D'Woch op RTLD'Nouvellen, déi d'Leit beweegt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Tripartite: Positiv fir jiddereen?
Den Tripartitesaccord gouf en Dënschdeg ënnerschriwwen. Konkret sollt elo am Portmonnie vun eis alleguer rabbelen. Vum 1. Januar u gëtt Steiertabell ëm 2,5 Indextranchen un d’Inflatioun ugepasst. Fir e jonke Celibataire ouni Kanner mat enger Paie vun ronn 5.000 Euro brutto de Mount mécht dat zum Beispill e Plus vun 725 Euro d’Joer aus. Ma gouf et net just Luef fir dësen Accord.

Accident am Neiduerf wërft Froen zu Stroossesécherheet op
Uergt Accident gouf et dës Woch am Neiduerf an der Stad. 3 Mënsche sinn dobäi ëm d’Liewe komm, dorënner eng Foussgängerin. Dësen Tëschefall huet fir eng Rei Froen ëm d’Sécherheet am Verkéier gesuergt.

Mëttelfanger an der Chamber
De wuel bizaarsten Ament dës Woch war, wéi d‘Myriam Cecchetti, d’Deputéiert vun déi Lénk um Krautmaart dem LSAP-Deputéierten Dan Kersch de Mëttelfanger gewisen huet. Deen hat dës Reaktioun provozéiert, well hien der Politikerin reprochéiert huet, Saachen ze behaapten, déi net stëmmen an dat géing dovu kommen, dass si hir Rieden net selwer géing schreiwen. Méi spéit huet d‘Myriam Cecchetti sech fir de Geste entschëllegt

Internationale Fraendag
E Mëttwoch war Weltfraendag an dowéinst waren an der Stad e puer honnert Leit fir de Fraestreik op de Stroossen. Och wann europawäit gekuckt zu Lëtzebuerg Frae pro Stonn wuel liicht méi verdéngen wéi d‘Männer, wier dat op e Joer gesinn nees ganz anescht a besonnesch bei de Pensioune sinn d‘Frae weiderhin staark defavoriséiert.

Fraen: Just theoretesch gläichberechtegt?
Där Fro si mer am Kloertext mat véier Fraen aus allen Alterskategorien nogaangen. Fir si ass et kloer, datt d’Fraerechter keen Acquis sinn an dat een dofir weider kämpfe muss. An der Politik missten d’Strukturen dann och geännert ginn, fir datt méi Frae sech kënnen engagéieren, esou eis Invitéeën

Historesch drëtt Mandatsperiod
Nodeem de chineesesche President 2018 d’Limitatioun vun der Amtszäit ofgeschaaft huet, gouf hien e Freideg fir eng 3. historesch Mandatsperiod confirméiert, dat fir weider fënnef Joer.

Enkpäss bei Medikamenter
Eisen Invité vun der Redaktioun Alain de Bourcy hätt “ni geduecht, datt esou eng Situatioun kënnt”. Esou huet de de President vum Apdikter-Syndikat dorobber reagéiert, datt verschidde Medikamenter aktuell net oder just begrenzt am Grand-Duché ze kréie sinn. Sollt d’Situatioun sech awer nach verschlëmmeren, misst him no d’Politik agräifen.

Rouden Teppech war gëschter
Bei den Oscaren wäert d’Promien dëst Joer ganz géint d’Traditioun iwwert net iwwert e rouden, mä e beigen Teppech lafen. Dës Faarf wier u Schampes ugeleent a wier de Akademie no “méi glamouréis”. Iwwregens ass mat “La valise rouge” och e Film vun engem Lëtzebuerger an der Kategorie vum beschte “Kuerzfilm” nominéiert. Ob dann eng vun de berüümte Statuen de Wee op Lëtzebuerg fënnt a wie soss nach alles ofraume kann, gitt der an der Nuecht op e Méindeg gewuer.

Neies iwwer Nord-Stream-Explosiounen
An der Nuecht op de 26. September gouf et an der Nordsee Explosiounen un der Pipeline vun Nord Stream. Nodeem et séier géigesäiteg Scholdzouweisunge gouf, féiert déi neiste Spuer an d’Ukrain. Däitsche Medien no wiere 6 Ukrainer mat gefälschte Päss an enger gelounter Yacht op d’Mier gefuer, fir hei béid Pipelinen ze sabotéieren. Dës Infoen hätte westlech Geheimdéngschter awer scho méi laang gehat.

Flott Landschaft a vill Verkéierschaos

E Mëttwoch war et zu Lëtzebuerg nees esou wäit, et sinn eng Handvoll Flacke Schnéi, ausser am Norden war et vill méi, gefall an op ville Plaze goung et am Trafic quasi net weider. Tëscht 7 an 12 Auer goufen dem CGDIS ganzer 80 Accidenter gemellt. Mä de kuerze Schnéi hat awer och fir verschidde flott Impressioune gesuergt.

Grouss a kleng Filmer och zu Lëtzebuerg
De Luxfilmfest huet op internationalem Niveau ëmmer méi Succès. Dëst Joer koumen esouguer esou vill Proposen eran, datt d’Jury Filmer huet misste refuséieren. Déi ganz lescht Woch ware mir ëmmer nees mat dobäi an hu vill Reaktiounen an Impressiounen agefaangen.

Back to Top
CIM LOGO