Mann, deen an Untersuchungshaft souz, kritt Entschiedegung

© Domingos Oliveira (Archiv)
Et gëtt e weidert Urteel an der Affär Lausduer, bei deem zwee Policeautoen aneneegerannt waren, dat mat déidleche Suitten.
An der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll 2018 gouf et jo do en déidlecht Accident tëschent Policeautoen. Si ware wärend enger Course-poursuite vun engem Chauffer aneneegerannt, dee sech virun enger Kontroll wollt drécken an d'Kéier gemaach hat.
Dee Mann war vum 15. bis den 23. Abrëll zu Onrecht an Untersuchungshaft, esou d'Geriicht. Hien huet eng Demande op Schuedenersatz gemaach an där ass d'Geriicht elo nokomm, wann och net an där Héicht, déi de Mann gefrot hat.
Hien hat säi Schued op 25.355 Euro chiffréiert an eng Entschiedegung fir d'Prozedur an Héicht vun 3.000 Euro gefrot. Déi 11. Kammer vum Stater Bezierksgeriicht kënnt zur Conclusioun, datt d'Fuerderung no Schuedenersatz deelweis fondéiert ass. Deemno kritt hien eng Entschiedegung vun 6.855,50 Euro an eng Indemnitéit fir d'Prozedur vu 500 Euro.
D'Chambre du Conseil vun der Cour d'appel hat am Oktober 2021 en non-lieu zeréckbehalen, fir d'Reproche vum onfräiwëllegen Doudschlag an onfräiwëlleger Gewalt.