Déi 705 Memberen aus dem Europaparlament bereede sech op d'Rentrée vir.

Spéitstens vun dëser Woch un fëllen d'Büroe sech erëm, och wann déi éischt Plenière eréischt an der Woch vum 11. September ass.

Dat hei ass déi lescht Rentrée virun de Walen am Juni, op déi de sozialistesche Vertrieder a Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel sech elo scho freet, wéi en eis an engem Interview verroden huet.

Do virdru muss awer nach eng Kéier richteg op de Gas gedréckt ginn, fir d'Dossieren sou gutt a sou wäit wéi méiglech ofzeschléissen an d'Lëscht mat de Prioritéiten, déi de Marc Angel huet, ass laang.

Eppes, wat dem Marc Angel um Häerz läit, ass d'Gläichheet an der Unioun.

Accessibilitéit muss europawäit verbessert ginn

Serie Europadeputéiert Marc Angel (Deel 1) / Rep. Dany Rasqué

E Projet, un deem hien nach an den nächste Méint weider wëll schaffen, ass eng Kaart fir Mënschen mat Behënnerung. Eng Kaart, déi europawäit soll gëllen.

"Si soll net nëmmen do si fir méi e bëllegen ëffentlechen Transport oder méi bëlleg an de Musée ze kommen, mä d'Leit sollen esou e Statut kréien. Et ass en Dossier, wou mer och déi nei Technologië wëllen asetzen mat QR-Coden. Esou datt een déi verschidde Behënnerungstyppe ka beschreiwen. Déi Kaart ass och nëtzlech, wann en Accident ass, an déi betraffe Persoun läit am Koma. Do wëlle mer ganz praktesch Saachen erabréngen."

Ganz aktiv ass de Marc Angel och an der Kommissioun iwwert de Bannemaart, wou zum Beispill ganz intensiv dru geschafft gëtt, datt Produiten, déi hiergestallt ginn, musse kënnen ze flécke sinn, wa se eng Kéier net méi funktionéieren.

"De Labeling vun de Produkter. Dass muss drop stoen, datt ee se ka reparéieren, wéi laang se halen. Mir versiche jo och ze verbidden, datt Produiten hiergestallt ginn, wou agebaut ass, datt se no enger Zäit futti ginn. Dat soll wierklech verbuede ginn. Dat ass eppes ganz Wichteges. Do wëll ech och weider dru schaffen."

Zousätzlech Responsabilitéiten als Vizepresident

Als Member vun der Petitiounskommissioun ass de Marc Angel meeschtens zoustänneg fir de Rapport iwwert den europäeschen Ombudsman an da kommen och nach seng Responsabilitéiten dobäi, déi hien als Vizepresident huet.

Serie Europadeputéiert Marc Angel (Deel 2) / Rep. Dany Rasqué

Do kritt de Marc Angel als ee vu 14 Vizepresidenten dacks Opträg, wou en d'Presidentin vum Europaparlament muss vertrieden. Hien ass zum Beispill och responsabel fir en Aarbechtsgrupp, an deem et ëm d'Digitalisatioun geet. Donieft huet de Marc Angel dat grousst Zil, Europa weider no vir ze bréngen, notamment duerch eng Reform vun europäesche Reegelen.

Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt de Prinzip vun der Eestëmmegkeet bei wichtege Votten op EU-Niveau muss ofgeschaaft ginn.

"Wa mer wëllen Europa weider entwéckelen - mir sinn elo zu 27, an et si Länner, déi virun der Dier stinn - ass et wichteg, datt mer eis aner Reegele ginn. Mir mussen dofir suergen, datt mer eng qualifizéiert Majoritéit brauche bei de Votten, well soss komme mer net méi virun. Soss ass ëmmer ee Land, dat wëll blockéieren. Mir brauchen erëm sou grouss Schrëtt wéi virun 30 Joer de Bannemaart, wéi den Euro, wéi Schengen an dat kënne mer nëmme maachen, wa mer déi Unanimitéit ofschafen."

Zu de groussen Erausfuerderungen, virun deenen Europa steet, gehéiert fir de Marc Angel d'Migratiounsfro.

"Do gëtt et dee Migratiounspak, dee muss virun de Walen ofgeschloss ginn, well wann d'Biergerinnen an d'Bierger d'Gefill hunn, mir hätte keng Kontroll, dann ass dat net gutt. Mir musse Méiglechkeete fannen, fir Leit iwwer sécher Weeër an Europa eranzekréien."

Ganz wichteg ass et dem Marc Angel no awer och, datt weider un deem sozialen Europa gebaut gëtt. De Green Deal, also d'Strategie mat där Europa seng Klimaziler bis 2050 wëll areechen, bréicht e rout Häerz. Dofir wëll hie sech engagéieren, och no den Europawalen, wann de Wieler d'Accord ass.

Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert: