Soziales, Inclusioun a Chancëgläichheet, dat bleiwe graff resuméiert d'Prioritéite vun der Europadeputéiert Monica Semedo.

Och si preparéiert sech dëser Deeg op déi lescht Rentrée vun hirem Mandat. Genee wéi mat deenen anere Lëtzebuerger Europadeputéiert hu mer déi lescht Deeg iwwer mat der Monica Semedo iwwert hir Aarbecht an awer och iwwert hir Zukunft geschwat.

Serie Europadeputéiert Monica Semedo (Deel 1) / Reportage Dany Rasqué

Si war jo op der Lëscht vun der DP an d'Europaparlament gewielt ginn, huet d'Partei awer ugangs 2021 verlooss, wéi déi éischt Mobbingreprochë géint si ëffentlech goufen.

Zweemol gouf d'Monica Semedo wéinst psychescher Gewalt vis-à-vis vu Mataarbechter vum EU-Parlament sanktionéiert. Am Interview wëll si selwer net dorop agoen a verweist op hiren Affekot. Op d'Fro, ob si Feeler gemaach hätt, gëtt d'Europadeputéiert dës Äntwert:

"Wann ech elo sou iwwerleeën, dat ass jo alles eng gewëssen Zäit zeréck, ech sinn net perfekt. Ech si keng perfekt Persoun, och bestëmmt net de perfekte Chef, mä virun allem awer e Chef, deen e grousst Häerz huet an e Chef deen nolauschtert. Wann iergendeppes ass sinn ech gären do a fanne Léisungen, wéi een dat kann aus dem Wee schafen."

D'Monica Semedo seet si hätt op deen haarde Wee geléiert wéi Politik op europäeschem Niveau funktionéiert, mä och wa se nach eng Kéier vu vir kéint ufänken, géif dat net vill änneren.

"Wat ech haut géif anescht maachen? Ech géif sou gutt wéi näischt anescht maachen. Ech géif meng Motivatioun a mäin Engagement, déi ech vun Ufank un hat an nach ëmmer hunn, bäibehalen, dat huet vill Succès bruecht."

Dozou zielt si den europäesche Mindestloun a remuneréiert Qualitéitsstagë fir Jonker.

Déi politesch Aarbecht géif hir Freed maachen, seet d'Europadeputéiert aus der Fraktioun "Renew  Europe", wou de Wee an 9 Méint higeet, ass nach ongewëss.

"Meng Erfarung war lo mat enger Partei net onbedéngt ëmmer sou einfach, mä dat ass passé, well ech elo vermierken. Ech hu geléiert, datt ech um Enn just mir selwer vertraue kann an ech vertraue mir, datt ech mäi Wee scho fannen. An der Politik oder enzwousch anescht, dat loosse mer mol nach opstoen."

D'Monica Semedo seet si wéilt sech déi nächst Méint op hir Aarbecht konzentréieren an där géif et genuch.

 

Wat si fir d'Monica Semedo dann déi grouss Prioritéiten an Erausfuerderungen?

Serie Europadeputéiert Monica Semedo (Deel 2) / Reportage Dany Rasqué

Si nennt do virop méi e soziaalt Europa. Ongläichheete missten ofgeschaaft ginn.

"Dat heescht wierklech, datt jiddereen, egal wou en hier kënnt, egal wéi eng Hautfaarf oder Relioun en huet, datt jiddereen déi selwecht Chancen am Liewen huet a jiddereen aus sengem Liewen dat ka maachen wat en och wëll maachen an net opgehale gëtt. Sief et wéinst der Hautfaarf, enger Behënnerung oder well een eng Fra ass."

Hir eege visuell Behënnerung, eng rar Krankheet, déi sech an deene leschte Jore manifestéiert hätt, géif ganz däitlech maachen, wéi wichteg et ass, datt Leit mat Behënnerung an d'Gesellschaft integréiert ginn.

Eng aner grouss Erausfuerderung bleift fir d'Monica Semedo de Kampf géint de Rassismus a fir d'Diversitéit. Net zu Lescht missten do och d'EU-Institutioune mat guddem Beispill vir goen.

"Just 5 Prozent vun de 705 Deputéierten am Europaparlament si vun enger anerer Hautfaarf. Dat spigelt eis Gesellschaft net erëm. Do musse mer eppes maachen, fir datt mer och am EU-Parlament zum Beispill méi Diversitéit hunn."

Et wier wichteg de Motto vun de europäescher Unioun "Vereent an der Diversitéit" ze liewen an ze fleegen.

Gespaant ass d'Monica Semedo awer och wéi d'EU-Memberlänner den europäeschen Aktiounsplang géint de Rassismus an deenen nächste Joren ëmsetzen.

Liest hei déi aner Deeler vun eiser Serie iwwert d'Lëtzebuerger Europadeputéiert: