Iwwerhëlt den CSV-Deputéierte politesch Responsabilitéiten am Grand-Duché?
Wat sinn nach Är grouss Prioritéite virun den Europawalen, dat anert Joer am Juni? Dat hu mer d'Lëtzebuerger Europadeputéiert elo virun der Rentrée gefrot.
Fir den CSV-Politiker Christophe Hansen ass et méi eng speziell Rentrée a méiglecherweis bleift him manner Zäit zu Bréissel an zu Stroossbuerg, wéi deenen anere Lëtzebuerger. Hie kéint nämlech nach virun Enn des Joers politesch Responsabilitéiten am Grand-Duché iwwerhuelen.
Wann hie gewielt gëtt, hëlt de Christophe Hansen säi Mandat un
De Christophe Hansen kandidéiert jo den 8. Oktober bei de Chamberwalen a sollt hien do gewielt ginn, géif hie säi Mandat unhuelen, mä dat ass alles nach Zukunftsmusek.
"An der Politik hunn ech eppes geléiert: Et kënnt meeschtens anescht wéi ee mengt, an dofir soll ee sech net ze vill fixéieren, well de Wieler huet natierlech dat lescht Wuert, an dat ass och gutt esou."
Onofhängeg vu Wal-Échéancen ass genuch ze dinn.
Et misst ee virbereet sinn op eng eventuell weider Flüchtlingskris wéinst engem potentielle Krich an der Sahelzon, wou de Putsch am Niger virun e puer Wochen zu weideren Onstabilitéite bäidréit, dobäi kënnt elo och nach de Militärputsch am zentralafrikanesche Gabun.
Flüchtlingskrise si souwisou eng schwiereg Diskussioun op europäeschem Niveau, mat ënner anerem Memberlänner wéi Ungarn a Polen, déi blockéieren, wann et drëms geet, Flüchtlinge gerecht an der EU ze verdeelen.
"Ech mengen dat wier awer wichteg, well do muss jidderee mat upaken. Mir kënnen net d'Länner am Süde vun Europa einfach esou mat enger Flüchtlingswell gewäerde loossen. Si hunn och Capacitéitsgrenzen an do musse mir och eisen Deel matdroen. An engems musse mer awer och à la source kucken ze verhënneren, datt d'Leit op Booter klammen an hiert Liewen a Gefor bréngen. Dat ass deen anere groussen Challenge, wou mer mussen usetzen."
Mä och de Krich an der Ukrain huet Europa viru grouss Erausfuerderunge gestallt an d'Auswierkungen op d'Liewensmëttelpräisser - maachen an den Ae vum Christophe Hansen - och Upassungen an der gemeinsamer Agrarpolitik néideg. Zum Beispill wat d'Broochfläche betrëfft, déi virgesi sinn. Dat géif kee Sënn maachen an Zäiten, wou Liewensmëttel knapp ginn.
Eng aner grouss Erausfuerderung fir Zukunft ass de Klimawandel
An do muss Europa an den Ae vum Christophe Hansen sech nach méi dru ginn. An den USA ënnerstëtzt d'Biden-Regierung d'Industrie bei der energeetescher Transitioun mat engem Investitiounsprogramm vun 300 Milliarden Dollar. Dogéint wierkt Europa bësse schwaach.
"Mir hunn elo eppes op europäeschem Niveau gemaach, dat sinn awer nëmmen 10 Milliarden an dat ass natierlech keng Proportioun. Do musse mer warscheinlech nobesseren an do musse mer och extrem vill Drock op d'Memberlänner maachen, well dat ass natierlech eng budgetär Fro. Do muss méi an den europäesche Fong bezuelt ginn, fir datt mer dono och kënnen mat den Amerikaner mathalen."
Am Beräich vun der Klimapolitik gëtt et och nach en anere groussen Dossier, dee fir de Christophe Hansen eng vun de grousse Prioritéite bleift.
"Dat ass een Deel vum sougenannten "European Green Deal", wou et ëm d'Ofwaasser geet. Do hu mer souwisou zu Lëtzebuerg schonn ëmmer Problemer. Do hunn ech eng ganz Rëtsch Amendementer gemaach. Notamment wat d'Klimaneutralitéit um Site vun enger Kläranlag ugeet. Dat kann een esou net areechen. Ech hunn notamment Amendementer gemaach, datt ee sech do zum Beispill bei Wandrieder kann akafen als Kläranlag. Dat sinn Dossieren, déi musse mer nach fäerdeg kréie virun den Europawalen."
E chargéierte Programm also, un deem et elo mol gëllt parallel zum Walkampf zu Lëtzebuerg ze schaffen.
Mat gréisseren neien Initiative vun der EU Kommissioun rechent de Christophe Hansen dogéint net méi an deene leschten 9 Méint virun den Europawalen.
Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert:
- Serie Europadeputéiert (1) - Tilly Metz: "Ech si ganz motivéiert, weider am Europaparlament ze sinn"
- Serie Europadeputéiert (2) - Marc Angel: Prinzip vun der Eestëmmegkeet misst ofgeschaaft ginn
- Serie Europadeputéiert (3) - Christophe Hansen: Iwwerhëlt den CSV-Deputéierte politesch Responsabilitéiten am Grand-Duché?
- Serie Europadeputéiert (4) - Charel Goerens: Nieft den Europawale muss sech d'EU op d'Walen an den USA virbereeden
- Serie Europadeputéiert (5) - Isabel Wiseler-Lima: Europa muss méi zesummewuessen, fir sech kënnen ze verdeedegen
- Serie Europadeputéiert (6) - Monica Semedo: "Ech vertraue mir, datt ech mäi Wee fannen"