäesch Unioun sech op déi Echeance virbereeden an zu Washington d'Gespréich mat den Demokraten an de Republikaner sichen, fir ze froen, ob se den Impakt, deen hir Politik op Europa huet, berécksiichtegen.

"Ech priedegen zënter Joerzéngten, datt mer dat solle maachen. Mir mussen am Virfeld aktiv ginn. Eis Konkurrenten, eis Alliéiert iwwert dat informéieren, wat mer wëllen. Wa mer dat net maachen, si mer einfach privilegéiert Observateure vun deem, wat aussepolitesch geschitt a wat en enormen Impakt op eis huet."

Nach virun den US-Presidentschaftswalen d'nächst Joer am November gëtt awer en neit Europaparlament gewielt an och dat ass e wichtege Rendez-vous. An Zäiten, an deene rietsextrem Parteie méi Succès hunn, missten d'Parteien aus der Mëtt sech méi op hir Gemeinsamkeete konzentréieren, manner streiden, seet de liberale Charel Goerens.

"Allgemeng gesi géif ech awer soen, datt um Niveau vun de Regierungen d'Katastroph net imminent ass, well d'Europäesch Unioun huet 800 Milliarden Euro an e Plan de relance gestach a vun deem kréien d'Italiener schrecklech vill. Déi hu jo eng rietsextrem Regierung, mä déi wäerten näischt ënnerhuelen, fir iergendwéi den Zesummenhalt vun der Europäescher Unioun ze menacéieren. Do misste se scho gehieramputéiert sinn."

Wat sinn dem Charel Goerens seng perséinlech Prioritéiten, op déi hie sech konzentréiere wëll?

Serie Europadeputéiert Charel Goerens (Deel 2) / Reportage Dany Rasqué

De Charel Goerens beschäftegt sech ënnert anerem als Co-Rapporter mam neie Gesetz iwwert d'Parteiefinanzéierung. D'Zil war et, d'Diskussioune schonn Ugangs dës Joers ofgeschloss ze hunn, fir datt et nach virun den Europawale kann a Kraaft trieden, mä souwäit ass een awer nach net.

"Do komme mer nëmme lues virun, well et gi ganz vill Retizenze bei de Memberstaaten. Mir wëllen als Parlament och Parteien, déi a Länner sinn, déi wëllen an d'Europäesch Unioun erakommen, mat eranhuelen an den Exercice vun den europäesche Parteien".

Eng aner Prioritéit vum Charel Goerens ass dat aussepolitescht Finanzéierungsgesetz, wou elo en Audit usteet an eppes, wat him scho laang viru senger politescher Karriär um Häerz louch ass d'Agrarpolitik.

"D'Agrarpolitik huet sech an eng Richtung entwéckelt, déi mir den Ament immens vill Suerge mécht, well mer um europäesche Plang net genuch Koherenz hunn. Engersäits gi Moossnamen ergraff, déi ëmmer méi d'Produktioun aschränken, d'Kommissioun refuséiert an enger onbeschreiflecher Arroganz eng Etüd ze maachen iwwert d'Sécherheet vun der Liewensmëttelproduktioun an der Europäescher Unioun an op där anerer Säit ginn d'Dieren awer opgemaach, fir Produiten aus dem Ausland eranzehuelen."

D'Landwirtschaft ass méi wéi sécher eppes, wat de Charel Goerens och nach beschäftegt, wann en eng Kéier net méi politesch aktiv ass. Wann et him no geet, ass en Enn vun der Politik an den nächste Joren awer net en vue.

"Ech ka mer Europa ganz gutt virstellen ouni mech, mä ech ka mer mech selwer net gutt virstellen ouni Europa. Wann der mat ärer Fro verbannt, wat ech an Zukunft wëlles hunn, da géing ech iech soen, datt ech total motivéiert sinn an deem, wat ech maachen, ech gesinn och keen Unzeechen, datt dat an Tëschenzäit atténuéiert hätt - am contraire."

Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert: